Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Man In The High Castle - Philip K Dick

Buch-Tipp fir de Summer

The Man In The High Castle - Philip K Dick

Firwat net emol e Klassiker liesen? E Klassiker vun engem vun de renomméiertsten amerikanesche Science-Fiction Auteure vum 20. Joerhonnert. Genee an där Optik proposéiert de Yann Logelin Iech dem Philip K. Dick säin "The Man In The High Castle" als Buch-Tipp fir de Summer.

auto_stories

4 min

E Roman, dee knapp 350 Säite laang ass an zu de fréie Pärele vum amerikanesche Science-Fiction Auteur Philip K Dick gehéiert. Den Numm seet vläicht net direkt all Mënsch eppes, mee de Philip K. Dick huet mat de Virlagen zu "Blade Runner", "Total Recall" oder "Minority Report" a sengem 53 Joer kuerze Liewe Wierker hannerlooss, déi an de leschte 40 Joer mat hire respektive Verfilmungen zu de ganz grousse Blockbuster vum Hollywood-Kino gehéiert hunn.

"The Man In The High Castle" gouf net fir groussen Ecran verfilmt, mee als Amazon-Serie 2015 lancéiert a wäert am November elo an hir véiert a leschte Saison goen. Genee dat war och de Grond, firwat ech mech decidéiert hat an dësem Summer déi literaresch Virlag ze liesen, mat där de Philip K. Dick 1963 och den Hugo Award, ee vun de bedeitendste Science-Fiction Literaturpräisser gewanne konnt, dobäi ass "The Man In The High Castle" u sech keng richteg Science-Fiction gewiescht, mee e Roman, dee seng Geschicht an enger alternativer Timeline erzielt.

Eng Alternativ zu eiser Geschicht

"The Man In The High Castle" spillt an de fréien 1960er, déi awer ganz aneschters si wéi déi 1960er, déi eis geschichtlech iwwerliwwert sinn. 1933, kuerz nodeems hien amerikanesche President gouf, ass de Franklin D. Roosevelt engem Attentat zum Affer gefall. Säi Successeur war schwaach, an esou koum et wéi et huet misse kommen, net déi Alliéiert, mee Nazi-Däitschland an déi aner Achsemuechten hunn den Zweete Weltkrich gewonnen, deen, an der beschriwwener Realitéit, bis 1947 gedauert hat.

D'Konsequenz dovunner war, datt sech Däitschland a Japan d'Welt, an notamment d'USA, opgedeelt hunn. Den Oste vun den USA gëtt vun den Nazie kontrolléiert an administréiert, d'Westküst ass ënner japanescher Kontroll an dertëschent gëtt et mat de Rocky Mountain States e soi-disant neutrale Pufferstaat.

Eng Alternativ zur Alternativ

D'Geschicht, déi de Philip K. Dick a sengem Wierk aus dem Joer 1962 verzielt, spillt zum groussen Deel an de japanesch dominéierte Pacific States of Amerika an deels och an de Rocky Mountain States. Hei lieft mam Auteur vum Buch "The Grasshopper Lies Heavy" och e Mann, deen a sengem Buch eng alternativ Realitéit beschreift, an där d'Amerikaner de Krich gewonnen hunn. Dëst Buch ass, an deenen Deeler vun der Welt, déi vun den Nazie kontrolléiert ginn, verbueden, an de japanesch kontrolléierten Deeler toleréiert an ënner der Hand en absolute Bestseller.

Dëst Buch an d'Geschicht, déi heiranner gezielt gëtt, ginn awer genee esou bäileefeg am Philip K. Dick sengem Buch ernimmt wéi déi alternativ Realitéit, an där dem amerikaneschen Auteur säi Roman aus dem Joer 1962 spillt.

Ënnerschiddlech Personnagë spillen d'Haaptroll

D'Haaptroll am Buch spillen e Grapp voll Leit aus ënnerschiddleche soziale Schichten, deenen hire Liewenslaf sech, méi oder manner zoufälleg, a méi oder manner intensiv, iwwerschneit. Et sinn hir Geschichten, déi d'Buch droen. Et léiert een no an no de Chef vun der japanescher Handelsmissioun, säi léifsten Antiquaire, e jiddeschen Handwierker, dee, fir d'éischt traditionell amerikanesch Vollekskonscht fälscht an duerno Bijoue produzéiert, dem Handwierker seng Ex-Fra kennen, en Nazi-Terrorist an e Resistenzler, deen zwar net direkt probéiert den Nazi-Regimm ze stierzen, mee deen op d'mannst verhënnere wëllt, datt dem Hitler seng Ierwen nach méi Territoire vun der Welt ënner hir Kontroll kréien.

D'Liewe vun dëse respektive Persounen, mat hirem ganz ënnerschiddleche soziale Standing an ethnesche Background, gëtt vum Dick op eng onspektakulär Manéier beschriwwen an erzielt. Hie bréngt et awer fäerdeg ëmmer nees Gedankegäng vun de respektive Protagonisten esou a säi Buch ze verflechten, datt et engem deels kal de Réck erofleeft.

E villschichtegen, mee keen einfache Roman

En einfache Roman ass "The Man In The High Castle" sécher net, well den Dick sech decidéiert hat, déi eenzel Handlungssträng parallel nieftenee lafen ze loossen. Verknäppt sinn d'Personnagen duerch Zoufäll, d'Orakeltechnik vum "I Gong" an duerch d'Buch "The Grasshopper Lies Heavy", dat déi eenzel Protagonisten am Buch ëmmer nees, wann och raimlech, ethnesch an ideologescht getrennt, zesummebréngt.

Et ass och e Roman, dee mat sengem Schluss villes opléisst, andeem parallel Realitéiten op méi wéi just engem Niveau beschriwwe ginn, an andeem ee sech als Lieser permanent Froe stelle kann a muss.

Et ass villschichtege Roman, e Roman, deen op seng Manéier e Meeschterwierk ass, awer eent, wat sécher net all Mënsch begeeschtere kann, well vill Froen opbleiwen, vill Méiglechkeeten ugedeit a schlussendlech net konkretiséiert ginn. Et ass e Roman, op deen ee sech aloosse muss, an deen een iwwer d'Lecture eraus beschäftege wäert, wann een dann domat duerch ass.

Fir mech e Meeschterwierk vun engem Mann, deen duerch seng enorm Kreativitéit vill Utopien an Dystopie geschafen huet, déi wäit iwwer säin Doud eraus Lieser, Cinephilen a Leit, déi gären emol nodenken, ze begeeschtere weess.