Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virtuell Realitéit um eegene Leif testen

Filmfestival

Virtuell Realitéit um eegene Leif testen

Ee Film immersiv mat e puer Sënner erliewen. Eng Welt tëschent Fiktioun a Realitéit. Mat zéng Filmer kritt d'Virtuell Realitéit ëmmer méi eng grouss Plaz um Luxembourg City Filmfestival. Am Casino an der Stad ka jiddwereen dës Technologie um eegene Leif testen.

auto_stories

2 min

Bei gutt gemaachte VR-Experienzen huet den Notzer d'Gefill, wéi wann en op enger anerer Plaz wier. Am Casino d'Art contemporain fënnt een zéng esou Experienzen. Eng dovun huet den Titel "Fan Club" a gouf vun der Lëtzebuerger Firma A-Bahn produzéiert, vum Fransous Vincent Ravalec realiséiert.

Eng multipel Erausfuerderung

Véier Joer hätt d'Realisatioun vu sengem 55 Minutte laange Film gedauert, deen an 360 Grad gedréit gouf. Erausfuerderunge wieren et der vill ginn vun artistescher, narrativer, mee och vun technologescher Natur. "Wann ee Kino mat enger Technologie mécht, déi a konstanter Entwécklung ass, dann ass et nach méi schwiereg", esou de Vinent Ravalec.

Och fir d'Acteure wier dës Technologie eng grouss Erausfuerderung. De Vincent Ravalec huet op Theaterspiller zeréckgegraff, well e Schauspiller ëmmer eppes huet, u wat e sech orientéiere kann, wéi dem Realisateur. "Beim Dréi an 360 Grad gëtt et awer kee Realisateur, mee just eng Bull an der Mëtt. Dat heescht, de Schauspiller ass total sech selwer iwwerlooss."

Zéng ënnerschiddlech Wierker

2017 gouf et fir déi éischte Kéier e Pavillon fir Virtuell Realitéit am Casino an der Ënneschtgaass. Zanterdeem ass de Pavillon all Joer gewuess. Fir dat ze realiséiere kooperéiert de Filmfong mam Phi Zenter vu Montreal. D'Zil wier et, de Leit d'Virtuell Realitéit méi no ze bréngen, esou déi Responsabel Myriam Achard. Dat hätt zu Lëtzebuerg och ëmmer vill Succès.

Dëst Joer géifen et verschide Wierker ginn: Animatioun, Documentaire, Fiktioun. "An et geet drëms, de Leit eng Panoplie vun deene beschte Saachen aus der Virtual Reality ze weisen."

Och d'Ëmfeld ass wichteg

Fir dat Ganzt an ee Kontext vu Storytelling ze setzen, gouf d'Zeenographie am Casino ugepasst. D'Myriam Achard erkläert, datt dat net just eng einfach Installatioun mat engem Stull an engem Casque wier, mee et géif een dat e bësse wéi Theater behandelen. "Zum Beispill am Keller ginn et zwee Filmer, déi e bëssen Angscht maachen. A fir eis war et natierlech, fir dës Filmer an de Keller ze placéieren."

Wat déi dynamesch Entwécklung vun der Virtueller Realitéit ugeet, sou wier déi net konstant, do si sech alleguerten d'Acteuren eens. An d'Zukunft kuckt een awer positiv. De Produzent bei A-Bahn François Le Gall mengt, datt d'Industrie am Gaange wier sech ze strukturéieren. Lëtzebuerg wier mat Frankräich a mat Kanada Pionéier, wat d'Ënnerstëtze vun der Virtueller Realitéit ugeet, esou nach de Produzent vun A-Bahn.

Bis de 17. Mäerz kann een déi zéng Wierker am Pavillon vun der Virtueller Realitéit an der Ënneschtgaass testen.