Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass den neie Burton wäert?

Filmkritik

Wat ass den neie Burton wäert?

Dem Tim Burton säi jéngste Film "Miss Peregrine’s Home for Peculiar Children" ass eng Aventure mat Zäit-Loopen, ongewéinleche Kanner mat nach méi ongewéinleche Fähegkeeten a mat Monsteren, deenen Tentakelen aus dem Mond wuessen.

auto_stories

4 min

"Pecular" Kanner sinn am Film ze gesinn. Foto: Fox Movies

"Miss Peregrine’s Home for Peculiar Children" ass dem Tim Burton seng Adaptatioun vun engem Bestseller aus dem Joer 2011. De Schrëftsteller Ransom Riggs huet eng Geschicht voller fantastescher Personnagen an onerhéierte Phänomener ëm seng eege Kollektioun vun ale Postkaarten opgebaut. Postkaarten, déi kuriéis, an dacks onheemlech Begebenheeten oder Figuren opweisen: Leit ouni Pupillen oder Mënschen déi allem Uschäin no fléien.

Dat huet hien inspiréiert an entstanen ass ënner anerem d'Figur vun der formidabeler Miss Peregrine: Si ass d’Direktesch vun enger Zort Internat oder Weesenhaus, dat Kanner ophëlt, déi eppes Besonnesches u sech un. Peculiar, eben. D'Kanner hu beispillsweis iwwernatierlech Kräften. Oder si hunn ee Beiestack mat liewege Beien am Bauch.

Eng Parallelwelt

Dobaussen an der Welt si si net sécher. D’Miss Peregrine selwer verwandelt sech geleeëntlech an e Vugel. A si kann Zäit-Loopen schafen, bannent deenen deeselwechten Dag sech ëmmer an ëmmer erëm widderhëlt. Wat ganz praktesch ass fir sech een Desaster vum Läif ze halen: All Kéiers, just an deem Moment ier d’Schicksal zouschléit, setzt een d’Auer 24 Stonnen zeréck an d’geet erëm eng Ronn weider -virausgesat et beherrscht een d’Regele vun der Pénktlechkeet.

Datt esou extravagant Saache méiglech sinn, dorunner huet den Jake - ee ganz gewéinleche Jonke vun haut dee mat senger Famill a Florida lieft - seng ganz Kandheet laang gegleeft. Säi Bopi huet him ëmmer esou Geschichten erzielt. Mëttlerweil mengt den Jake allerdéngs beim Bopi eng liicht Altersdemenz erkannt ze hunn. Bis datt deem léiwen ale Mann enges Daags eppes Schreckleches zoustéisst.

Hien huet esou just nach Zäit, fir dem Jake e puer egnimatesch Hiweiser a Warnunge mat op de Wee ze ginn. A sou mécht dee sech, mat sengem Papp, op de Wee fir op enger verloossener walisescher Insel no der Miss Peregrine, an hirem "Home for Peculiar Children" ze sichen. Déi trëfft hien no e puer Komplikatiounen och wierklech un.

Den Held, een Aussesäiter

Am Tim Burton sengem Universum, dee ganz mam Ransom Riggs senger Fantasiewelt harmonéiert, stinn dacks Personnagen am Mëttelpunkt, déi vun hirem direkten Ëmfeld net verstanen an ofgelehnt ginn. An déi mat der Naivitéit, a muenchmol A-Moralitéit vun engem Kand an d’Welt eraus ginn. An déi do déi batter Erfahrung maachen, datt et Béiser, richteg iwwel Charaktere gëtt, déi drop aus si fir hinnen eppes zuleeds ze doen. An déi doropshin am Schnellduerchlaf eng gewësse Maturitéit erreeche fir kënnen zeréck ze schloen.

An "Miss Peregrine’s Home for Peculiar Children", wouvun e groussen Deel sech am Joer 1943 ofspillt, lafe wuel grujeleg Monsteren duerch d’Géigend, déi extrem Beängschtegendes wëlles hunn. Souer mat Tentakelen am Mond an ouni Pupillen. Mä parallel dozou passéiert och déi weltbewegend Geschicht dobaussen. An do sinn nach ganz aner Monsteren um Wierk. Datt de Film heiansdo en Amalgamm vun deenen zwou Zorte Monsteren ze maache schéngt, ass sécherlech gewollt.

Eng Drëps schwaarzen Humor

De Chef vun deene Béisen, mat deenen den Jake, seng Frënn, an d’Miss Peregrine sech erëm klappe mussen, ass par conter een - bei aller Béisaartegkeet - zimlech Coolen. Mat den Traite vum Samuel L. Jackson dréckt hien dem Burton säi Sënn fir schwaarzen an abstrusen Humor op eng sukkulent Manéier aus.

D’Miss Peregrine gëtt, mat där néideger Dosis vun Exzentrik a Mary-Poppins-méisseger Resolutioun vun der Eva Green gespillt. An den Jake vum Asa Butterfield, dee schonn an "Hugo Cabret" vum Martin Scorsese d'Haaptroll hat.

"Miss Peregrine’s Home for Peculiar Children" sollt een, och wa Kanner vu sechs Joer un eragelooss ginn, net engem esou jonke Publikum ze kucke ginn. De Film riicht sech éischter un "young adults". Mee duerchaus och u méi eeler Cinéphil, déi sech um Burton senge ville filmeschen Allusiounen erfreeën. Bei där leider dacks onpassender Musek wëlle muss een awer een Aen zoudrécken.