Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Fake-Festivallen ausgezeechent

Film

Vu Fake-Festivallen ausgezeechent

Et gëtt nawell Filmfestivallen, déi et net wierklech gëtt. An zwar ëmmer méi. Dem Nicolas Steil säi Film "Le Chemin du bonheur" gouf viru Kuerzem vun zwee dubiéisen amerikaneschen Online-Eventer priméiert. Dobäi gëtt et duerchaus Krittären, déi et erlaben, legitim a Fake-Festivallen ausenaner ze halen.

auto_stories

9 min

Datt Lëtzebuerger Filmproduktiounen am Ausland Unerkennung genéissen ass an Tëschenzäit normal. Och Iris Productions hat an der Lescht erfreelech Neiegkeeten. Esou konnt een den 20. Juli op der eegener Facebook-Säit houfreg annoncéieren, datt "Le Chemin du bonheur" um Nashville Independent Filmmakers Festival 2022 mam Präis fir de beschte Long métrage belount ginn ass.

Fir den Nicolas Steil, gläichzäiteg Realisateur vum Film a President vun der Produktiounsgesellschaft, wier et schonn deen zweeten amerikanesche Präis fir dëst Joer. Den 31. Mee war et nämlech schonn d'Annonce, datt een um Sacramento World Film Festival als beschten auslännesche Film ausgezeechent gi war.

Well de Filmfong "The Way to happiness" (sou den internationalen Titel vum Film) matfinanzéiert huet, konnt sech säin Direkter Guy Daleiden matfreeën. Hien huet de Facebook-Post vum 20. Juli geliked.

Trouscht aus Amerika?

Do wou en erauskomm ass, gouf dem Nicolas Steil säi Film gréisstendeels mat schlechte Kriticken empfaangen. Zemools um wichtege franséische Marché. An der Radiosemissioun Le Masque et la Plume, eng Institutioun, déi all Sonndeg op France Inter vill gelauschtert gëtt, gouf "Le Chemin du bonheur" den 20. Juni reegelrecht massakréiert. Fir den Nicolas Steil waren déi zwee amerikanesch Präisser sécherlech en Trouscht. Zwar net Cannes, Venedeg oder Berlin, mee ëmmerhin Amerika.

Wien e bësse méi iwwer de Stellewäert vun deenen zwee Filmfestivalle wëll gewuer ginn, dee fënnt praktesch näischt. Net dee geréngste Presse-Echo iwwer den Nashville Independent Filmmaker Festival. An de Sacramento World Film Festival huet grad esou wéineg Spuere bei spezialiséierte wéi net-spezialiséierte Medien hannerlooss. A wann ee Leit aus dem Festivalmilieu freet, wéi den Alexis Juncosa, Directeur artistique vum Luxfilmfest, da gëtt een och net méi schlau:

"Je dois avouer ma méconnaissance totale de ces deux événements. Alors, je ne conteste pas leur existence. Au moment où vous me posez la question, je ne peux que vous dire: non, malheureusement. Mais je connais très bien le Nashville Film Festival qui se déroule à la rentrée."

Dubiéis Festivallen

Béid Festivallen hunn allerdéngs eng Internetsäit. Op den éischte Bléck maachen déi zwee Online-Optrëtter ee méi wéi rudimentären Androck, mat all Kéier engem änleche Passe-partout-Layout. Iwwer d'Ausriichtung vum Festival gëtt sech ganz vag gehalen. Et liest een néierens eppes vun engem Historique, sou datt dëst Joer wuel déi éischt Editioune waren.

Ëmsoss sicht een no enger Adress, net ze schwätze vun Nimm vu physesche Persounen oder wéinstens Organisatiounen, déi Responsabel géifen zeechnen. Eis Versich, fir iwwer déi standardiséiert Email-Adress, déi et dann awer gëtt, mat den zwee Festivallen a Kontakt ze trieden, si bis elo ouni Resultat bliwwen.

D'Kiischt um Kuch sinn da wuel Schreiffeeler am Numm vum Festival, an engem Fall esouguer am Logo... Amateurismus, Inkompetenz? Oder awer d'Unzeeche vun engem falschen Evenement? Alexis Juncosa:

"Le système des faux Filmfestivals est assez simple. Il y en a de plus en plus chaque année. Pour la grande majorité, ce sont de prétendus événements qui, en fin de compte, n'ont pas de réalité sur le terrain. L'objectif est juste d'encaisser les entry fees, c.-à-d. les frais de soumission d'un film au festival."

Wéi kann ee Fake-Festivallen identifizéieren?

De Luxembourg City Film Festival gehéiert manifestement net an déi Kategorie. Fir déi zu Hollywood baséiert Fachzäitschrëft MovieMaker Magazine ass de Luxfilmfest dëst Joer ee vun den "25 Coolest Film Festivals in the World".

Elo muss een sech natierlech froen, wéi een déi faul Äppel vun deene gesonden ënnerscheede kann. Fir den Alexis Juncosa gëtt et eng Rei einfach faktesch Elementer, déi et engem erlaben, e falsche Festival z'identifizéieren:

  • En Numm, deen änlech kléngt wéi en Evenement, dat bekannt a legitim ass
  • E Festival muss op der Plaz verwalt ginn. Och wann et spezialiséiert Firmae ginn, déi d'Administratioun kann iwwerhuelen. Mee wann dat vun engem anere Kontinent aus geschitt, muss een sech Froe stellen
  • Wann e Festival keng Filmvirféierungen huet, déi ëffentlech sinn oder fir e professionelle Public reservéiert (wéi zu Cannes)
  • Festivallen, déi uechter d'Welt vun deene selwechte Chaînen organiséiert ginn, sinn dacks Bedruchsmaschen
  • Héich Soumissiounsfraisen
  • Wann enorm vill Präisser vergi ginn (fir datt och keen eidel ausgeet...)
  • Ass de Palmarès vun de viregten Editiounen nozeliesen?
  • Sinn d'Präisser zertifiéiert?
  • Gëtt et e Festival-Katalog (quitt, datt deen online ass)?
  • D'Rees op de Festival brauchen d'Realisateuren oder d'Produzenten normalerweis net ze bezuelen
  • Gëtt et Presseartikelen iwwer de Festival? Wann net, ass et vläicht e ganz klenge Festival, oder en existéiert net wierklech
  • Huet de Festival Sponsoren? Asw.

Déi meeschte Krittären treffen op eis zwee amerikanesch Festivallen zou. Den Nashville Independent Filmmaker Festival kéint een effektiv mam Nashville Film Festival verwiesselen, deem seng 53. Editioun Enn September-Uganks Oktober iwwer d'Bün leeft. An de Sacramento International Film Festival, deen dëst Joer säi 27. Anniversaire feiert, gëtt wahrscheinlech nëmmen ongär mam Sacramento World Film Festival an een Dëppe geheit.

Des weidere verginn déi zwee dubiéis Festivalle Präisser an net manner ewéi 30 Kategorien, ouni erkennbar Linn a mat enger Attrape-tout-Logik. Bei deem vun Nashville, beispillsweis, geet et queesch duerch de Gaart: vum beschte Studentekuerzfilm iwwer de beschten High-school Level Kuerzfilm bis hin zum beschten net-produzéierten Dréibuch (kuerz wéi laang), woubäi d'Beräicher Erotik, LGBTQ a Mënscherechter och hir Gewënner sollen hunn. Dann awer och de beschte Long métrage, dee wéi gesot un dem Nicolas Steil säin "The Way to happiness" goung.

Zu Nashville geet keen eidel aus

Kann een an deene Fäll vu Bedruch schwätzen, Alexis Juncosa?

"On peut parler d'arnaque uniquement dans le cas où la personne qui soumet le film (vendeur, réalisateur, producteur) n'est pas conscient que c'est un faux festival et ne s'inscrit pas dans le but d'avoir un prix sur un festival qui n'a pas de légitimité. C'est la grande majorité des cas. Après, il y en a qui choisissent de s'inscrire dans ce système là pour après pouvoir valoriser leur film avec une palme qui a été obtenue sur un festival bidon."

"Nach ni eppes vu Fake-Festivallen héieren"

Den Nicolas Steil ass ouni Zweiwel ee vun den erfuerensten Acteure vun der Lëtzebuerger Filmzeen, deen och international gutt vernetzt ass. 1986 hat hien Iris Productions gegrënnt. Den Iris Group ass an Tëschenzäit zu engem klenge Filmimperium gewuess, mat ënnert anerem de Filmland-Studioen ze Kielen, a Filialen a Frankräich, der Belsch, Däitschland a Groussbritannien.

E Firmegeflecht, dat souwuel an der Produktioun wéi och der Distributioun an der Vente vu Long-métragen aktiv ass. Mee duerchaus och vu Serien: Iris huet zum Beispill déi zwou Staffele vu "Bad Banks" co-produzéiert. Iwwerdeems ass den Nicolas Steil zënter 1997 Generalsekretär vum Lëtzebuerger Produzenteverband ULPA, ass President vum TOL a war bis virun e puer Joer President vun der Theater Federatioun.

Op eis Nofro hin huet den Nicolas Steil näischt Anormales bei den zwee amerikanesche Festivallen, déi e priméiert hunn, wollte feststellen. Op detailléiert Froe wollt de Realisateur a Produzent sech net weider aloossen.

Fir d'Generaldirektesch vum Iris Group, Katarzyna Ozga, gëtt et "keng Beweiser, datt et sech ëm louche Festivallen handelt". Vu Fake-Festivallen hätt si "nach ni eppes héieren". En opgehollen Interview wollt si op eis Nofro hin net ginn. A falls et Problemer mat deem engen oder anere Festival géif ginn, da misst een sech un d'Plattform FilmFreeway adresséieren. Déi wier dofir Responsabel, sou d'Produzentin.

Wéi eng Roll spille Soumissiouns-Plattformen?

Wéi esou vill Realisateuren a Produzenten hätten och den Nicolas Steil a seng Firma Iris hire Film "Le Chemin du bonheur" där Vermëttlungsplattform uvertraut. Wat ass vun där Plattform, déi iwweregens d'Festivals-Klassement vu MovieMaker Magazine gesponsort huet, ze halen, Alexis Juncosa?

"FilmFreeway est une des références mondiales dans les plateformes de soumissioun. Ce sont des interfaces, sur lesquels les ayants droits d'un film peuvent le soumettre auprès de différents festivals qui ont choisi cette plateforme comme partenaire. Cela leur permet de faciliter le principe de soumission. En ce sens, FilmFreeway comme ses concurrents (Withoutabox, Festhome, ShortFilmDepot, Reelport, Clicforfestivals, etc.) sont des outils parfaitement légitimes. Là, on parle d'un usage détourné de ces plateformes de soumission."

Fir genee géint dëse Mëssbrauch virzegoen, gouf viru Méint op der Petitiounsplattform change.org eng Petitioun lancéiert. Hiren Initiateur Andrea Gatopoulos rifft FilmFreeway dozou op, Fake-Fimfestivalle bei sech ze verbidden. Bei iwwer 4.000 reelle Festivallen uechter d'Welt an enger onbekannter Zuel u falschen Eventer weist sech den Directeur artistique vum Luxfilmfest éischter skeptesch:

"Ce serait très compliqué pour une plateforme comme FilmFreeway ou Withoutabox, qui gèrent beaucoup de demandes, de faire le tri. Vous pourriez effectivement être un vrai festival légitime qui arrive et ne pas avoir accès à la plateforme jusqu'à ce que vous ayez fait preuve d'une certaine probité. Ce qui est problématique, c'est des gens connus et identifiés pour développer des dizaines et des dizaines de faux festivals dans le monde entier."

"Cette réputation de gens qui achètent leur carrière"

Eng méi einfach Léisung gesäit den Alexis Juncosa um Niveau vun de Realisateuren, Produzenten a Verkeefer:

"Avant de soumettre un film et surtout avant la promotion d'un prix que l'on aurait obtenu à l'un de ces festivals bidons, se renseigner sur la légitimité et la réalité de l'événement. C'est pour moi la façon la plus honnête et la plus réaliste d'opérer un nettoyage."

De kënschtlereschen Direkter vum Luxfilmfest warnt och jonk Cineastinnen a Cineasten. Besonnesch am Beräich vun de Kuerzfilmer wéilten sech der vill iwwer de Wee vun zweiwelhafte Festivallen en Numm maachen.

"Ils vont payer pour obtenir des prix à ces faux festivals pour après en faire la promotion sur leurs réseaux sociaux, leurs affiches, dans leurs processus de soumission... Je tiens vraiment à dire que c'est un pari très risqué. Personne n'est dupe et les gens qui se rendent complices de ce genre de fraudes sont, en général, identifiés par le circuit. Ils auront peut-être une notoriété de circonstance auprès de leurs potes et de personnes qui ne connaissent pas le milieu. Mais auprès du secteur, malheureusement, ça se sait. Les gens qui abusent de ce système-là finissent toujours par en payer le prix. Ils se retrouveront un peu enterrés dans cette réputation de gens qui achètent leur carrière. Et je crois que ce n'est à la gloire de personne."


Europa Film Festivals, de Reseau vun 12 Festivallen, zu deem de Luxfilmfest gehéiert, ass sech Mëtt Juli mam Distributeursverband Europa International op eng ganz Rëtsch vu gudde Praktiken eens ginn. Ënnert anerem gëtt am ënnerschriwwenen Dokument festgehalen, wat e Filmfestival ausmécht.