Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Magnificent Seven, kee "magnificent" Western

Wëlle Westen

The Magnificent Seven, kee "magnificent" Western

Et ass bal 50 Joer säit dem Film mam Steve McQueen a Yul Brynner hir. Elo schécken Hollywood an den Antoine Fuqua aus Manktem un Imaginatioun den Denzel Washington a sechs weider Revolverhelden am "The Magnificent Seven" Remake an de Wëlle Westen, fir eng ganz Stad virum Béisen ze retten.

auto_stories

3 min

Foto: Metro-Goldwyn-Mayer Pictures Inc. and Columbia Pictures Industries

De Genre vum Westernkino ass nieft dem Jazz déi eenzeg Konschtform, déi een als wierklech amerikanesch klassifizéiere kann. De Western ass esou amerikanesch, datt déi franséisch Filmkritik an hirer grousser Zäit den Terme vum "plan américain" salonfäeg gemaach huet. Dëse Plang war zwar net exklusiv op de Western gemënzt. E gëtt awer am léiwsten esou beschriwwen, datt een de Personnage esou an d’Bild setzt, datt een d’Pistoul gutt ka gesinn. Den Howard Hawks war dee Meeschter vun dësem Plang.

De Westernfilm ass esou amerikanesch, datt am Italien vun den 1960er Joren eng ganz Filmbeweegung opkomm ass, déi Dekonstruktioun an Hommage gläichzäiteg war: Den Italowestern. An dann d’Winnetou Filmer ... Tatsaach ass, datt de Western am zäitgenëssesche Kino zimlech rar geséint ass. A well dat esou ass, freet ee sech op esou Filmer wéi "The Magnificent Seven" vum Antoine Fuqua.

Ee problematesche Film

De Realisateur bréngt e Cast aus allen Häre Länner a Faarwen zesummen. Vir un der Spëtzt steet säin acteur-fétiche, den Denzel Washington. D’Geschicht ass bekannt a séier erzielt: De Peter Sarsgaard terroriséiert eng kléng Stad am Wëlle Weste fir un d’Goldressourcen ze kommen. Déi eenzeg Fraeroll vum Film trëtt un den Denzel erun, fir net nëmmen hire Mann ze rächen, mee virun allem d’Stad aus de Fäng vum Béisen ze retten.

Lues a lues trommelt de Washington seng sechs Acolyten zesummen, fir sech am finale Showdown ronn 200 Mann ze stellen. Esou einfach, esou efficace. De Film ass duerchaus kuerzweileg. An awer muss op mannst op ee grondsätzleche Problem opmierksam gemaach ginn. 2016 kann ee ganz einfach keen esou e Western méi maachen!

Net iwwerzeegend

Bei alle Genrereferenzen, mat deenen de Film vu vir bis hanne gespéckt ass, brauch e Western am Joer 2016 entweder ee Post- oder Metatwist, wéi am Tarantino sengem "Django Unchained" oder "The Hateful Eight". Oder et ass een enttäuscht a seent sech entweder no engem Kino, deen et a senger Puritéit net méi gëtt - oder no engem romantiséierte Gefill vun Amerika, dat et esou iwwerhaapt guer net ginn ass.

Dem Fuqua säi gréisste Makel ass, datt hien all d'Coden vum Genre vum Esprit hir falsch rekreéiert. Aus engem glasklore Showdown mécht hien zum Beispill een éiweg laangen drëtten Akt, eng Mëschung aus "Die Hard" an "Home Alone" mat Cowboyhitt. Et ass dem Denzel, Chris Pratt, Ethan Hawke a Co, alleguerten hallef gebaakte Personnagen, ze verdanken, datt dëse Film net komplett u Bluttaarmut versickert.