Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Asyldemandeur zum Schrëftsteller

Kultur

Vum Asyldemandeur zum Schrëftsteller

2008 kritt den afghanesche Schrëftsteller Atiq Rahimi de Prix Goncourt fir säi Roman "Syngué sabour. Pierre de patience". 1984 hat de Rahimi Asyl a Frankräich kritt, nodeems hien aus Afgahnistan iwwer Pakistan a Frankräich geflücht war. Dëst Joer huet hien zu Saint-Malo um Festival Étonnants voyageurs säin neie Roman "Les porteurs d'eau" virgestallt. Bei där Geleeënheet ass d'Valerija Berdi dem Schrëftsteller begéint.

auto_stories

3 min

Den Atiq Rahimi ass 1962 zu Kabul gebuer, als Jugendlechen huet hien de Krich an Afghanistan materlieft, hie flücht an de Pakistan an do mécht hien eng Demande fir Asyl a Frankräich ze kréien. Dësen Asyl gëtt him accordéiert.

Den Atiq Rahimi publizéiert säin éischte Roman a franséischer Iwwersetzung am Joer 2000 - "Terres et Cendres" - deen hien och selwer verfilmt. Eng Erzielung, déi sech am Afghanistan ofspillt nom Amarsch vun der Sowjetunioun.

2008 schreift den Atiq Rahimi säin éischte Roman op Franséisch - "Syngué sabour - Pierre de patience" - deen dat selwecht Joer mam Prix Goncourt ausgezeechent gëtt. De Wiessel vun der Sprooch hätt sech einfach erginn.

"La chambre est petite."

Wéi hien dëse Roman ugefaangen huet, ass him den éischte Saz op Franséisch komm: "La chambre est petite." Hie war zu dem Zäitpunkt zu Paräis an engem Hotelszëmmer. Esou koum dee klengen, einfache Saz, deen awer de Keim vun der franséischer Sprooch a sech dréit. An e Roman mat engem bestëmmten Artikel unzefänken, dat hätt hien iergendwéi och irritéiert. Et war, wéi wann hien do direkt eng Konversatioun mat senge Lieser ugefaangen hätt, mat sech selwer, mat senge Personnagen.

"Syngué sabour - Pierre de Patience" - Eng Fra setzt nieft hirem Mann, engem afghaneschen Zaldot, deen um Stierwe läit. De Roman ass e Monolog vun dëser Fra, déi hirem Mann hiert Liewen, hir Gefiller an hir Iwwerleeungen erzielt, hir Dreem a hir Wënsch devoiléiert, all dës Wierder, déi si him nimools als Fra ënner aneren Ëmstänn hätt kënne soen ...

Esou eng Geschicht erzielt sech fir den Atiq Rahimi besser op Franséisch wéi op Persesch.

Tabubréch

Hien huet an dësem Roman Tabue vu senger Kultur gebrach. Hie schreift iwwer d'Sexualitéit, dann och nach iwwer déi weiblech Sexualitéit, wat jo nach méi en Tabu wier, e Mann, deen doriwwer schwätzt, och nach an enger afghanescher Sprooch. Hien huet einfach déi Fräiheet gebraucht, an dann hätt hien sech misse vun der Konnotatioun vu senger Mammesprooch befreien, alles briechen, wat hie mat senger Mammesprooch verbënnt. Hien hätt seng Sprooch a seng Kultur verroden, gëtt him am Afghanistan reprochéiert.

Mat 16 Joer geet den Atiq Rahimi an Indien. Do léiert hien eng Kultur kennen, déi hie begeeschtert. Et ass de Buddhismus, deen hie kenneléiert, ouni awer datt hien doduerch reliéis gëtt, et ass einfach, datt aner Glawensrichtungen him weisen, datt et eben net just déi eng Welt gëtt, an där ee lieft, datt et vill Methode gëtt d'Saachen ze gesinn an se ze betruechten:

J'aime l'idée de renaître quelque part, renaître grâce à une rencontre, une rencontre avec une personne, rencontre avec un livre, rencontre avec un pays, une culture, une langue, et ça nous change, ça nous bouleverse, ça nous ouvre les yeux, ou le contraire, nous ferme, nous referme les yeux, mais il y a toujours une rencontre et ça m'intéresse énormément.

Les porteurs d'eau

Elo koum dem Atiq Rahimi säin neie Roman eraus, Les "porteurs d'eau". Eng Geschicht mat zwou Geschichten. Op där enger Säit de Yüsuf, e Waasserdréier am Afghanistan, op där anerer Säit den Tom, deen zu Paräis am Exil lieft. Zwee Männer, déi am Laf vun der Geschicht zu neien Erkenntnisser kommen.

Mee den Atiq Rahimi ass net just Schrëftsteller, mee och Cineast, an als Realisateur kënnt hien dann och d'nächst Joer op Lëtzebuerg fir d'Verfilmung vum Amin Malouf sengem Roman "Les Echelles du Levant", dee vum Lëtzebuerger Filmfong matfinanzéiert an och deelweis zu Lëtzebuerg gedréit gëtt.