Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill Filmer hunn eng politesch Komponent"

Berlinale

"Vill Filmer hunn eng politesch Komponent"

D'Vilfalt vun der Berlinale ass einfach ze breet: Dëst Joer goufen 385 Filmer gewisen. Déi Zuel léisst un enger seriöer Curatioun zweiwelen. Wéi ka bei souvill Filmer net och vill Kabes dobäi sinn?

auto_stories

3 min

Sarah Pepin

1951, viru 67 Joer, waren déi éischt International Filmfestspiller an der däitscher Haaptstad. Déi éischt zwanzeg Joer vum Festival ware vum Alfred Bauer als Festivaldirekter gepräägt, spéider vum Moritz de Hadeln. Mä deen Numm, deen een zënter 17 Joer mam Festival verbënnt, ass Dieter Kosslick.

Ze vill Filmer

Den Dieter Kosslick huet säi Stempel um Festival hannerlooss, an dat net just duerch d'Programmrei "Kulinarisches Kino", déi hien an d'Liewe geruff huet an all d'Staren, déi duerch hien op Berlin komm sinn. Den Direkter stoung och ëmmer erëm an der Kritik. Fir vill Leit, och Professioneller aus dem Secteur, ass d'Vilfalt vum Festival ganz einfach ze breet. Dëst Joer goufen 385 Filmer gewisen. D'Zuel léisst un enger seriöer Curatioun zweiwelen - wéi ka bei souvill Filmer net och vill Kabes dobäi sinn?

Nieft der Competitioun gëtt et nämlech d'Sektioun Panorama fir independent Film, d'Forum a Forum expanded Sektioun fir méi experimentell Produktioune vu jonke Regisseuren, Perspektive Deutsches Kino fir jonken däitsche Film, Generation, Kino iwwer Kanner a Jugendlecher, eng Retrospektiv ... ech kéint weiderfueren.

Eng politesch Komponent

D'Competitioun, déi d'Häerzstéck vum Festival soll sinn, ass all Joers gemëscht. Dëst Joer waren "In den Gängen" vum Thomas Stuber, oder "Las Herederas" vum Marcelo Martinessi wonnerbar Highlighten. A wann de Wes Anderson säi Film hei weist, weess een och: Dat si grouss Produktiounen, mat internationalem Appeal. Anerersäits ware Filmer wei "Damsel" vun de Gebridder Zellner oder "The Real Estate" vum Axel Petersen a Mans Mansson wierklech Déifpunkten, déi an enger Competitioun vu sou engem wichtege Festival u sech näischt ze sichen hunn.

Un déi ganz grouss, glamouréis Nimm um Circuit, kënnt de Festival net erun. Michael Haneke, Woody Allen, Sofia Coppola: Hir Filmer feieren hir Première zu Cannes oder zu Venedeg.

Anerersäits ass dat och der Berlinale hire Charme. Néirens gesäit een esou eng Vilfalt wéi hei. Filmer aus 78 Länner si vertrueden, an et leiert een ëmmer erëm faszinéierend nei Welte kennen. Venedeg, Cannes oder de Sundance Festival kënnen do net mathalen. Och der Berlinale hire politeschen a sozialen Engagement ass onvergläichlech. Hei geet et scho laang net nëmmen ëm de rouden Teppech, d'Promien a Stärercher. Vill vun de Filmer hunn eng politesch Komponent, op dat d'Flüchtlingspolitik, d'demokratesch Kris oder och LGBT Rechter sinn. An natierlech ass et och dee gréisste Publikumsfestival - wie sech an d'Schlaang stellt, kann e Film kucke goen. Snob a prätentiéis ass d'Berlinale net, ganz am Spirit vun der Stad, sinn d'Filmer oppe fir jiddereen.

Eng Neistrukturéierung vun der Berlinale

Trotz allem war de Festival leschten November alt erëm an d'Kritik geroden. 79 Cineasten, dorënner de Volker Schlöndorff, D'Maren Ade an de Fatih Akin, haten sech an engem oppene Bréif fir eng Neistrukturéierung vun der Berlinale ausgeschwat. Dem Festivaldirekter Dieter Kosslick säi Kontrakt leeft am Mee 2019 aus - an et goung dorëms, datt d'Neibesetzung net hannert zouenen Diere passéiert. E Gremium sollt decidéieren, wien un d'Spëtzt vum Festival kënnt, an iwwert seng grondleeënd Ausriichtung nodenken. Amplaz eng Figur aus der Verwaltung, wéi de Kosslick et war, sollt et eng, "kuratoresch Perséinlechkeet sinn, déi fir de Kino brennt". Eng Findungkomissioun ënnert der Staatsministerin fir Kultur a Medien Monika Grütters ass gegrënnt ginn, fir iwwert d'Zukunft vun der Berlinale no 2019 ze bestëmmen.

Wéi déi ausgesäit, ass elo nach ongewëss. Mä och wann d'Berlinale heiansdo qualitativ enttäuscht, ass se hautzedaags net méi aus dem Festivalcircuit ewechzedenken. An dat wäert sech esou séier och net änneren.