Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugezu vu Mysteriéisem

Konscht a Kultur

Ugezu vu Mysteriéisem

"Timescape" ass déi grouss monografesch Ausstellung vum Darren Almond, déi nach bis de 14. Mee am Mudam ze gesinn ass. D'Aarbechte vum englesche Kënschtler sinn op ganz villfältege Supporten, wéi Fotoen, Skulpturen, Videoen oder Molereien. Trotzdem ergi si an hirer Signifikatioun ee grousst Ganzt.

auto_stories

6 min

Gewëssermoossen als Introduktioun zu senger Ausstellung "Timescape" am Mudam, proposéiert den Darren Almond eng Serie vu metallene Placken op enger wäisser Wand. Doran aggravéiert ass e Gedicht. "Bei der Eisebunn a Groussbritannie war et Traditioun, datt all Lokomotiv en Numm hat. E ganze Reseau vu Maschinne mat Numm ass duerch d’Landschaft gereest. Benannt no allerlee Ingenieuren a Philosophen, mä et hat nach keng de Numm vun engem Kënschtler kritt." De Kënschtler erënnert sech drun, wéi en als Kand mam Zuch ronderëm dat ganzt vereenegt Kinneksräich gefuer ass. Et war fir hien eng Erfahrung vu Fräiheet. Zënter zwee Joerzéngte setzt den Darren Almond esou metalle Placken a sengen Ausstellungen an. Net mat Nimm drop, mä Texter, déi geduecht si fir dem Public vun der Ausstellung eng Denkpaus ze gënnen oder d'Leit duerch d'Ausstellung ze guidéieren. "1997 hunn ech gefrot, ob se net wéilten eng no mir nennen an dat hu se du gemaach."

Gedichter op metallene Placken

Op enger Plack steet en Extrait aus engem Text vum Nan Shepherd, enger schottescher modernistescher Dichterin. "Si huet iwwer Bierger geschriwwen, wat zu där Zäit fir eng Fra ongewéinlech war. Mä net iwwer d'Eropklammen oder iwwert d’Biergspëtzt, mä si hat eng vill méi douce Approche zu Landschaft an zu deem, wat et bedeit, sech am ländleche Raum ze befannen." D’Gedicht fänkt u mat: “so there i lie on the plateau”: also: fillt iech horizontal, wéi d’Eisebunn, wéi d’Aarbecht selwer un der Mauer: bannent enger Landschaft.

Mysteriéis Usammlung vu Menhiren

D'Ausstellung féiert weider op d'Inselkette vun den Äusseren Hebriden a Schottland. Hei si Portraite vun opgeriichte Steng. Et ass déi zweetgréisst Usammlung vu kreesfërmeg opgeriichte Menhiren an déi befënnt sech op der Insel Lewis. "D'Steng sinn am Accord mam Mound opgestallt, dat heescht si stellen eng Mound-Auer duer a sinn immens präzis arrangéiert. D'Steng entspriechen den 18,6 Joer vum Moundzyklus, dat ass phänomenal. Dat hei war nämlech virun der Zäit vun de Pyramiden a 500 Joer viru Stonehenge."

D’Bedeitung vun dëse sougenannte Callanish Steng, déi am Krees opgeriicht sinn bleift geheimnisvoll. Mä kierzlech goufen op engem anere Site op der Insel Orkney, d’Iwwerreschter vun aacht Bauten erëmfonnt. An der Entrée vun enger vun dëse Gebailechkeeten goufen d’Schanke vu 600 Véi fonnt. 600 Véi géifen ongeféier 10.000 Leit ernieren. Dës Schanke goufe genee analyséiert. Dobäi koum eraus, datt déi Véi all op deemselwechten Dag gestuerwe sinn. Du mussen also eng 10.000 Leit virun ongeféier 4.500 Joer an Europa zesumme gewiescht sinn, esou den Darren Almond. Dat kéint eng Ännerung vun der Epoch bedeiten. "Meteorologe ginn dovun aus, datt villäicht de Klima viru 4500 Joer am Norde vill méi waarm war wéi haut. "Et gouf ee klimatologesche Changement a sou gëtt ugeholl, datt méiglecherweis d’Insel Orkney deemools eng kulturell Schlësselplaz an Europa war. Si läit och an engem Stréimungssystem dee Skandinavie mam Rescht vun Europa verbënnt. Vu datt mer hei zu Lëtzebuerg sinn, huelen ech iech mat menger Ausstellung mat aus dem Zentrum vun Europa 4500 Joer zeréck an een aneren Zentrum vun Europa."

D'Welt net nëmmen duerch eng Lëns kucken

Bal wéi en Altor wierkt dee risegen Tryptique "Present Form Exposed", deen aus immens detailléierte Fotoe vum Perito Moreno Gletscher an Argentinie besteet. Ee vun deene gréisste Gletscheren, déi tatsächlech ëmmer nach am gaange sinn ze wuessen. "Wat een um Bild gesäit ass d'Liicht, dat no dausenden an dausende Jore fir t’éischte Kéier op dat Äis fält. Et ass also eng Aart Zäitverschiebung." Souwuel d’Gletescher-Fotoen, wéi déi vun de Callanish Menhiren hunn als Titel "Present Form". Eng Allusioun op d’Tätegkeet vum Dokumentéieren an op d’Wichtegkeet vun der Präzisioun an der Fotografie: Vun deem enge Moment, deen et gëllt exakt festzehalen.

Portraite vu Menhiren op der schottescher Insel Lewis (Foto: MUDAM)

Den Darren Almond stellt awer net nëmme Fotoen aus mä gräift op ënnerschiddlech Konschtformen zréck. Op sechs groussformategen Aquarellen setzt den englesche Kënschtler sech mat sech selwer auserneen. "Nodeems ech mech 20 Joer laang domat befaasst hunn, wat viru mir ass, sief et konzeptuell oder physesch, hunn ech decidéiert amplaz duerch eng Lëns op d’Welt ze kucken, op eng emotionell Landschaft, déi a mir dran ass, zeréck ze kommen." Heifir huet de Kënschtler sech awer un enger Struktur orientéiert, déi mat der Zäit zesummenhänkt. Zäit kann een op zwou Manéieren deklinéieren: digital an analog. D’Tableauen heeschen "Timescapes" a sinn analog Duerstellunge vun der Zäit. Zäit a Landschaften, déi ausser Reichweite leien, awer bannent der Ratio. "Mir gefält déi Dichotomie: d’Tatsaach, datt et Landschafte gëtt déi mer net gesinn, mä déi mer begräife kënnen. Dat mécht se iergendwéi awer konkret. Si bilden eng Existenz."

Ugezu vum Nuechthimmel

20 Joer laang huet de Kënschtler Laangzäitfotografien am Moundliicht gemaach. Seng Vollmound-Serien hunn hien dozou beweegt vill Zäit mam Nuetshimmel ze verbréngen. An deene leschte Joren huet hien dat zemools a Südpatagonie gemaach. Hei wier d'Atmosphär extrem kloer, seet den Darren Almond. "Den Nuetshimmel huet en onbeschreifleche Glanz. Wat engem opfält ass, datt en am Fong voller Faarf ass. All Stär huet seng eege Faarf: rout oder blo oder orange oder gréng... Firwat ass den Nuetshimmel also däischter? De Grond ass, well den Universum sech beweegt an och d'Objete sinn dauernd a Beweegung."

D’Ausernanersetzung mat dëser wëssenschaftlecher Erkenntnis war eng Inspiratioun fir "Timescape". Ugezunn wier hie vum Hubble Teleskop, deen d'Perceptioun vun de Sublime verännert hätt. Awer och de Fait, datt obwuel een honnert Meile vunenee géing ewech wunnen, een dach déi selwecht Landschaft vum Nuechthimmel géing mateneen deelen. "Mä wéi hu mir iergend eng Virstellung vu Mooss, vun deem wat mer kucken? Wa mer versichen iwwert dat ze schwätzen, wat mer Nuets gesinn, briechen ons d’Wierder zesummen.

D’Biller sinn Aquarellen, déi op den éischte Bléck schwaarz wierken. Si bestinn awer, an dat erkennt een och, aus jett Couchen vu Faarf, déi noeneen op Aluminium gemoolt goufen. An déi, wann ee sou wëll, fiktiv Nuechthimmelen erginn. Där südpatagonescher.

Vum analogen an dat digitaalt

Den digitaen Deel vun der Ausstellung ass duerch Spigelen un der Mauer duergestallt. Si sinn esou opgehaange, datt se en Tableau an anengems e Raster bilden. De Kënschtler huet op säi Spiggel-Raster Symboler gepecht, déi op den éischte Bléck wéi ofgeschnidden Zuelen ausgesinn. Fir hien erkennt engem säin Onbewosstsin nach virun der Intelligenz, datt et eigentlech och spigelverkéiert Zuelestécker sinn. Wann dat geschitt, da fält een an d’Reflexioun eran, da gëtt d’Konschtwierk zum Passage. D’Spigelung gëtt zum Public sengem Bewosstsinn. Anengems setzt e sech mat der Iddi vun der Géigewaart auserneen, also mat der Zäit, a mat der Erënnerung. Fir hie wäre Spigelen wéi Pëtzer vun der Erënnerung, seet den Darren Almond.

D’Ausstellung "Timescape" vum Darren Almond am Mudam gëtt komplettéiert duerch eng Video-Installatioun op enger Rei Ecranen, “All Things Pass”.

"All things pass" vum Darren Almond (Foto: MUDAM)