Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The man and the sea"

De Marco Godinho zu Venedeg

"The man and the sea"

Tëschent Mee an November 2019 ass déi 58. Editioun vun der Konschtbiennale vu Venedeg. An et ass déi éischte Kéier, datt e Kënschtler vu Lëtzebuerg säi Wierk net isoléiert an engem Lëtzebuerger Pavillon um Kanal presentéiere wäert, mee matten am Haaptausstellungsareal Arsenal. Am Juni hat e Jury de Marco Godinho als Representant fir de Grand-Duché selektionéiert. Elo huet de portugisesch-lëtzebuergesche Konzeptkënschtler am Casino Lëtzebuerg säi Projet presentéiert.

auto_stories

2 min

"Forever Immigrant" war net just e Konschtprojet vum Marco Godinho, hien ass de "forever Immigrant". A Grozonen, Tëschestatiounen, an engem Flou artistique am positive Sënn fillt hie sech besonnesch wuel. Hien hëlt sech Zäit a Raum fir ze observéieren, sech ze verléieren, seng Constate mat Mënschen ze deelen, déi am Alldag keng Plaz fir déifgrënneg Iwwerleeungen hunn.

D'Reese fléisse mat an

Zanter enger Rei Jore schafft hien un enger subjektiver, well perséinlecher Kartographie fir seng Plaz ze fannen. All seng Erfarungen aus de leschte Joren, seng Reesen, sief et op Beirut oder Lampedusa, Expoen zu Montreal oder Lyon, Residenzen zu Venedeg oder Taipei, fléissen a säi Projet fir de Venedeg-Pavillon mat an: Dat Flout, dat Vergänglecht gëtt nach duerch den Titel vum Venedeg-Projet ënnerstrach.

Zentrum vum Projet ass d'Aarbecht "Written by Water": op der Sich no den Erzielunge vum Mier, no Geschichten, déi do zum Beispill ënnergaange sinn, déi Mënsche mam Ozean gedeelt hunn, ass de Marco Godinho zanter 2013 ni ouni eidele Carnet bei d'Mier gaangen. D'Hefter huet hien ënner Waasser gezappt an d'Welle souzesoe schreiwe gelooss.

Verschlësselt Messagen

Un eis d'Messagen zu Venedeg ze dechiffréieren. Beim Videoprojet "Left to their own fate" huet de Kënschtler säi Brudder, de Schauspiller Fabio Godinho, gefilmt, wéi hien dem Mier op verschiddenen emblematesche Küsten, zum Beispill zu Gibraltar, Schlësseltexter souzesoen affert, also an d'Welle gehäit.

D'Aarbecht "See another sea" wäert um Enn vun esouvill Gedichter wéi Ausstellungsdeeg bestoen, "Water of life" designéiert e gliesene Bokal mat Alkohol, an deem eng gedréchent "Jujubé", eng asiatesch Dattelaart, sech während der Biennale vollsuckelt, fir sech um Enn fir déi gutt Gesondheet vun de Visiteuren hierzeginn.

Kéint de Kevin Muhlen, den Direkter vum Casino Lëtzebuerg a Curateur vum Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg, schonn éischter eng Schlupp gebrauchen? Zemools mam Marco Godinho, sou de Kevin Muhlen um Enn, well Direkter an Artist zanter Joren en etlech Projeten, Aventuren, jo Deambulatiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland verbannen.