Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The Florida Project"

Filmkritik

"The Florida Project"

Et gëtt kee richtegt Liewen am falschen, huet den Adorno viru ronn 70 Joer geschriwwen. Heiansdo muss d'Notioun vu richteg a falsch ganz einfach ausgeklammert ginn. Grad wann et ëm d'Liewen oder esouguer d'Iwwerliewe geet. Las Vegas, Nevada ass esou e soziopoliteschen Artifice, dee just aus verdréint kapitalistesche Motivatiounen existéiert. Deen huet am Kino awer schonn dacks als Kuliss higehalen. An zwar net just als geographesch, mä och als psychologesch.

auto_stories

3 min

Anescht ass et am Disneyland am amerikanesche Florida. Ënnert dem Walt Disney huet dat éischt Disney Land zwar schonn an de 50er d'Dagesliicht erbléckst, mä de Komplex a Florida ass deen haut wäitaus emblemateschsten. 15.000 Hektar grouss, 40 Milliounen Visiteuren d'Joer - deen alen Disney hat d'Iddi, d'Liewe ronderëm seng Parke profitéieren ze loossen. Vum communautaire Projet bleift Joerzéngte dono net vill iwwereg, respektiv war nach ni vill do.

Eng gro, batter Realitéit

Dat weist op alle Fall "The Florida Project", deen zweete Film vum "Tangerine"-Realisateur Sean Baker. Hien huet fir säi Film eng identitéitsfräi Landschaft als Setting, eng falsch Banlieue vun enger falscher Groussstad souzesoen, déi just lieft an iwwerlieft, well et dee Park gëtt. Vun enger soziologesch-ekonomescher Autonomie kann hei net Rieds sinn. Op de Stroosse fuere permanent Autoen, Helikoptere fléie reegelméisseg duerch d'Loft, wäit ewech knuppt all Owend Freedefeier a laanscht Stroosse reie sech hell, faarweg Hotelsgebaier - giel, blo a rosa - mat Nimm, wéi Magic Castle a Futureland, déi hannert de Maueren awer gro batter Realitéite weisen.

Eng grouss Zuel vun de Gäscht si permanent Residenten, déi um Existenzminimum liewen an iergendwéi musse kucken, datt si iwwert d'Ronne kommen. Mat, mä och wéinst Disney World. An deem hell-däischtere Misär hunn d'Kanner grad Summervakanz a loosse sech dagan, dagaus an där Landschaft dreiwen. Aner Residente ginn terroriséiert, et gi sech Glacen organiséiert, si ginn op Safari a gi Kéi kucken, demoléiere verloossen Haiser a maache sech net ze vill e Kapp. Mat virop dat kléngt Moonee mat sengen zwee Frënn Scooty an Jancey. Dës Kanner wunne mat hire Mammen am Hotel, an deem dem Willem Dafoe säi Portierspersonnage, de Bobby, versicht Uerdnung ze hunn.

De Film ass clever genuch, fir aus där Figur kee Pappepersonnage ze maachen, an awer weist hien eng Empathie, déi et onméiglech mécht, hie just als Autoritéit wouer ze huelen. Genee wéi d'Halley, dem Moonee senger Mamm. Mä d'Helde vum Film sinn d'Kanner. Mat virop dem sechs Joer jonke Brooklyn Prince. Ënnert der Leedung vum Sean Baker, deen elo fir d'zweete Kéier beweist, wéi respektvoll an éierlech hie modern Bas fonde portraitéiere kann, ass d'Kand op e Level Jean-Pierre Léaud Anno "Les 400 coups" ze stellen. Kraaft, Natierlechkeet, Emotioun a Selbstverständlechkeet gi bei deem Meedchen Hand an Hand.

Verschiddenen däerft d'Story ze dënn sinn, "The Florida Project" däerf éischter als Momentopnam vun engem Portrait vun engem Milieu gesi ginn, deen esou an där Form net all ze dacks, wann iwwerhaapt, gewise gëtt. Op d'Aarbechte vum Harmony Korine kann ee weisen, mä Amerika am Joer 2017/18 brauch e Realisateur wéi de Sean Baker, dee bei all Misär a Hoffnungslosegkeet awer d'Dignitéit vu senge Protagonisten oprecht erhält an de leschte Fonke Schéinheet an de Virdergrond stellt. "The Florida Project" ass deen éischte cinematographeschen Héichpunkt vum neie Kinosjoer.