Dem President vun der Theaterfederatioun an dem Jury wier et wichteg fir d'Diverstitéit vun den talentéierten Theaterschaffenden ze remunéréieren.
"Mir hunn eis do quasi op der Iddi begéint an ech sinn immens frou, dass enfin den Theater e puer Präisser huet. Do ass engersäits en Nowues-Präis, de Präis fir dat, wat op der Bün passéiert, wat hannert der Bün passéiert, dann en nationale Präis fir e Liewenswierk an dann och den nationalen Danzpräis."
Et soll e Moment ginn an dem den Theater gefeiert gëtt an deem "d'Artisten, déi iwwer Joren hei schaffen an de ganze Betrib um lafenden halen, datt déi och eng Méiglechkeet hunn fir zesummen ze fannen", seet de Claude Mangen.
"Ech hoffen, datt et e ganz schéine Moment gëtt, dee mer all zwee Joer an Zukunft kënne widderhuelen."
Nieft dem Theaterpräis géif et nach weider Chantiere ginn, déi d'Theaterfederatioun zesumme mam Kulturministère elo an de Ugrëff hëlt, seet de Claude Mangen. Een dovun ass den "Centre de documentation pour l'histoire du théâtre" an enker Collaboratioun mam Nationale Literaturarchiv.
"Da schaffe mer un engem nationale Fundus, och dat ass e Chantier. Et gëtt eis sécher net langweileg an de kommende Joren, an et ass mir och wichteg als President vun der Federatioun momentan déi Chantieren op d'Schinnen ze setzen an am beschte Fall och ofzeschléissen."
An dräi Kategorië gëtt et eng Shortlëscht fir den Theaterpräis.
"Jeune Espoir" - (3500 Euro):
Rosalie Maes (Actrice),
Aude-Larence Biver(Regisseurin an Actrice),
Renelde Pierlot( Regisseurin an Actrice),
Catherine Elsen (Actrice)an den
Konstantin Rommelfangen (Acteur) nominéiert.
Präis fir d'Bünekreatioun (4500 Euro):
Florian Hirsch (Dramaturg) ,
Duo: Marie Jung & François Camus (Actrice an Acteur),
Myriam Muller (Regisseurin),
Anne Simon (Regisseurin)
Pitt Simon (Acteur)
Präis fir Backstage-Kreatioun (3500 Euro) :
Pol Belardi (Sound),
Steve Demuth (Beliichtung),
Anouk Schiltz (Zeenografin a Kostümdesignerin),
Peggy Wurth (Zeenografin a Kostümdesignerin)
Marie-Luce Theis (Zeenografin a Kostümdesignerin)
Fir den Nationalen Theaterpräis fir e Liewenswierk, dee mat 10000 Euro dotéiert ass, gëtt et keng Shortlëscht.