Radioen

On air

Notturno  |  Mega Bog - Love Is Feat. Westerman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Coming-of-age-Geschicht, déi ee muss gelies hunn

Ulrich Woelk - Der Sommer meiner Mutter

Eng Coming-of-age-Geschicht, déi ee muss gelies hunn

E Summer, deen zum Verhängnis gëtt an dat net just fir de jonken Tobias. Eng Welt am Ëmbroch, déi net fir jiddweree gutt ausgeet. Iergendwou tëschent Roy Black an Janis Joplin, tëschent Gebuergenheet a Verdreiwung, tëschent dem Mound an der Äerd. D'Valerija Berdi stellt dem Ulrich Woelk säi Coming-of-age-Roman "Der Sommer meiner Mutter" am Kader vum Een Thema - e Buch vir.

auto_stories

4 min

"Im Sommer 1969, ein paar Wochen nach der ersten bemannten Mondlandung, nahm sich meine Mutter das Leben."

Dësen dramatesche Saz ass den Optakt zu enger sensibeler Geschicht, an där d'Moundlandung esou vill symboliséiert. De Wee an dat onbekannt, d'Gefore vum Entdecken, vun der Verännerung, d'Faszinatioun vum Friemen. Mee, fir d'éischt emol zu der Geschicht.

Nei Noperen, nei Liewensrichtung

Den Tobias ass en eelef-järege Bouf, dee mat sengen Elteren an engem Viruert vu Köln lieft. Mir sinn am Joer 1969 an den Tobias ass just vun engem faszinéiert, an dat ass d'Landung vun der Apollo um Mound.

Well soss ass säi Liewe ganz geuerdent, symptomatesch fir déi däitsch, éischter konservativ Mëttelschicht an de 60er Joren: De Papp ass Ingenieur, een deen alles weess, d'Mamm Hausfra, déi net vill ze wëssen huet a wann, trotzdem de Mond hält, den Tobias, Eenzelkand, wuelbehitt, nach onräif a kannereg an immens verspillt.

D'Liewe vum Tobias hëlt eng aner Richtung mat den neien Noperen, eng ganz aner Famill: De Papp, Unisproff, d'Mamm Iwwersetzerin, Feministin an hir Duechter hu si Rosa genannt - no der Rosa Luxemburg. D'Rosa ass just ee Joer méi al, wéi den Tobias, soss awer bal vun engem anere Planéit fir den Tobias, hatt liest klassesch Literatur, ass politesch gebilt a weess, wat Sex ass.

Den Tobias huet keng Ahnung, wisou de Vietnam-Krich net sollt gutt sinn, Bicher interesséieren hien net a säi Geschlechtsdeel ass, fir Pippi ze maachen.

Et ass da logesch, datt hie vum Rosa méi wéi faszinéiert, irritéiert an ugezunn ass.

D'Frëndschaft tëschent den zwou Koppelen an den zwee Kanner intensivéiert sech, trotz allen Ënnerscheeder ... mat engem dramateschen Showdown.

Interessante Plot a grandios Duerstellung

Nieft dem Plot ass awer déi grandios Duerstellung vum Ausbroch aus der onberéierter Welt vun der Kandheet, der Verdreiwung aus dem Paradäis, déi dësen Entwécklungsroman vum Ulrich Woelk absolut liesenswäert mécht. Den Erzieler ass den erwuessenen Tobias, dee sech un dës kuerz Episod vu sengem Liewen erënnert, seng deemoleg Iwwerleeungen a Vuë reflektéiert, a wat een dem Auteur héich urechne muss, ass déi detailléiert Beschreiwung vun där Zäit vum Ëmbroch, vu Mënschen, déi wuel déi zwee Stereotyppe verkierperen, déi fir déi Ära bezeechnend sinn.

Während d'Rosa Janis Joplin a Bob Dylan lauschtert, ass d'Musekswelt vum Tobias eng aner:

"Ich kannte den Musikgeschmack meiner Eltern nicht, weil sie keine Musik hörten. Meine Freunde und ich, wir mochten einige deutsche Schlagerstars. Es gab seit kurzem eine Musiksendung im Fernsehen, in der sie regelmässig auftraten. Sie nannte sich Hitparade. Die meisten älteren Geschwisterkinder meiner Freunde rümpften darüber die Nase."

A parallell zum Tobias senger Entwécklung ass och d'Emanzipatioun vu senger Mamm, déi eng grouss Plaz an dësem Roman huet.

"Meine Mutter und Frau Leinhard waren waren wierklich sehr unterschiedlich, dachte ich. Meine Mutter war in Gesellschaft zurückhaltend. Sie hätte meinem Vater in Beisein anderer niemals widersprochen oder sogar einen Streit mit ihm vom Zaun gebrochen."

D'Sprooch ass dem Zoustand ugepasst a ganz einfach

Lues a lues léiert een eng Fra kennen, déi sech am Ufank net traut eng Jeans unzedoen, déi bieder, langweileg an onscheinbar eriwwer kënnt. No an no weist si awer hiert Wëssen an der Literatur, hier Aart a Weis sech auszedrécken a sech géint den zwar iergendwéi léiwen awer absolut paternalistesche Mann ze wieren.

Iergendwéi bedéngt sech de Woelk natierlech alle Klischeeën an awer si se esou veraarbecht an agebett, ouni iergendwellech Plattitüden.

Dem Woelk seng Sprooch ass eng ganz einfach, och wann d'Geschicht aus der Siicht vum Erwuessenen gezielt ass, sou gesäit een de klenge Bouf, e bësse verluer, dacks iwwerfuerdert, dee sech awer eben ufänkt Gedanken ze maachen, villes net versteet, villes verdrängt, ganz vill observéiert a sou munches awer zouléisst. A mat dësem Zoustand geet d'Sprooch och konform.

E Fragment vum Iwwergang vum Kand an d'Erwuesseginn ... e ganz dramatesche fir de jonken Tobias, eng Coming-of-age-Geschicht, déi u sech jiddwereen liese soll.