Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laachen iwwer sexualiséiert Gewalt?

Humor

Laachen iwwer sexualiséiert Gewalt?

Am Kader vum Festival "Humour pour la Paix" huet d'US-Amerikanerin Adrianne Truescott an hirer One-Woman-Show Witzer iwwer Vergewaltegung gemaach. Si entlarvt mat hirem hallef plakegen Optrëtt d'Heuchlerei ëm sexualiséiert Gewalt géint Fraen.

Valerija Berdi / ys

auto_stories

3 min

Eng Jeans-Jackett, knallrout High-Heels an eng laang blond Paréck. Soss huet d'Adrienne Truscott näischt un. Mat hirem provokanten Outfit wëll si deem wäit verbreede Viruerteel entgéintwierken, datt Frae Vergewaltegungen duerch hire Kleederstil géife provozéieren, a selwer Schold wären, wa si ugegraff géife ginn.

Anti-Macho Attitude

Et hätt ee sech e peinleche Moment erwaarde kënnen, wou déi hallefplakeg Kënschtlerin den 20. Februar mat enger Béchs Béier op d’Bühn vum Neimënster getrueden ass. Awer déi eenzeg, déi e bësse veronséchert gewierkt hunn, waren e puer Männer an der éischter Rei. D'Adrienne Truscott huet si gefrot, ob si fräiwëlleg an alleng komm wären.

D'Iddi, fir eng Show iwwer d'Thema vun der Vergewaltegung ze maachen, ass der Performerin bei Gegecks mat Frëndinne komm. Si hu sech iwwert d’Argumenter vu Männer, déi an dëser Form vu Gewalt nach ëmmer e Kavaléiersdelikt gesinn, lëschteg gemaach. Argumenter, déi eng Vergewaltegung erklären, rechtfertegen oder verharmlose wären einfach absolut ridicule, mengt d’Adrienne Truscott.

Net sexy, mee lächerlech

An dofir d'Iddi an dësem Outfit opzetrieden: "Et ass net sexy. Ech gesinn aus, wéi een Idiot. Et mécht mech lächerlech. Wann ech ganz plakesch wär, géif ech vläicht staark ausgesinn oder méi wéi an der Konschtgeschicht." Duerch hiren Outfit kéint ee mengen, datt si sech géif vulnerabel fillen. Awer dee Moment, wou si op der Bühn wär, wären all déi aner Leit vulnerabel. "An ech hunn d'Kraaft. Obwuel ech plakesch sinn."

Am allgemenge wären d'Reaktiounen op hir Performance positiv. D’Adrienne Truscott seet, vill Spectateure géifen hir E-Maile schécken, well si sech duerno weider mam Sujet beschäftegen. "Heiansdo kommen och Leit no der Show bei mech, a mir hunn intensiv Diskussiounen. Och Affer vu sexueller Gewalt. Awer ech krut ni schlecht Reaktiounen. Et gi bestëmmt Leit, déi mech net witzeg fannen. Awer déi sinn ze feig, fir mat mir schwätzen ze kommen."

Och wann et an hirer Performance vill ze laache gouf, ass di sexualiséiert Gewalt géint Frae fir d'Adrienne Truscott alles anescht wéi e lëschtegt Thema.

Witzer iwwer Vergewaltegung?

D'Verharmlose vun der Vergewaltegung an amerikanesche Comedy-Sendunge war de Grond fir 15 Fotoe vun amerikaneschen Entertainer an hir Presentatioun anzebauen. Gesiichter vu Männer, déi an hiren Emissioune Witzer iwwer Fraen, di Affer vu sexualiséierter Gewalt gi sinn, gerappt hunn an de kriminellen Akt bagatelliséieren.

Verschiddener vun dëse waren awer guer net amused, an hu gefrot, datt d'Adrienne Truscott hire Portrait sollt ewechhuelen. "Dobäi huet hien de Witz gemaach. Wann ee mech freet, firwat ech ee Witz iwwer Vergewaltegung gemaach hunn, kennen ech d'Äntwert. An ech maachen de Witz och weider."

Mat Humor dem Misère an den Ongerechtegkeete vun der Welt entgéinttrieden ass an de leschte Joere praktesch eng Flicht ginn. Di amerikanesch Performerin seet: "Heiansdo hunn ech d'Gefill, datt Humor déi lescht Membran virum Wahnsinn ass."