Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Twin Peaks: Eng Kategorie fir sech

Televisioun

Twin Peaks: Eng Kategorie fir sech

Den David Lynch an de Mark Frost hu mat den 30 Episode vun "Twin Peaks" dat Fantastescht a Skurrilt, dat sech ënnert dem Mantel vun der banaler amerikanescher Provënz verstoppt huet, gewisen.

auto_stories

6 min

Twin Peaks: Klengstad mat penibelen Teenager an exzentreschen Erwuessenen

1990 ass "Twin Peaks" fir d’éischte Kéier op der Televisioun gelaf , bis dohin hat nach keen esou eppes um klengen Ecran gesinn. D'1980er Joren – dat waren an den USA Televisiounsserië wéi "Miami Vice", "Magnum" oder "Knight Rider". Virun allem waren dës Televisiounsserië fir d’Televisioun, mat Televisiounsqualitéit gemaach.

"Twin Peaks" war eng Zesummenaarbecht vum David Lynch a vum Mark Frost. De Frost hat an den 1980er Jore schonn d'Dréibicher fir ee vun deene gréisste populäre Succèsen op der amerikanescher Televisioun geschriwwen. "Hill Street Blues" war 98 mol fir den Emmy nominéiert, an ass mat 146 Episoden zu engem Klassiker vum US Televsiounsentertainement ginn. Mee d'Iddi an d’Realisatioun vun "Twin Peaks" waren awer eppes ganz Anescht. Weder Science-Fiction nach Sozialdrama, ass dës Serie schwéier an eng Kategorie ze setzen, well si eng Kategorie fir sech selwer ass.

Kuerz virdrun: "Blue Velvet"

Den David Lynch hat virun sengem éischten Televisiounsexperiment ee vu senge beschte Kinosfilmer erausbruecht. "Blue Velvet" war am Joer 1986 en Ufo am Kinosprogramm. Ugeluecht wéi e Klengstad-Krimi war dat hei e Film dee surrealistesch Qualitéiten hat. Eng Geschicht déi vun dem "Gumshoe"-Motiv, der klassescher Detektiv-Geschicht, ganz schnell an dat Irrationaalt ëmschléit.

Den David Lynch hat et hei fäerdeg bruecht, eng nei Dimensioun am Kino z'erfannen, déi nëmme mat engem skurille Personnage am beschte beschriwwe gëtt, eng vun de Glanzrolle vum Dennis Hopper. Dës Figur ass de Frank Booth, deen net nëmmen zoufälleg den Numm mam Mäerder vum Abraham Lincoln deelt. De Frank Booth ass net nëmmen e Psychopat an e Verbriecher, hie stellt virun allem eng komplett nei an exzessiv Figur am Hollywoodschema duer.

Eng Geschicht mat iwwernatierlechen Aspekter

All déi Motiver, d'Klengstad, d'Verbriechen, dat Onheemlecht, Fantastescht, grad sou wéi dat Skurrilt, wat sech ëmmer ënnert dem Mantel vun der banaler amerikanescher Provënz verstoppt. Dat sinn d'Virlage fir dee makaberen a bizaren Theater, deen den David Lynch, zesumme mam Mark Frost an "Twin Peaks" iwwer zwee Joer entwéckele konnt. "Twin Peaks" ass als éischt emol e relativ klassesche "Murder Mystery". Eng Läich gëtt fonnt, a lues a lues gëtt d’Zuel vun de Verdächtegen ëmmer méi grouss. Den Doud vum Laura Palmer ass awer net nëmmen den Ausgankspunkt vun enger normaler Enquête, mee dës Geschicht kritt ëmmer méi iwwernatierlech Aspekter.

D'zentral Figur vun dësem Panoptikum ass den FBI-Agent Dale Cooper, espillt vum Kyle MacLachlan. Dësen Agent Cooper gesäit aus wéi wann hie riicht aus enger vun de Geheimagenten-Serien aus den 1960er Jore géing kommen. Donkele Kostüm, gesträifte Krawatt, a Brillantinen an den Hoer. De Mann gesäit net nëmme kompetent, mee och determinéiert aus.

Cooper: Een Detektiv mat Ticken

Mee den Agent Cooper ass och en Exzentriker, a seng Methoden hunn net vill mat deene vun de konventionellen Televisounsdetektiver ze dinn. De Cooper huet eng ganz Partie Ticken a Gewunnechten, déi aus senger Figur ganz schnell en zentralen Deel vum "Twin Peaks"-Kult gemaach hunn. Vu senger "Damn fine cup of coffee", dem "Thumbs up" deen ëmmer nees iwwerdriwwe gëtt, bis zu sengem Mikrokasetterekorder deen hien ëmmer bei sech huet fir seng Remarquen an Iddien direkt op Band ze schwätzen.

Op deene Bänner diktéiert hien alles enger gewëssener Diane, déi seng Sekretärin soll sinn. Mä souguer dat ass net méi sécher. Den Dale Cooper huet och esoteresch Methoden. Deduktiv sinn si. Si kommen deelweis aus sengen Dreem a si sinn den Ausdrock vun engem bizare Charakter.

Eng verdéinte Versioun vun enger Soap Opera

Den Agent Cooper kënnt also zu Twin Peaks un, a soll elo d’Geheimnis ëm der Laura Palmer hiren Doud léisen. An enger Klengstad an där d’Figure vu penibelen Teenager sech mat deene vun exzentreschen Erwuessenen ofwiesselen, muss den FBI-Agent probéieren erauszefannen, wat fir eng däischter Geheimnisser hannert dem Doud vun deem attraktiven Teenager stiechen. Wat de Cooper méi sicht, wat awer alles méi konfus a skurril gëtt. Wann een déi éischt Episode vun "Twin Peaks" kuckt, da mierkt een awer ganz gutt, datt de Mord un der Laura Palmer nëmmen de Virwand fir eppes ganz anescht ass.

Et ass dem Mark Frost, mä virun allem dem David Lynch vill méi dorëms gaange fir déi verkorkste Relatiounen tëscht den Awunner vun Twin Peaks ze weisen. Wat si gemaach hunn war eng nei verdréinte Versioun vun enger Soap Opera. Enger Soap Opera, déi en anert Amerika gewisen huet. En Amerika mat Figure wéi der Log Lady, enger eelerer Damm, déi mat engem Stéck Holz am Aarm duerch Twin Peaks spadséiert. Den Agent Cooper weess awer, datt si net just verréckt ass, mee dat se wierklech amstand ass mam Jenseits ze kommunizéieren.

Mee nieft all der Ironie an dem Sarkasmus, deen een an "Twin Peaks" erëm fënnt, ginn et e puer haarsträubend Momenter: Figuren, bei deenen engem d’Schudderen ausginn, wéi dem Killer Bob. Dës Figur ass de Geescht vun engem Seriemörder, deen dat Béist ëmmer nees materialiséiert. Esou ass et och mam "Man from another Place", e Klengwüchsegen, deen hannerzeg schwätzt an deen an de Visioune vum Agent Cooper eng zentral Roll spillt.

1991 de Coup de grâce

Am zweete Joer vun "Twin Peaks" sinn d'Aschaltquoten ëmmer méi schwaach ginn. D’Geschicht gouf ëmmer méi komplex a verwurrelt a vill Spectateuren hunn et einfach si gelooss. An den USA huet de Sender ABC dunn och nach e puermol d’Sendezäit geännert.

No der 15. Episode sollt dunn alles ofgebrach ginn. Mee verschidden Telespectateuren hu sech zesummegedoen a gefuerdert, datt déi geplangten 30 Episode géinge gesent ginn. An den USA ass dat och geschitt. An Däitschland huet RTL PLUS no 21 Episoden einfach opgehalen. Mee de richtege Coup de grâce war 1991 de Golfkrich. All Owend sinn d’Noriichte komm, an "Twin Peaks" gouf no hanne geréckelt.

Den Intro zu all Episode vun "Twin Peaks" erënnert ganz staark un de Prolog vun "Blue Velvet". Eng Welt an där alles an der Rei schéngt, mat der nostalgescher Musek vum Angelo Badalamenti, déi op dem Schëld "Welcome to Twin Peaks: Populatioun 51.201" viru leeft.

Vun "Twin Peaks" bis "Lost Highway"

“Twin Peaks” war déi éischten Televisiounsserie déi wierklech Kinosstandarden erreecht huet. An der Ästhetik, virun allem an der Fräiheet vum Sujet, awer och an der Qualitéit vun de Schauspiller. Et ass awer och eng Serie déi wéi gemaach war, fir e Kultstatus z'erreechen. Dat spiert een bei all Figur aus dëser Intrige déi eigentlech ni geduecht war fir geléist ze ginn.

1992 krut een d'Léisung am Kino nogeliwwert. Mat engem Prolog iwwert de Mord wollt den David Lynch alles erklären a gläichzäiteg e Schlussstréch zéien. Et war awer schif gaangen. "Twin Peaks: Fire Walk With Me" zielt zu deene schlechtste Filmer vum Lynch. Et sollt du fënnef Joer daueren éier hie mat sengem "Lost Highway" e phenomenale Comeback hat. Do wou d'Psychose zu engem Gimmick am"Twin Peaks" Panoptikum verkomm war, do ass si a "Lost Highway" nees e richtegt Leitmotiv ginn, bei deem en aussergewéinleche Film erauskomm ass.