Radioen

On air

Simon Says  |  Purple Disco Machine & Bosq - Wake Up! Feat. Kaleta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Paradäiser, Bicherorgien an am Marber gemeesselte Lektiounen

Zäitschrëft

Vu Paradäiser, Bicherorgien an am Marber gemeesselte Lektiounen

An der neier Ausgab vun Nos Cahiers (2021/3) liest een ë.a. e Bilan no fënnef Joer Zentrum fir politesch Bildung, e Portrait vum Sculpteur Raymond Lohr an e Playdoyer fir d'Schoul an der Pandemie.

auto_stories

4 min

D'Schoul hätt zemools an der Pandemie hir Wichtegkeet ënnerstrach, dat gëtt de Claude Heiser ze verstoen. A sengem Bäitrag erkläert den Direkter vum Stater Kolléisch, datt d'Schoul zwar net komplett vun der Gesellschaft getrennt ass : och virun den negativen Erscheinungsforme wier se deemno net ganz geschützt.

An awer wier d'Schoul net en exakt Spigelbild. Och wa keng utopesch, ideal Plaz, wier se ëmmerhin eng aner Plaz, déi d'Mëssstänn aus der Gesellschaft op d'mannst emol kéint kompenséieren. Am Géigesaz zum allgemenge gesellschaftleche Liewen, wieren d'Restriktiounen an de Schoule wärend der Pandemie bis elo manner streng gewiescht.

Wéinstens usazweis ware sportlech Aktivitéiten a sozial Kontakter méiglech, Wäerter wéi Solidaritéit, Altruismus an Empathie konnte gefleegt ginn, an déi Jonk konnte motivéiert ginn, de Kapp net hänken ze loossen, sou de Claude Heiser - ëmsou méi wichteg, well vill jonk Leit psychesch un de Corona-Restriktioun leiden.

Wou ass de Paradäis?

D'Schoul ass keng Utopie, also och kee Paradäis : iwwer deen huet sech de Raymond Schaack Gedanke gemaach. Hie proposéiert en Iwwerbléck vun de verschiddenen Opfaassunge vum Paradäis, uechter d'Geschicht an d'Reliounen, sief et den iwwerierdesche Paradäis oder deen op der Äerd, sou wéi e vun deenen engen oder anere versprach mee ni realiséiert gouf.

Vläicht muss een och net esou grouss gesinn, a sech einfach op d'Fleeg vum eegene klenge Gaart limitéieren, oder op d'Léift. Souwisou, schreift de Raymond Schaack, deen eenzegen a richtege Paradäis ass keen Uert, mee en Zoustand : d'Vereenegung mat Gott, " principe d'Amour suprême ", dee weder zäitlech nach raimlech situéiert wier.

Bicher um Menü

Vir net wéineg Mënschen ass d'Welt vun de Bicher eng Zort Paradäis. D'Bicher, déi ee schmaachen, knaen, degustéieren, verschléngen, souguer kannibaliséiere kann, Bicher, déi fir muncher een eng liewesnoutwenneg geeschteg Ernierung sinn, mee déi ee virdrun och verdaue muss. De Guy Weirig geet a sengem Aufsatz op déi erstaunlech breetgefächert Metapheren an, déi d'Lektür mat der Gastronomie, dem Iess- an dem Verdauungsprozess verbannen.

An do gëtt ee gewuer, datt dat en duerchaus ganz konkreten Ursprong huet : Manuskripter oflecken oder schlécken huet zënter der Antiquitéit och eng magesch Bedeitung. Am Mëttelalter kruten d'Kanner Stécker vu reliéise Schrëften an de Bräi gemëscht, fir esou hire Glawen ze stäerken. Bis an d'20. Joerhonnert era goufen et sougenannte Schléckbillercher, kleng Ziedele mat Kultbiller, déi als Volléksmedezin agesat goufen.

De Sculpteur Ray L.

De Pabeier dierft méi einfach ze schlécke si wéi de Marber, d'Matière, mat där sech de Sculpteur Raymond Lohr zënter Enn den 90er Jore beschäftegt. D'Georgette Bisdorff zeechent de Portrait vum Ray L., wéi e mam Kënschtlernumm heescht.

De Ray L. verschaaft sech seng Steen- oder Marberbléck zënterhier zu Pietrasanta an Italien, wou zwou Rencontere seng Karriär decisiv beaflosst hunn : déi zwee Sculpteuren Cesare Riva a Michele Benedetto. Seng Inspiratioun fënnt de Raymond Lohr an der Realitéit, am konkrete Liewen, an der Politik. Wéi beispillsweis d'Bommeleeër-Affär, déi dem Artist d'Wierk " Stay behind " suggeréiert huet : en Detonateur a Form vu Kräiz.

Politesch Bildung

Eng Form vu politescher Lektioun, déi an der Marber gemeesselt ass, an déi vläicht zukünfteg Generatiounen opgräifen. Den Historiker Marc Schoentgen zitt sengersäits e Bilan vun den Aktivitéite vum Zentrum fir politesch Bildung, deen zënter senger Grënnung viru 5 Joer vun him geleet gëtt. E laangen Historique soll weisen, datt den ZPB näischt méi mat der staatstreier ''Bürgerkunde'' ze dinn huet, sou wéi se virun engem Joerhonnert am Lëtzebuerger Bildungssystem agefouert gouf a vir laang Zäit d'Norm war.

Mat politescher Indoktrinatioun hätt dës jonk Institutioun näischt méi ze dinn, sou de Marc Schoentgen. Den Zentrum fir politesch Bildung wier beméit, seng Onofhängegkeet ze stäerken, Onofhängegkeet besonnesch och géigeniwwer der Dräierkoalitioun, déi den ZPB 2016 an d'Liewe geruff huet.

E Manktem u Personal géif een drun hënneren, méi séier mat pedagogeschen Offeren op aktuell Themaen ze reagéieren, zum Beispill Gender-Froen, d'Fridays for future-Beweegung, Populismus an Antisemitismus zu Lëtzebuerg, oder nach d'Auswierkunge vun der Covid-Pandemie op d'Demokratie.

Des weidere kéint d'Politesch Bildung ze Lëtzebuerg méi op Sujeten agoen, déi bis elo éischter um Rand behandelt géifen : Aarmut vs Wuelstand an d'Logementsproblematik, Virstellunge vun Demokratie, Migratiounsgesellschaft, Wirtschaft an Nohaltegkeet. De Marc Schoentgen bedauert, datt hei am Land, souwuel an der Schoul wéi an der Gesellschaft léiwer op Konsens gesat gëtt wéi op kontrovers Diskussiounen, ënnert anerem a Bezuch op d'Europäesch Unioun, iwwer déi een hei am Land haaptsächlech e positiivt Bild wéilt vermëttelen.