Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill schwaarz Kanner ginn duerch d'Hip Hop-Kultur ausgebremst"

Essai

"Vill schwaarz Kanner ginn duerch d'Hip Hop-Kultur ausgebremst"

Am Liewe koum hien nëmme weider, well hie sech vun den toxesche Wäerter vum Hip Hop lassgeléist an op d'Studie gesat huet, schreift den afroamerikaneschen Auteur Thomas C. Williams. Säi Buch "Losing my cool. Love, literature and a black man's escape from the crowd" gouf elo no néng Joer op Franséisch iwwersat: "Une Soudaine liberté. Identités noires et cultures urbaines" (Grasset). De Michel Delage hat am Juni zu Saint-Malo um Festival Étonnants voyageurs mam Thomas C. Williams geschwat.

auto_stories

7 min

Michel Delage: An Ärem Buch "Une Soudaine liberté" beschreift Dir Är Kandheet als Jong vun engem schwaarze Papp an enger wäisser Mamm, ee Jong, deem seng sozial Integratioun duerch d'Hip Hop-Kultur gebremst gouf. Wéi dat dann?

Thomas C. Williams: Fir mech fërdert d'Hip Hop-Kultur eng Zort vu schwaarzer Identitéit, déi engem de Géigendeel vun deem vermëttelt, wat ee brauch, fir et als Kand aus de Mëttelklassen an der Mainstream-Gesellschaft zu eppes ze bréngen. Dat ass elo keng Brems fir all schwaarzt Kand. Mee vill vu menge Kolleegen a sécherlech och ech selwer, mir wollten eis eng Identitéit ginn, mat där mir am Fong näischt ze dinn haten. Ee vun de gréissten Obstakelen, op déi ee mat 12, 13, 14, 15, 16 Joer ka stoussen, ass de Gedanken, datt et net "cool" wier ze studéieren.

Du méchs, wéi wann s du e Liewen am Ghetto oder op der Strooss géifs féieren, och wann s de net do bass. Mee dat schuet dir nëmmen. Ech selwer hat eng Zort Duebelliewe geféiert: mäi Papp hat dofir gesuergt, datt ech studéiert a Saache gemaach hunn, déi ech viru menge Kolleegen a soss Kanner aus mengem Alter wollt verstoppen. Um Enn war ech ee vun deenen eenzege Kanner, déi an e "College" gaange sinn.

Dir sot selwer, Dir wiert e Kand aus de Mëttelklassen. Elo ass Hip Hop éischter mat der Aarbechterklass respektiv mat aarme gesellschaftleche Klasse verbonnen ...

Hip Hop ass e System vu Wäerter, dee vun a fir eng Zort Existenz vun nidderege soziale Klasse geschaaft gëtt. Et geet net drëms, de Leit virzegeheien, datt si aarm sinn an dofir déi Kultur schafen. Mee et ass net onbedéngt an dengem Interessi, dech un dee Wäertesystem ze halen. Dobäi kënnt, datt dat an den 1990er an 2000er Jore kommerziell ausgebeut an op eng zynesch Manéier Schwaarze verkaf gouf als hiert "authentescht Wiesen". Anerersäits hu vill wäiss an net-schwaarz Kanner déi Musek gelauschtert, ouni datt si dee schiedleche Gedanken haten, datt däi richtegen Ech ee Stroossen-Ech wier ("that their true self was a street self").

"Intellektuelle Succès gëtt als net 'cool' ugesinn"

Dir lieft elo zanter 2011 a Frankräich [den Thomas C. Williams schreift do ënner anerem Artikele fir den New York Times Magazine oder den New Yorker, md]. Do hutt Dir sécherlech d'Geleeënheet, fir d'Hip Hop-Kultur ze observéieren, sou wéi si aus de Vereenegte Staaten importéiert gouf.

Frankräich ass de weltwäit zweet-gréisste Marché fir Hip Hop. Interessanterweis steet déi Kultur fir de Widderstand géigeniwwer dem Mainstream, sief et a Frankräich, Däitschland oder England. Dës rebellesch, jugendlech Kultur, fënnt typescherweis eng Resonanz bei soziale Gruppen, déi sech iergendwéi ënnerdréckt fillen. A Frankräich sinn et vill Araber a Schwaarzer aus de Banlieuen. Et ass eng Manéier, fir deenen eng Stëmm ze ginn, déi keng Stëmm hunn.

Hip Hop huet natierlech och vill positiv Eegenschaften. De Problem ass awer dee Gedanke vu "coolness", deen ech am Buch versichen erauszeschaffen. Domat ginn Erfollegrezepter verkaf, déi grad net déi richteg sinn, fir et an der Mainstream-Gesellschaft zu eppes ze bréngen.

Wat brauch een da, fir et zu eppes ze bréngen?

Beim Ëmgang tëschent Männer a Fraen, zum Beispill, ginn Iddie vermëttelt, déi engem gudde Bestietnis am Wee stinn: d'Iddi, datt een e Player muss sinn a Frae muss erueweren, eng déif verwuerzelt Misogynie ... Alles dat féiert net wierklech zu engem erfollegräiche Familljeliewen. Wëssen, dat ee sech a Bicher ugëeegent huet, intellektuelle Succès ginn net als "cool" ugesinn, am Géigesaz zu sportleche Leeschtungen. Dobäi huet ee méi dovunner, op säin Intellekt ze setzen, wéi op eng Carrière am Sport, am Danzen oder am Rap.

An den USA sinn déi sozial Bedéngungen zwar anerer wéi fir Minoritéiten an de franséische Banlieuen. An Amerika gëtt déi schwaarz Identitéit jiddefalls mat enger "street"-Attitüd verbonnen, an där Succès an der Schoul als e wäisst Behuelen ugesi gëtt.

An de 1960er an 1970er Joren haten déi britesch "Cultural Studies" Jugend-Subkulturen als eng Form vu sozialem Widderstand géigeniwwer der dominanter Kultur gewäert, an deemno als e Facteur vun individueller Emanzipatioun. Är Erfarung schéngt deem ze widderspriechen ...

Am Buch wollt ech kloerstellen, datt et mir net drëms geet, Rassismus an déi sozial Exklusioun vu Kanner ze ignoréieren. Deel vun enger Widderstandskultur ze sinn, féiert och duerchaus zu enger Form vu Selbstuechtung. Mee ech bezéie mech op de Soziolog Orlando Patterson, dee mech während menge Studie staark beandrockt hat, net eleng well seng Theorië sech mat menger eegener Liewenserfarung gedeckt haten. Och wann dës Kultur vun der "cool"-Attitüd engem duerchaus Selbstuechtung gëtt an och Schutz virun der Humiliatioun duerch Exklusioun bitt, féiert si zu Erfolleg baussent dem Mainstream, zu Erfolleg an enger Widderstandskultur.

"Keng Kritik un der Musek, mee um Ethos vum Hip Hop"

Mäi Buch ass sécherlech keng Kritik um Hip Hop als Museksgenre. Fir mech ass et eng brillant musikalesch Form, et sinn ausseruerdentlech Fäegkeete gefuerdert fir ze rappen, fir Wierder zesummenzebréngen. Mir geet et ëm den Inhalt, d'Wäerter, déi am Hip Hop verherrlecht ginn.

Déi Form ass eng Zort weltlech Relioun, net wéi Jazz oder klassesch Musek, wou et haaptsächlech ëm Klang geet. Beim Hip Hop geet et doriwwer eraus ëm d'Manéier, wéi ee sech behëlt, wéi ee sech kleet. Et sinn d'Iddien, déi een am Kapp huet oder awer sech aus dem Kapp wëllt eraushalen. Et ass d'Verherrlechung vun Archetyppen, wéi de Gangster, den Zouhälter ("pimp") oder d'Klont ("hoe"). Dat gëtt de Schwaarzen dann esou verkaf: watt si méi no un dëse "street"-Image erukommen, watt dat méi hirem authentesche Wiesen entsprécht. An dat ass grondsätzlech schiedlech.

Also schéngt et net méiglech ze sinn, ze rappen a gläichzäiteg Bicher ze liesen, sech fir dat intellektuellt Liewen ze interesséieren?

Mee souguer dat ass et ëmmer nach ginn. Rapper wéi de Mos Def oder de Common Sense sinn héich intellektuell, mee déi Typpe sinn Ausnamen. Wann ee kuckt, wien d'Hip Hop-Kultur an den 1990er an 2000er bestëmmt huet, dat si Leit wéi Jay Z, DMX, Fifty Cents, Dr. Dre oder NWA ... Do ass de Message: authentesch bleiwen, an authentesch bleiwen heescht, eng "street"-Attitüd fleegen. Domat verkeeft een deene Schwaarzen eng Versioun vum Liewen, déi extrem limitéiert ass.

Wéi ee Liewensstil huet Iech et dann erlaabt, weiderzekommen?

Mäi Papp ass e Schwaarzen, deen an den 1930er an Texas gebuer ass, wéi d'Rassentrennung a Kraaft war, ee Véierelsjoerhonnert éier déi zivil Rechter fir Afroamerikaner ageféiert goufen. Et ass Bildung, déi hie weiderbruecht huet. Doheem war et seng Obsessioun, datt ech géif studéieren an e "college" géif besichen. Wéi ech op der "high school" ënner Kolleege war, do hunn ech mech op eng Manéier beholl, doheem dann anescht. Soss wier et fir mech onméiglech gewiescht.

Wéi ech ugefaangen hu mat liesen, hunn ech gemierkt, datt et vill verschidde Méiglechkeete ginn, fir authentesch schwaarz ze sinn. Mäi Papp hat ech deemools zwar fir exzentresch a komesch gehalen, mee am "college" hunn ech geléiert, datt hien enger méi breeder Traditioun entsprach huet. Ech hunn ugefaangen, Schrëftsteller wéi den James Baldwin, de Ralph Ellison oder de Richard Wright ze liesen. Déi Leit waren all op Paräis gaangen. An Europa haten si d'Fräiheet fonnt, déi si an Amerika net haten.

Dir hat also d'Chance, dee familiären Hannergrond ze hunn, dee vill schwaarz Kanner net hunn ...

Ech wëll dat och net erofspillen - dat huet net nëmme mat mengen eegenen Ustrengungen ze dinn. Do war schonn eng Familljestruktur, déi mech ënnerstëtzt huet, och wann elo net schrecklech vill Suen do waren. Dorop wëll ech jo eraus: wann et scho fir mech esou schwéier war, all dës Stereotyppen a Klischeeën ze iwwerwannen, wéi haart muss et da sinn, wann ee kee Papp huet, deen een dozou zwéngt? A mengem Buch maachen ech op d'Gefor opmierksam, datt d'Kanner ze spéit mierken, wéi enk si hiert Liewen opgestallt hunn, wann et bis ze spéit ass fir studéieren ze goen.


Lauschtert och déi laang Versioun vum Interview, wou et zousätzlech ëm dem Thomas C. Williams seng "in-between" Positioun geet, d'Reaktiounen op säi Buch an den USA, d'Liewen als Schwaarzen a Frankräich, a säin nächst Buch:

Interview Thomas C. Williamsplay_arrow