Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The Post" - Eng Geschicht, déi dreet sech ze widderhuelen

Filmkritik

"The Post" - Eng Geschicht, déi dreet sech ze widderhuelen

De Steven Spielberg an den Donald Trump sinn allen zwee 1946 gebuer. Aner Gemeinsamkeeten hu si wuel kaum. Den neie Spielberg Film "The Post" dierft eng Bréck tëscht deenen zwee Personnage schloen. "The Post" däerf als eng Zort Prequel zum Film "All The President's Men" verstane ginn.

auto_stories

4 min

Nom George W. Bush sengem éischten Term als U.S. President huet Hollywood versicht, sech, stellvertriedend fir eng grouss Partie vun de Vereenegte Staaten, vum Schock z'erhuelen. Et gouf politesch motivéierte Kino op de groussen Ecran bruecht. Filmer wéi "Syriana" vum Stephen Gaghan, "Good Night and Good Luck" vum Clooney a "Munich" vum Spielberg koumen eraus.

De Spielberg hat mat sengem Film d'époque "Munich" eng scho bal hoffnungslos Aarbecht ofgeliwwert. De Film stellt d'Mossad-Aktivitéiten no den Evenementer vun den Olympesche Spiller 1972 an de Virdergrond. Gewalt als Reaktioun op Gewalt: Mam direkten Hannergrond vun zwee Kricher als Reaktioun op den 11. September krut "Munich" deemools eng aktuell politesch Dimensioun.

Eng vill méi politesch Aktualitéit

Knapps iwwer 12 Joer duerno inspiréiert och d'Presidentschaft vum Trump de Steven Spielberg. Et entsteet en ähnlech Dialog-lastege Film mam Numm "The Post". Am Géigesaz zu "Munich", schleeft "The Post" nach eng vill méi politesch Aktualitéit mat sech. An dobäi spillt sech de Film tëscht 1966 a 1971 of.

1966 ass den Analyst Daniel Ellsberg op offizieller Missioun fir de Verteidegungs- a Krichsminister McNamara am Vietnam. Do soll hien e Rapport vun der Situatioun maachen. Obwuel de Krich hoffnungslos ass, léisst de McNamara no baussen alles an der Rei schéngen. Joren dono gëtt den Ellsberg zum Whistleblower. Hie kopéiert Dausende vu Säiten aus geheimen Dokumenter. Si bezeien, datt d'politesch Responsabel vun der Situatioun a Süd-Ost-Asie zënter iwwer 20 Joer Bescheed wëssen.

D'New York Times, déi dës Dokumenter kritt, mécht sech un d'Publikatioun vun Artikelen. Iwwerdeems geet d'Washington Post ënnert der Leedung vum Katharine Graham un d'Bourse. Gläichzäiteg zweiwelt de Verwaltungsrot un der Kompetenz vun der Presidentin. Déi war méi oder manner gewollt, nom Suicide vun hirem Mann, an där Positioun galant.

Eng Geschicht, déi sech widderhëlt?

De Chefredakter vun der Post, Ben Bradlee a seng Redaktioun kämpfen 1971 dorëms, fir iergendwéi aus dem Schied vun der Times erauszekommen. Eréischt wou d'Times, d'Affekote vum Wäissen Haus ënnert dem Nixon op den Hals kritt, gesäit d'Washington Post eng Chance un d'Storyen ze geroden. Dofir muss allerdéngs als éischt d'Source vun der Times fonnt ginn.

Ausserdeem sti sech d'Redaktioun an de Verwaltungsrot géigeniwwer, well onkloer ass, wat geschitt, wa si d'Dokumenter publizéieren. Steet de finanzielle Ruin virun der Dier? Oder sollt d'Press - dat éischt Sproochrouer fir d'fräi Meenungsäusserung an Opklärung - de Fiels sinn, géint deen d'Welle schloen?

De Rescht ass Geschicht. Mat de Pentagon Papers huet d'Washington Post u Kredibilitéit gewonnen. Dat Joer drop huet d'Zeitung de Watergate Skandal mat opgeschafft an hiren Deel un der Ofsetzung vum Nixon bäigedroen.

Am Dréibuch vun "The Post" geet et manner ëm d'journalistesch Aarbecht, wéi an de Filmer "Spotlight" oder "All The President's Men". Et geet éischter ëm d'Fro, wéi d'Press sech verhält, wa si vun der ëffentlecher Hand diskreditéiert gëtt, oder carrement vum Publizéieren ofgehale gëtt. Eng Première ënnert dem Nixon, mä eppes, wat ënnert der aktueller Presidence um beschte Wee ass ze geschéien.

En interessante Fraepersonnage

An där ganzer Situatioun steet ee vun deene wéinege wierklech interessante Fraepersonnagen am Spielberg senger Filmografie. Déi vun der Meryl Streep incarnéiert Katharine Graham steet tëscht de Fronten. Si huet de McNamara als laangjärege Familljefrënd, a muss sech decidéieren.

De Parcours vun där Fra ass dat eigentlecht Kärstéck vum Film. Och wann de Spielberg sech gären ameséiert, zougedämpte 70s-Journaliste mat fettegen Hoer, karéierten Hiemer a kuerze Krawatten ze weisen, déi ouni Paus op d'Schreifmaschinn klappen. Dem Spielberg säi Kameramann Janusz Kaminski leeft de Personnagen ëmmer no a gëtt dem Bild nach e schéine Grain, fir de Retro-Look perfekt ze maachen.

Eng Oscar-Fänger-Produktioun

"The Post" ass einfach als Oscar-Fänger-Produktioun ofzestempelen. D'Oscar-Nominatioun fir de beschte Film an d'Meryl Streep alt nees eng Kéier ass scho bal net eescht ze huelen. Den Tom Hanks an de Rescht vum Ensemble Cast maachen natierlech hire Match. Mä wäitaus méi interessant ass dëse Film als éischt richteg Hollywood-Konfrontatioun mat de Mechanisme vu Fake News. An dat op de Punkt zum éischten Anniversaire vun der Presidence Trump.