Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Veiner Konschtgalerie a -maart

Lokal Konscht

Veiner Konschtgalerie a -maart

Les Amis du Château de Vianden an de Kënschtler Kollektiv ViArt organiséieren de Weekend e grousse Konschtmaart am Rittersall vum Veianer Schlass, bei deem am Ganzen 20 Kënschtler a Konschthandwierker vertruede sinn. Net nëmme mat dësem Maart wëllt ViArt Veianen als kulturell Stiedchen opbléie loossen. Zanter sechs Joer kann een do uewen am Ländchen op e KonschTour matgoen, deen op den dräi Piliere Kultur, Natur a Gastronomie opbaut. Zanter Mäerz dësem Joer geréiert ViArt och eng nei Konschtgalerie.

auto_stories

2 min

Am Fong war et guer net esou schwéier, d'Gemeng dovun ze iwwerzeegen, deen ale Schapp bei der Gemeng an eng Konschtgalerie ëmzegestalten. D'Ëmbaute waren allerdéngs net esou einfach, well de Schapp als historescht Gebai vu Veianen sollt erhale bleiwen. Et ware Studente vun enger Architekteschoul, déi dunn den Optrag kruten, déi bescht Léisung fir den Ëmbau ze fannen.

Fir déi nei Galerie fir visuell Konscht geréieren ze kënnen, huet sech déi selwecht Equipe, déi zanter 2013 och de KonschTour zu Veianen organiséiert, zesummegedoen an eng Associatioun mam Numm ViArt gegrënnt. Vu Mäerz bis zum Veianer Nëssmaart am Oktober kënnen hei elo Kënschtler ausstellen, déi am Prinzip vu ViArt invitéiert ginn. Mee et kann een awer och selwer eng Demande maachen.

International Kënschtler

Wéi d'Presidentin vu ViArt, d'Marie-Josée Kerschen, am Gespréich duerchblécke gelooss huet, soll déi nei Galerie een héije Stellewäert an der Lëtzebuerger Konschtlandschaft anhuelen. An et ass de Leit vu ViArt och wichteg, datt nieft de lokale Kënschtler, och Kënschtler aus dem ganze Land an aus dem Ausland ausstelle kënnen.

Fir nach méi Liewen an déi nei Veianer Konschtgalerie eranzekréien, huet d'Marie-Josée Kerschen verroden, datt vun der nächster Saison un och Concerten oder Live-Performancë fir d'Vernissagë geplangt sinn. Eng Zesummenaarbecht mat Museker an dem Ale Kino, deen nëmmen e puer Meter vun der Galerie ewech läit, ass schonn an der Maach.

Preparatioune fir de Konschtmaart lafen

Bis et allerdéngs souwäit ass, am Mäerz 2019, sinn nach vill Preparatiounen ze maachen, an de Konschtmaart am Veianer Schlass, dëse Weekend, ass och nach ze organiséieren. Am Ganze sinn hei 20 Kënschtler a Konschthandwierker, déi am grousse Rittersall ausstellen. Also eng ganz heemlech a pittoresk Ambiance, an där ee sech bei dësem kale Wieder a Rou mat de Kënschtler iwwer hir Wierker an Aarbecht ënnerhale kann.

Méi Informatiounen iwwer déi nei Galerie a wéi eng Kënschtler dëse Weekend am Veianer Schlass ausstellen, gëtt et op www.viart.lu.