Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unorthodox: "I am not a baby machine"

Seriekritik

Unorthodox: "I am not a baby machine"

D'Netflix-Serie "Unorthodox" erzielt d'Geschicht iwwer d'Flucht vun enger Jüddin aus hirer ultraorthodoxer Gemeinschaft vun New York op Berlin.

auto_stories

3 min

"I am not a baby machine" ass wuel eng vun de stäerkste Repliquen aus der neier Serie "Unorthodox".

D'Esty, e jüddescht Meedche wiisst an enger fundamentaler orthodoxer Gemeinschaft zu New York op. Hir Existenz ass dem Gebot vun de Chassiden ënnerworf. Sou gëtt si iwwer e Matchmaker als Teenager mam Yanky Shapiro bestuet a soll mat him Kanner kréien. Alles Saachen, déi d'Esty ni a Fro gestallt huet, si ass jo mat der Virstellung opgewuess, datt hir Communautéit d'Aufgab huet déi Millioune Judden, déi am Holocaust gestuerwe sinn, erëm op d'Welt ze sëtzen.

Bis zu deem Punkt wou et drëms geet, Sex mat hirem Mann ze hunn. D'Esty fënnt eraus, datt si ënner Vaginismus leit, eng Krankheet bei där Penetratioun zu vill Péng féiert.

Si geréit ënner Drock, vun der Schwéiermamm, déi si souwisou als ni gutt genuch fir hire Fils gesäit, vun hirem Mann, dee keng Anung huet, wéi een eng Fra upaakt a si ënner Drock sëtzt, fir et all Owend ze probéieren a schlussendlech och vun hirer eegener Famill. Erniddregungen iwwerheefe sech bis d'Esty ouni Koffer, just mat e puer Su an der Täsch, d'Saache selwer an d'Hand hellt a flücht. Net iergendwou hin, mee op Berlin. Den Epizentrum vun der Juddeverfolgung gëtt hire Refuge.

Koexistenz vu krasse Realitéiten

Der Esther Shapiro hir ganz Geschicht a firwat si fortleeft, gi mer no a no duerch Flashbacke gewuer, wärend si schonn zu Berlin hire Wee sicht. Sou gëtt een als Zuschauer genee esou wéi d'Haaptprotagonistin mat deem krasse Kontrast tëschent de Welte konfrontéiert. Tëschent jonke Mënschen, déi aus allen Ecker vun der Welt kommen, hir Sexualitéit fräi liewen a gären zu Techno feieren an der Esty, déi nach ni e Computer benotzt huet, eng Perréck dréit a versicht ze googelen, wéi ee Sue verdéngt.

Dës Serie ass net nëmmen esou staark, well déi deels onbekannte Schauspiller hir Rolle wierklech gutt droen an hir Charaktere gutt geschriwwe sinn, mee och well et eng Geschicht vu Selbtsermächtegung ass. An dëst aus enger Welt eraus, déi ofgekoppelt vun der moderner Gesellschaft matzen zu Williamsburg New York existéiert, ouni, datt ee vill dovunner matkritt. Et ass bal net ze gleewen, wéi eng krass Realitéiten direkt niewenteneen nach ëmmer existéieren. Nach ëmmer, well et natierlech och eng Männer dominéiert Welt ass, aus där d'Esthy flücht.

D'Geschicht berout deelweis op der Realitéit

Mee sou wéi et mat selbstermächtende Charaktere ka virkommen, ass och hei de Plot vun deem Moment u wou d'Esty zu Berlin ass e bësse iwwerflächlech.

Vläicht ass et do, wou d'Autorin vun der Geschicht sech hir Vergaangenheet nei erfënnt? Déi ganz Geschicht ass nämlech net ganz erfonnt. D'Serie baséiert um Buch mam selwechten Numm vun der Autorin Deborah Feldman, déi an dësem Buch hir perséinlech Erliefnisser verschafft huet, also eng Autobiografie mat Ergänzungen, wéi d'Autorin an Interviewen zougëtt. Si gëtt hirem fréieren Ech heiansdo de Courage, wou si en net hat.

Och wann d'Charakteren an de Plot géint de Schluss vun der Serie e bëssen u Spannung verléieren, hellt dëst der Serie awer net d'Unzéiungskraaft vun hire Biller aus enger anerer Welt. Biller, déi sech och net ze vill de jüddesche Clichéë bedéngen oder iwwerspëtzt duergestallt sinn, mee éischter urteelsfräi duergestallt sinn. Dëst huet vläicht och domadder ze dinn, datt d'Autorin an d'Schauspiller selwer Judde sinn an d'Realisatrice Maria Schrader sech duerch Rollen a Filmer och vill domadder auserneegesat huet, wat et heescht Jüddin ze sinn. Dëst ass iwweregens och e wëllkommt Beispill, datt jüddesch Rolle vu Judde gespillt ginn, eppes wat net dacks de Fall ass, an de Charaktere bestëmmt och den Tick un Authentizitéit gëtt.