Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uncut Gems: Believe the hype

KULTUR

Uncut Gems: Believe the hype

Den Tom Dockal ass zënter genee enger Woch zu Rotterdam um Filmfestival a kuckt Filmer vun neie Realisateuren a Realisatricen. Mee net nëmmen. Leschte Samschdeg huet hie vun enger vun de wéinegen Occasioune profitéiert fir "Uncut Gems" vun de Safdie Brothers um groussen Ecran ze gesinn. De Film ass vun haut un op Netflix disponibel.

auto_stories

4 min

Zënter Woche geheit sech déi US-amerikanesch Filmwelt déi verschiddenst Auszeechnunge widder de Kapp an natierlech gëtt debattéiert, wien dann de Sonndeg an enger Woch d'Kinnigin vun de Filmpräisser mat Heem hellt. En Academy Award. Den Oscar. Spëtzekandidate gëtt et och dëst Joer. Engersäits "1917" vum Mendes, anerersäits "Parasite" vum Bong Joon-Ho, deen den Tarantino bei de Bookies vun der Plaz 2 gedréckt huet. Un den "Joker" mat sengen 11 Nominatioune wëlle mer op dëser Plaz guer net denken. Op där anerer Säit: den neien Adam Sandler Film ass fir net eng Statuette nominéiert! Wat sech unhéiert wéi en zynesche Kommentar, ass a Wierklechkeet e skandaliséierten Ausruff! "Uncut Gems" vum Josh a Benny Safdie, kuerz - de Safdie Bridder, ass gesnobbt ginn. Komplett! An dat obwuel zanter Méint d'Kritik schwäermt.

New York, 2012. Mir dauchen an an den Alldag vum Adam Sandler, deen de Bijoutier a Magouilleur virum Här Howard Ratner inkarnéiert. Andauchen ass schéi gesot. Andauchen huet an der Reegel eng duerch an duerch agreabel Konnotatioun. Mee an dësem Fall gëtt engem de Kapp an eng Bidde voll flëssegen Amphetamine gezappt. Den Howard huet Scholden, vill Scholden uechtert déi ganz Stad. Hie rennt vun engem Creancier bei deen nächsten. Schëppt d'Schold vun deem engen bei deen aneren, verklappt mat engem ganz ontransparenten Associé mat Diamante bespéckte Furbyen an huet sech net just ëm seng Famill ze këmmeren, mee och seng Amante, där hien eng eege Wunneng lount. Enges Daags kënnt e Colis un, an deem en onmoosseg décken a präiswäerten Opal läit. Den Howard huet wëlles, dee fir eng horrend Zomm versteeën ze loossen, mee dee vum Keith Stanfield gespillten Associé bréngt e bekannte Boston Celtics Basketballer Kevin Garnett an de Buttek, deen direkt op de Steen eng Fixatioun baut an dee wëllt als Glécksbrénger virun de Matcher unhimmelen. Dat interesséiert eisen Haaptprotagonist net. Et gëllt als éischt zwee Gorillaen ofzewimmelen, déi hanner hirem Goss sinn. Well den Howard huet wëlles, eng massiv Wett op e Boston Celtics Match ze setzen. Eng quasi onméiglech, déi nach vill méi e massive Gewënn ofwërft, wa gewonnen!

Eng enorm Intensitéit

D'Safdie Bridder hunn net zougeschloen an et ass wéi gesot, vun haut Freideg un op Netflix ze gesinn. En Tipp soll virausgesat ginn: nëmmen net under the influence kucken. Ganz am Géigendeel wier e Berouegungsmëttel ubruecht. Well d'Spiral erof fir den Howard, déi d'Safdien zeechnen, schéngt onendlech. Zwou Stonne gëtt ee vun hinne mam Hals gepaakt an eropgedréckt, an et kämpft een als Spectateur fir Loft ze schnapen.

Dee permanente Alerte-Zoustand kléngt wéi wann de Film just drop an dowidder geet. A genee dat mécht de Film. Mee op eng Manéier, wéi een et zënter Joren net méi gesinn huet. Och e "Mad Max: Fury Road" an e "Wolf of Wall Street" wierke bal op Ritalin am direkte Verglach zu "Uncut Gems". An dobäi ass de Montage zu kengem Ament am ADHS-Modus agestallt.

Et ass dat Unenanerreie vu abstrusen Decisioune vum Haaptprotagonist, dee komplett soziopathesch Zich unhëlt, fir duerch seng Deeg ze kommen. An et bleift een u senger Säit. Bei egal wat. Dat ass net just nëmmen e Verdéngscht vum Schreiwes vun de Safdien, mee den Adam Sandler huet eng enorm Responsabilitéit dofir ze droen.

"Vun "1917" schwätzt d'nächst Joer kee Mënsch méi. "Uncut Gems" ass a Film fir d'Éiwegkeet."

Wien iwwerrascht ass, datt de Sandler ka gutt sinn, kuckt manifestement keng Filmer. Stéchwuert: "Punch-Drunk-Love" vum PTA. An et ass emol net, datt hien anescht ass wéi soss. Hie kombinéiert säi Schtick, deen hien iwwer Jore soignéiert huet, mat engem Grad u Chuzpah, virun där ee just den Hutt zéie kann. Seng Prestatioun ass tatsächlech en Tour de force wéi en am Billerbuch steet.

De Scorsese-produzéierte Film huet hei en Duo vu Realisateuren an Héichform um Sëlwertableau, déi no e puer Filmer zwee Schrëtt a Richtung Grand publique maachen, ouni eng Onz Kompromëss anzegoen. Weder an der Dramaturgie, nach an der Form. Dem Darius Khondji seng Biller si gäil! De Cast ass gäil! Dem Daniel Lopatin seng Musek ass gäil! "Uncut Gems" ass just scheinbar en ongeschlaffene Bijou. "Uncut Gems" ass e Coup de Maître, deen Dir musst kucken, an zwar haut, Muer oder Iwwermuer! Kuckt en dëse Weekend! Believe the hype an oscariséiert den Adam Sandler an äre Käpp! Vun "1917" schwätzt d'nächst Joer kee Mënsch méi. "Uncut Gems" ass a Film fir d'Éiwegkeet.