De Ian de Toffoli, d'Lisa Kol an d'Elsa Rauchs hu sech hei an eng impressionnant Aventure mat hirer Ëmsetzung vun der Fro no der Fräiheet lancéiert. Dobäi ass eppes entstanen, deem een u sech keen Numm kann drop setzen. Ass et Theater? Eng Installatioun? Eng Performance? Dat alles? Oder näischt dovun?
Déi dräi Kënschtler hunn hiert Wierk am Hierscht an der kroatescher Stad Rijeka gewisen, haut den Owend gëtt de Kasemattentheater an den Niwwel gesat.