Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Velvet Buzzsaw

Film

Velvet Buzzsaw

Wa Konschtwierker ufänken, Leit ëm den Eck ze bréngen - esou ongeféier léisst sech de Pitch vu "Velvet Buzzsaw" resuméieren. Den neie Film vum Realisateur vun "Nightcrawler" huet och nees d'Rene Russo an den Jake Gyllenhaal an den Haaptrollen.

auto_stories

3 min

Am Konschtmilieu vun der amerikanescher Westküst ass et e bëssi wéi iwwerall. Op Vernissagë kräize sech alleguerten d'Acteure vum Business. Galeriste schläichen duerch d'Gäng a maachen d'Aen op fir den nächste grousse Kënschtler mat deem vill Sue soll gemaach ginn.

Konschtkritiker halen hir Aen op an entscheede mat enger Kritik, engem Daum erop oder erof, indirekt doriwwer, ob deen oder déi an Zukunft immens héich côtéiert um Konschtmaart erëmzefanne wäert sinn. A ganz ënnen op der Leeder stinn d'Kënschtler, déi versichen, mat konstantem Networking an Aarschkrécherei am Gespréich ze bleiwen.

Konscht vun engem Verstuerwenen

Esou einfach a vläicht eng oder zwou Grimmele platt, zeechent den Dan Gilroy a sengem neie Film mam ominéisen Titel "Velvet Buzzsaw" d'Konschtzeen. Dës naturgetrei tëschemënschlech Dynamike ginn awer perturbéiert, wéi scheinbar Déi Konschtdecouverte gemaach gëtt! Am Appartementshaus vun enger Galeristin stierft e Mann, deem seng Wunneng bis uewen hi voll steet mat senger kënschtlerescher Aarbecht.

D'Wierk vum Verstuerwene schwätzt jiddwereen un, huet eng mysteriéis Aura an erënnert eis Spectateuren un eng Mëschung aus Francis Bacon a Lucian Freud. Dem Vetril Dease, esou den Numm vum Kënschtler, seng Wunneng gëtt eidel gemaach a vun der Galeristin Rhodora Haze versicht, deier ënner d'Leit ze kréien. De Kritiker Morf Vandewalt op där anerer Säit wëllt als grouss Kritikerinstanz an d'Anale vun der Konschtgeschicht agoen.

Jiddweree mengt Recht op e bëssi Gloire a Fric um doudege Réck vum Kënschtler ze hunn. Mee kee vun deene Leit gesäit et kommen, datt de Vetril Dease nach wierklech net säi lescht Wuert gesot huet. Bluddeg Wierder, wéi sech erausstelle wäert.

Et bitt sech näischt méi Einfaches un, wéi de Geck mam Sinn a groussem Schäin vun der Konscht ze maachen. De Zeenarist a Realisateur Dan Gilroy wëllt e Bild zeechne vun engem Schlag Mënsch, dee seng Existenz op enger dekadenter Vacuitéit opbaut. Héicht Konschtverständnis schéin a gutt, och all deene Mënsche kann et emol virkommen, eng Poubellestut oder eng Läich als Konscht mësszeverstoen.

De Gilroy hanner an d'Schauspiller virun der Kamera versichen e Film ofzeliwweren, deen esou an där Form tatsächlech alt nees eng Kéier just op Netflix lande kann. "Velvet Buzzsaw" huet do e Pinselstréch Giallo, do ee Stréch 90s Horror an zum Deel Dialogen, déi esou schlecht sinn, datt se nees esou driwwer am camp kënne verstane ginn. Just: bei aller Satir mussen och Personnagë stoen, deene bei aller Eidelheet nogekuckt gëtt. Déi hat dem Östlund säi "The Square" 2017, mee déi huet de Gilroy net.

E lëschtege, mee oninteressante Film

"Velvet Buzzsaw" beweist alt nees eng Kéier, datt de Portrait vun enger iwwerflächlecher Gesellschaft nach laang keen déiwen, net-iwwerflächleche Film garantéiert. Mee dat läit dorunner, datt d'Ästhe­tik an de formelle Partie pris leider net konsequent duerchduecht gëtt.

Dat maach elo esou klénge wéi eidelt Schwadronéiers vum Kritiker aus dem Film, mee d'Konschtwierk "Velvet Buzzsaw" weess net, wat et wëllt sinn. En eeschte Kommentar oder e pulpy dreckege Genrefilm, deen am Fong hätt kéinten de groussen Dario Argento Hommage sinn, dee "Suspiria" virun e puer Méint net war. Leider ass "Velvet Buzzsaw" weder dat Eent, nach dat Anert. Zum Deel ganz lëschteg, mee schlussendlech och esou oninteressant, wéi déi ausgestallte Konscht am Film.