Radioen

On air

De Moien  |  Gene Chandler - Duke Of Earl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tintin: Vill Geschichten, wéineg Geschicht?

Bande Dessinée

Tintin: Vill Geschichten, wéineg Geschicht?

Iwwer Politik gëtt am Tintin sengen Aventurë wéineg geschwat. An awer droen Elementer vun "L'étoile mystérieuse" vu 1942 de Stempel vun der nationalsozialistescher Ideologie an "Le sceptre d'Ottokar" thematiséiert d'Occupatioun. Spéider gëtt den Tintin awer ëmmer méi zum Guttmënsch.

auto_stories

3 min

Politik gëtt an den Albume wéineg thematiséiert. Foto: Bigstock

D'Nuecht ass stärekloer. D'Leit kucke verwonnert an den Himmel. En aussergewéinleche Stär ass ze gesinn a schéngt ëmmer méi grouss ze ginn. Den Direkter vum Observatoire stellt fest, datt et sech ëm ee Meteorit handelt. Säin Assistent berechent, datt en an d'Äerd aschléit, mat engem Impakt, deen de Weltënnergank kéint bedeiten. Mee hien huet sech geiert: Den Himmelskierper flitt laanscht a lant am arktesche Mier. Eng international Equipe vu Fuerscher mécht sech op d'Sich. Mat derbäi ass ee Reporter mat sengem wäissen Hond: Den Tintin.

"L'étoile mystérieuse" gouf 1942 publizéiert a verbreet eng däischter Atmosphär. D'Zeechnunge si minimalistesch. Den éischten Deel vun der Geschicht spillt an enger anonymmer Stad, déi wierkt, wéi eng Theaterkuliss. Den zweeten Deel spillt op engem Schëff. An zum Schluss vun der Geschicht gesäit ee just ee Koup Steng.

Nationalsozialistesch Ideologie an "L'étoile mystérieuse"

Virun dësen Hannergrënn agéieren d'Figure wéi an engem Albdram: Mol iwwerdriwwen expressiv, mol phlegmatesch. Den Haaptpersonnage vum Episod, den Astronom Calys, wierkt beonrouegend.

Politik gëtt an den Tintin-Albume wéineg thematiséiert. Mee "L'étoile mystérieuse" ass matten am Zweete Weltkrich erauskomm a verschidden Elementer droen de Stempel vun der Nazi-Ideologie. D'Wëssenschaftler, déi nieft dem Professer Calys un der Expeditioun deelhuelen, kommen aus Däitschland, Schweden, Spuenien, der Schwäiz a Portugal: Länner, déi am Krich entweder neutral oder faschistesch waren.

D'Roll vum Béisen iwwerhëlt de Blumenstein, een amerikanesche Banker: Hie gesäit aus, wéi d'Judden op den nationalsozialistesche Propagandaplakater. Nom Krich gouf de Blumenstein ëmbenannt a seng Nationalitéit gouf geännert.

D'Zensur ëmgoen?

Mee wier et méiglech, datt den Hergé nëmme probéiert huet, seng Geschicht laanscht d'Zensur ze schmuggelen? An datt "L'étoile mystérieuse" ee kritescht Wierk ass? Wann een Uganks vun den 1940er Jore vun enger Menace schwätzt, déi de Weltënnergang kënnt bedeiten, da kéint de frieme Stär fir déi friem Muecht am eegene Land stoen.

D'Geschicht hält mat der Feststellung op, datt de Meteorit mat enger Zort Turbodünger ugeräichert ass: Riseg Champignone schéissen aus dem Buedem an explodéieren dee Moment drop. An aus de Käre vun engem Apelbatz gëtt direkt een Äppelbam mat enorme Friichten, déi eroffalen a riskéieren een z'erschloen. Dat kéint fir déi huel Versprieche vu Wuesstem a Räichtum vum faschistesche Regime stoen.

Beim Tintin gëtt net iwwer Politik geschwat, mee "L'étoile mystérieuse" weist, datt d'Realitéit hir Spuren hannerléisst.

E Guttmënsch?

An engem aneren Tintin-Album gëtt d'Occupatioun thematiséiert. An "Le sceptre d'Ottokar" vun 1939 gëtt ee klengt Kinnekräich vun engem iwwermächtegen Nopeschland menacéiert, dat enger faschistescher Diktatur gläicht.

An der Nokrichszäit entwéckelt den Tintin sech awer ëmmer méi zu deem, wat een haut géif als Guttmënsch bezeechnen. Hien interesséiert sech fir friem Kulturen, ergräift Partei fir Minoritéiten a kämpft géint Sklavenhändler a Kapitalisten. Am Laf vun de 1960er Jore léisst sech souguer eppes wéi eng lénk Gesënnung feststellen: An "Tintin et les Picaros" zitt de Comicheld an ee Guerillakrich.