Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vicky Krieps: "Ech géif de Film net nach eng Kéier dréien"

Corsage

Vicky Krieps: "Ech géif de Film net nach eng Kéier dréien"

D'Lëtzebuerger Koproduktioun "Corsage" leeft dës Woch an eise Kinoen un. D'Vicky Krieps gouf fir hir Roll als Sissi zu Sarajewo an zu Cannes ausgezeechent. Am "Grousse Kino" schwätzt si iwwer d'Dréiaarbechten.

auto_stories

3 min

Vesna Andonovic: Dir huelt et am Film "Corsage" bewosst op Iech, fir déi Roll ze leiden: Ech ka mir virstellen, datt et bestëmmt net agreabel war an deem Corset ze spillen. Wéi waren d'Dréiaarbechten?

Vicky Krieps: Also ech géif dee Film net nach eng Kéier dréinen, ganz éierlech. Ech sinn net ondankbar, ech sinn immens stolz op dee Film. Et ass eng Zesummenaarbecht vum Marie, vum Judith Kaufmann a mir. Déi zwee un ongleeflech Aarbecht geleescht an ech sinn immens stolz.

Mir hunn eis all awer e bësse verkalkuléiert, wat dee Corset ugeet. Ech hu mir a mengem schauspillereschen Éiergäiz gesot: wann déi Fra dorënner gelidden huet a mir zielen déi Geschicht, dann doen ech dat Dengen och un.

Wouriwwer mir awer net nogeduecht hunn ass, datt wann een dee Moies um 5 Auer undeet a bis Owes um 20 Auer op de Been ass: dat ass vill méi laang, ewéi esou eng Keeserin. Als Schauspiller:in steet een och de ganzen Dag - et sëtzt ee sech vläicht ee puer mol, mee am Fong ass een zéng bis zwielef Stonnen op de Been. Mat deem Truc ass dat pur Folter!

Foto: Robert M Brandstaetter

Iergendwann ass de Corset esou aschränkend, datt een net méi denke kann. Et gi Leit déi soen, datt se de Corset gären hu fir ze spillen, well e beim spillen hëlleft - mee am Fong ass et guer net esou, et ass de Contraire.

Du muss déi ganzen Zäit dogéint kämpfen, well en dech dorunner hënnert esou ze spillen, wéi s du gär géifs spillen. Et kascht vill méi Kraaft, dohin ze kommen, wou s de wëlls hikommen, oder dir selwer ze vertrauen.

Wann ech spillen, spillen ech gären immens lues. Ech vertrauen eigentlech den Zuschauer, datt deen dat alles versteet, datt en dat net muss gemoolt kréien. Et ass immens ustrengend fir mat deem Corset, dee mech déi ganzen Zäit nervt, net opzeginn an ze soe "Ma merde alors, lo setzen ech mech an den Eck, huelen den Handy a kucke meng SMSen.

Vesna Andonovic: Kënnt een duerch déi Contrainten der Figur méi no, datt een eng Dimensioun gesäit, déi een a kenger Biographie oder a kengem Bréif vun hir villäicht gesäit? Datt een dat Gefill huet, wat si villäicht hat?

Vicky Krieps: Jo dat war jo am Fong mäin Zil oder meng Hoffnung, oder dowéinst mécht een dat jo als Schauspiller. [...] Et ass mir, wéi wann et bal méi schwéier wier, der Figur méi no ze kommen, ech kann dat guer net beschreiwen.

Wat mir gefeelt huet ware Momenter, wou ee sech zeréckzitt, sech eng Kéier dohi setzt an d'Saach contempléiert. [...] Ech war an deem Corset wéi een Déier gefaangen. [...] Ech hunn dat einfach ugeholl an duerchgezunn.

Foto: Felix Vratny

Et kann ee soen et huet mir dobäi gehollef, eng live Performance dovun ze maachen, wéi een duerchhält. Ech géif et awer net nach eng Kéier maachen, well ech fannen net, datt et dat wäert ass.

Ech wousst net, datt [dee Corset] esou ee Folterinstrument ass. Dat verformt de Kierper, dat verformt deng Laun, et verformt deng Verdauung, du kanns net richteg iessen, näischt. Et ass einfach blöd!

Déi ganz Emissioun vum Grousse Kino lauschterenplay_arrow