Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Crown

Seriekritik

The Crown

Eng vun den opwännegste Serien ass "The Crown" vum Peter Morgan. D'Lara Bousch huet déi rezent drëtt Staffel gesinn.

auto_stories

5 min

Eng Fra gëtt Kinnigin, ouni datt dëst virgesi war. D'Elizabeth Alexandra Mayfair ass am Haus Windsor gebuer. Wéi si zéng Joer al war, ass hire Monni vum Troun abdiquéiert. Deemno war hire Papp op emol Kinnek an si d'Nofollgerin.

An enger Männerwelt

Mat 26 Joer gëtt d'Elizabeth dunn zur Kinnigin vun enger vun de gréisste Monarchien op der Welt gekréint. Et ass d'Joer 1952 a et sëtzt fir d'éischte Kéier zanter laangem eng Fra um Troun. D'Claire Foy, déi dës Fra an den zwou éischte Staffele spillt, huet fir dës Roll de britteschen Academy Award, den Emmy Award, de Golden Globe Award an nach eng Rëtsch weider Präisser gewonne fir déi beschten Haaptroll.

Si spillt eng Fra an enger Männerwelt, déi nach ni gären am Mëttelpunkt stoung. Si ass an hirem Verständnis Schwëster, Fra, Mamm an awer och vu Gott auserwielt fir hirem Land ze déngen.

Ee grousse Budget

Dëse Rëss an hirem Liewen, an hirer Perséinlechkeet, stëllt d'Serie "The Crown" duer. D'Serie ass mat 80 Milliounen Dollar Budget fir déi éischt Staffel eleng déi zweet deierste Serie, déi Netflix bis elo produzéiert huet. Net nëmme goufen d'Dekoren an historesch Ëmstänn, oder de royalen Zuch, esou getrei wéi méiglech nogestallt. Souguer e spezielle Sproochecoach huet de Schauspiller gehollef, déi genee Aussproch vun der Queen, hirem Mann, dem Winston Churchill an den anere bekannte Charakteren ze studéieren.

Bei esou vill Detail a Contraintë fir d'Schauspiller kéint ee bal fir hir Performance fäerten. Mee et ass e Genoss ze gesinn, datt d'Schauspiller am ganze Pomp net ënnerginn, mee hir Charakteren detailléiert a staark droen.

Ee Bléck hanner d'Kulissen

D'Claire Foy spillt mat Finess de Rass an hirer Perséinlechkeet, wéi si zéckt an dann erëm ganz bestëmmt optrëtt. De Produzent Peter Morgan, deen och Auteur vun der Serie ass, bréngt et fäerdeg d'Personnagen an hirem Snobismus ze weisen, ouni datt et lächerlech wier oder ze beurteelen. Si gehéieren einfach zu enger anerer Welt, wat net bedeit, datt dës Welt net och seng Affer freet.

"You are my wife or my queen.

- I am both and a strong man would be able to kneel to them.

- I will not kneel before my wife

- Your wife isn't asking you to.

- But my queen commands me.

- Yes.

- I beg you make an exception for me.
- No."

D'Serie "The Crown" konzentréiert sech net nëmmen op d'Liewe vun der Queen. Et bléckt een hanner d'Kulisse vu ville Situatiounen, an deenen d'Kroun eng Roll gespillt huet. Dëst betrëfft politesch Ausernanersetzungen, ekonomesch Krisen oder international Bezéiungen. Getrei dem Motto vun der Kroun: sech net amëschen, neutral bléiwen. Stabil ze wierken, sech dem Déngscht um Land ënnerzeuerdnen, och wann dëst der Queen no déi schwéiersten Aufgab iwwerhaapt wier.

Keng einfach Aufgab

Datt d'Charakteren net nëmmen hir Roll als Duke oder Queen representéieren, mee och als Mënschen ze gesi sinn, ass ee vun den éischten Attraite vun der Serie. Wie wollt net schonn ëmmer wëssen, wéi dës Mënsche gelieft hunn? Ob si glécklech waren an hire Palaisen? A wat fir eng Roll si bei groussen historeschen Evenementer, wéi zum Beispill dem Zweete Weltkrich, gespillt hunn.

De Peter Morgan geet dofir no u seng Charakteren erun, bis op speziell Episoden, déi hir Kandheet weisen. Hie weist och ganz kloer, wéi e Gewiicht den Déngscht duerstellt, an dee si eragebuer ginn. Si sinn net fräi ze wielen, wéi si hiert Liewe verbréngen. Sou ass de Personnage heiansdo kleng a verluer, a Biller déi gefëllt si vu Statuen, Sailen, Molereien an Teppecher. De Kontrast tëschent hirem Eidel si bannendran an dem äussere Pomp ass gutt gelongen.

Dramatik a Suspens

Allen an allem ass d'Serie "The Crown" eng Mëschung aus Suspens, Dramatik, emotionalem Vide an enger Prise engleschem Humor. Bei Dramatik a Suspens natierlech esou vill wéi d'Politik et zouléisst. Um Haff gëtt et keen Drama, net no bausse jiddefalls.

Wien net méi weess, wat e kucke soll fir d'Zäit erëmzekréien, ass bei dräi Staffele mat allkéier zéng Episoden a 50 Minutten+ pro Episod eng Zäit beschäftegt. Betoune muss een, datt déi nei Saison, déi dësen November erauskoum, mat engem komplett neie Cast besat ass. D'Queen gëtt gespillt vun der Olivia Coleman, och bekannt aus der Serie "Broadchurch".

Virun allem bei der Queen hirer Schwëster, der Margaret an hirem Mann Phillip, muss een sech staark ëmgewinnen. Si gi vun der Helena Bonham Carter och bekannt als Bellatrix Lestrange aus "Harry Potter" an dem Tobias Menzies, bekannt aus der Serie "Outlander", gespillt. Grond fir de Castwiessel ass, datt déi drëtt Staffel méi spéit am Liewe vun der Queen spillt an d'Personnagen deemno och méi al solle sinn.

Och wann d'Schauspiller eng gutt Leeschtung liwweren, fänkt déi drëtt Staffel un ze ermidden. Déi bedeitungsschwanger Musek, déi mindestens eng Zeen pro Episod ënnermoolt, gëtt da spéitstens redundant. Et wënscht ee sech och hei, datt d'Produzenten erkennen, wéi een eng Serie geneesou staark ophält, wéi ee se ufänkt.