Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Irishman vum Martin Scorsese

Filmkritik

The Irishman vum Martin Scorsese

De Martin Scorsese huet déi lescht Wochen a Méint vu sech schwätze gedoen, well en ëmmer nees méi oder manner schlecht iwwer Superheldefilmer geschwat huet. Dat soll elo net Thema op dëser Plaz sinn, well de Meeschter vum amerikanesche Kino huet en neie Film realiséiert. E Gangsterfilm mine de rien. Fir Netflix. Mat engem Casting, dee sech gewäsch huet ass The Irishman elo op der Streamingplattform disponibel.

auto_stories

4 min

De Robert De Niro an den Joe Pesci, 76 Joer. De Martin Scorsese, 77 Joer. An den Al Pacino, 79 Joer. Laang ass et hir. Den De Niro an de Pesci hu sech vir d'lescht virun 13 Joer den Ecran gedeelt, mam Scorsese viru bal 25 Joer zesumme geschafft an aus iergendengem Grond huet de Pacino bis dato nach ni mam Meeschter Scorsese virun der Kamera gestanen.

Netflix sief Merci gesot, dat all déi Leit nees zesummen- , respektiv zouenaner fannen. Ganz am Stil vu We're getting the band back together. Fir The Irishman huet sech et kee lompe gelooss. D'Produktioun huet 200 Milliounen Euro geschléckt an de Film dauert - générique de fin inclus - bal dräi an hallef Stonnen.

Klengkrimineller a Gewerkschaftler

Dës Epopée, déi The Irishman wëllt sinn, erzielt engersäits d'Geschicht vum Frank Sheeran, dee vum Klengkriminellen zur rietser Hand vum Mobsterboss vu Philadelphia gëtt, anerersäits ass et d'Geschicht vum Jimmy Hoffa, Chef vun enger vun deene gréisste Gewerkschaften an den USA. Natierlech treffen déi zwee - de Sheeran ass vum De Niro incarnéiert, de Pacino spillt den Hoffa - openaner a gi mat der Zäit Kolleegen. Vertrauten.

An den USA ass de Syndikalist Jimmy Hoffa e bekannten Hond. Seng Notorietéit war eng Zäit op mannst esou grouss, ewéi déi vum President oder vum Elvis. De gudde Mann, deen net just nëmme vum Robert Kennedy gejot ginn ass, hat mam Sheeran - mee net nëmmen - Lienen mat der Cosa Nostra an huet sech un der Gewerkschaftskees beräichert. En huet ville Leit iergendwann net méi gepasst an ass Mëtt de 70er einfach verschwonnen. Wat an den USA grouss mediatiséiert ginn ass. De Scorsese erzielt alles dat.

D'Thematik ass näischt Neies

Eng Geschicht, déi de Meeschter vum amerikanesche Kino vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert mat lénks scheinbar realiséiere kann. Mee well Joren a Jore keen de Film wollt finanzéieren huet de Realisateur sech zu Netflix gedréint a krut technesch a finanziell Carte blanche.

De Film huet awer e Problem. An dat ass, dat de Realisateur vun enger Handvoll vun deene wichtegste Gangsterfilmer, voir iwwerhaapt Filmer hei zwou an hallef Stonnen eng Storyline zum Liewen erwäche léisst, déi all Cinéphil in an auswenneg kennt. De Rise and fall vu charismatesch incarnéierten, mee soziopathesche Mafiosien, inklusiv de Läichen, déi sech laascht hirem Wee usammele sinn alles Terrain connue.

Foto: IMDb

Verstitt mech net falsch, all Realisateur widderhëlt sech. A gleeft mer, et freet ee sech ewéi e kléngt Kand, Joe Pesci a Robert De Niro nees zesummen an engem Scorsese Film ze gesinn. Mee iergendeppes stëmmt net.

Vläicht ass et de formelle parti pris, d'Haaptprotagonisten duerch Effekter ze verjéngeren. Effekter, déi zwar d'Gesiichtspartien tatsächlech verjéngeren, mee dofir dee jonke Sheeran net ausgesi loossen ewéi den De Niro Anno Mean Streets. Et befënnt ee sech am uncanny valley, an deem ee jee no Laun dem parti pris gleeft oder net. Well och wann d'Gesiichter entre guillemets jonk sinn, d'Kierperen an d'Beweegunge sinn awer weiderhin déi vun Hären am drëtten Alter.

Foto: IMDb

De Rhythmus an d'Kameraaarbecht, déi nach am Wolf of Wall Street nach op Kokain 100.000 war, gëtt hei lues an traapeg. An et versteet een eréischt an der leschter, tatsächlech da grousser Stonn vum Film, firwat. De Scorsese versicht sech hei gläichzäiteg a sengem Mmagnus opus an an engem Schwanengesang op säi Genre. De Genre vum Gangsterfilm. Deen epesche Volet an däer leschter Stonn hätt sollen d'Kärstéck, d'Häerz vum Film sinn.

Foto: IMDb

Ech widderhuelen, verstitt mech net falsch, et ass e Genoss all déi Gréissten an eppes ze gesinn, wat hinnen net egal ass. Ech hiewen esouguer de Pacino ervir, deen zwar eng iwwerhéichten, gläichzäiteg nuancéiert Prestatioun ofgëtt.

Mee d'Hysterie vum Festivalscircuit kann op dëser Plaz net gedeelt ginn. D'Dramaturgie ass eng alles anescht ewéi iwwerraschend oder aus engem aneren Angle erzielt an dofir ass The Irishman ze laang. Vill ze laang. A gleeft mer, 3 an hallef Stonne Film kënnen am Näischt verfléien. Mee trotz allem bleift The Irishman ze recommandéieren.