Danz "Ultra": Mat der mentaler Gesondheet méi oppen ëmgoen

Zéng Deeg laang hunn d'Kënschtler am "TalentLab" kënnen un Projete schaffen, iert si d'Resultat - oder den Tëschestand - vun hirer Recherche am Grand Théâtre virgestallt hunn. Dorënner och d'Dänzer Brian Ca a Julia Rieder.

Romain Butti

Ultra
"Ultra" vum Brian Ca an der Julia Rieder. Foto: Brian Ca.

An hirer Aarbecht "Ultra" ënnersichen de Brian Ca aus Frankräich an d'Julia Rieder aus der Schwäiz eng Problematik, déi an eiser Zäit ëmmer méi diskutéiert gëtt. Wéi steet et mat eiser mentaler Gesondheet, an op wéi eng Akzeptanz trëfft dëse Sujet an der Gesellschaft?

Sécherlech dréit déi kollektiv erlieft Pandemie dozou bäi, datt méi Leit sech mat dem Zoustand vun hirer mentaler Gesondheet ausernee setzen. De Choreograph Brian Ca schätzt dat esou an:

"Je trouve qu'il y a un constat assez alarmant au sujet de la santé mentale. Il y a énormément de personnes qui sont atteintes de troubles ou difficultés et qui n'osent pas en parler. Il y a énormément de honte. Les gens ont honte de penser ce qu'ils pensent, alors que ce n'est pas de leur faute. Non, ils ne sont pas fous. C'est leur mécanisme de penser qui a créé un système de protection parce que la réalité est trop dure et la société était trop dure avec eux par rapport à leurs expériences."

Déi nei Entwécklungen am Domän vun der mentaler Gesondheet si fir d'Stéck ganz zentral:

"Il y a plein de nouvelles méthodes qui vont agir neurologiquement, physiologiquement sur le corps et l'esprit. On peut coupler ça avec l'art thérapeutique. Il n'y a pas tous les types d'arts thérapeutiques qui vont parler à tous les patients. Il y en a qui vont préférer à aller faire des marches en nature, du yoga ou des travaux de respiration. D'autres vont pouvoir s'exprimer par la peinture, la danse, le mouvement. Il y a plein de remèdes possibles."

E symbolescht Spill mat Hell an Däischter

Et ass net einfach, esou ee schwéier gräifbare Sujet elo op der Bün visibel ze maachen. Hei gräifen de Brian Ca an d'Julia Rieder op d'Mëttel vun der Luucht zeréck - méi genee op LED-Staangen, déi wéi Synapsen mat vill Vitesse opflackeren, eis verblenden, oder dacks och esou wéineg Luucht bidden, datt d'Dänzerinnen aus dem Näischt opdauchen a verschwannen.

Et erlaabt eis, op d'Sich ze goen, Verstopptenes opzedecken an och eng Thematik ze beliichten, déi dacks nach tabuiséiert ass. D'Julia Rieder seet:

"La partie lumière nous fait fortement penser à un test de Rorschach. Une personne qui interprète d'une manière ou d'une autre la forme et donc on aimerait utiliser ça comme un clin d'œil sur le fait qu'il y a plusieurs façons d'interpréter, et qu'il n'y a pas de mauvaise interprétation."

An der Mediathéik:

Kultur / / Romain Butti
Lauschteren

Méi zum Thema

Ioanna Anousaki
Danz

Am Work in progress mam Titel "The shade of my own" ënnersicht d'Ioanna Anousaki d'Theeme vum Elengsinn, der Isolatioun. Si kuckt awer och, wat dat fir eng Auswierkungen op déi mental Gesondheet huet.

Isabella Oberländer
Danz

Wéi en Afloss huet alles dat, wat ronderëm eis ass, op eis Mënschen? D'Choreographin Isabella Oberländer huet dat an hirem "Bodies of Water" um "3 du Trois goes TalentLab" méi genee analyséiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen