Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Varda par Agnès vun der Agnès Varda

Kino

Varda par Agnès vun der Agnès Varda

Et ass Summerlach am Kino. Dat geet esouwäit, dat d'Televisiounsdocumentairen am Kino programméiert ginn. Lescht Woch war et eng Hulu-Streaming-Plattform Produktioun. Dës Woch ass et dat lescht Liewenszeeche vun där am Mäerz verstuerwener Realisatrice, "Agnès par Varda". D'Arte Co-Produktioun "Varda par Agnès" ass geschwënn am Kino an den Tom Dockal huet den Documentaire scho gesinn.

auto_stories

3 min

D'Agnès Varda hat schonn esou gutt wéi 90 Joer um Compteur, mee dat huet den Telefon bei Ciné Tamaris net dovunner ofgehalen, ëmmer nees ze schellen. Ëmmer an ëmmer nees gouf d'Realisatrice invitéiert. Fir ze schwätzen. Fir ze erzielen. Vun hirer Aarbecht an aus hirem Liewen. Zwou Saachen, déi u sech net vunenaner ze trenne sinn. Optrëtter während Retrospektiven, Masterclasses, Apparitiounen a Filmschoulen, etc. Pipi.

Mee si huet dann iergendwann hiren 90. gefeiert an hat net méi d'Energie an d'Loscht iwwerall hinzereesen an huet missen där enger an där anerer Ufro ofsoen. Zesummen mat hirer Produktiounsfirma Ciné Tamaris hat si decidéiert, eng Zort Documentaire ze produzéieren, deen an där nämmlechter Veine funktionéiert, wéi esou eng Masterclass. Dofir also "Varda par Agnès".

D'Varda sëtzt op enger Bühn, mam Dispositif vun engem einfachen Dësch mat faarwegem Duch, Blieder mat Notizen an engem Regiestull, hanner sech an der Reegel en Ecran, op deem Extraiten aus hirem Schafe gewise ginn, a virun allem si, déi erzielt. An zwar an hirer onverwiesselbarer Stëmm a Manéier.

"Varda pas Agnès" - dat spillt natierlech un op hiren Jane Birkin Portrait "Jane B. par Agnès V." an ass nach als Extensioun ze verstoen zum eegene Portrait "Les plages d'Agnès. Varda par Agnès", déi lescht Aarbecht vun der Varda, déi Ufank des Joers op der Berlinale Première hat. Et ass am Resultat dee bescheidensten Salut d'artiste vun engem Realisateur oder Realisatrice zanter Laangem.

Filmer mécht een net fir sech eleng, mee fir Leit

Eng Arte-Coproduktioun, déi du knapp zwou Woche virun hirem Doud diffuséiert gouf, hëlt sech net wierklech Zäit fir Äddi ze soen. D'Varda ass léiwer viru Public a feiert de "partage", wéi si dat ganz am Ufank vun engem Gespréich zielt. Filmer mécht een net fir sech eleng, mee fir Leit. Virun allem, wann een esou ee vun Empathie strotzende Mënsch war wéi si.

Wéi esou dacks am Wierk vun der Varda, esou ass och "Varda par Agnès" dramaturgesch-formell ganz kloer opgedeelt. Op der Tëlee an zwee gedeelt ass d'Kinosversioun einfach en Zesummeschnëtt vun deenen zwou eng-stonnelaange "causeries". Déi éischt zielt vun hirer Aarbecht am 20., déi zweet vun där am 21. Joerhonnert. D'Zäit vun de Klassiker, de feministesche Filmer an d'Zäit vun der visueller Konscht, vu klenge Kameraen an hire super super flotte spéiden Documentairen.

"Faire du cinéma" ass integrale Bestanddeel vum Film

Natierlech fält déi eng oder aner perséinlech Anekdot, mee en Règle générale geet et ëm d'Filmer. Et gëtt esouguer heiansdo technesch, mee net ze vill. An awer ass dat mat dran. Genee wéi hiren Enthusiasmus zum Medium. Mee esou kloer de formelle Kader vun den ëffentleche Masterclasses ass, esou ka si et sech net verknäifen, och emol mat der Sandrine Bonnaire mat Präbbelien am Reen an enger Wiss ze stoe fir iwwer hir Zesummenaarbecht ze schwätzen. Esou glaskloer dréchen didaktesch si hir Aarbechten heiansdo wollt hunn, faire du cinéma ass awer ëmmer dobäi.

"Varda par Agnès" ass als Unhank ze verstoen zu "Les plages d'Agnès". En Deep Cut, wann een esou wëllt, zum Versteesdemech vun hirem Schafen. Et ass vläicht net déi ideaalsten Introduktioun zu der Varda, mee et ass schonn héichinteressant, wéi bescheiden an onbescheidenen zugläich "Varda par Agnès" ass. Informatioun a Mythebildung gi sech d'Klensch an d'Hand. Mee wann et just ass, fir d'Meeschterin nach eng leschte Kéier selwer schwätzen ze héieren, lount sech de Kinosbesuch absolut.