Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ben Howard - Only Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Falestellen zum Fracking

Comic

Vum Falestellen zum Fracking

Den Joe Sacco ass ee vun de Pionéier vum Comic-Journalismus, dee fir seng Reportagen iwwert den israeelesch-palestinensesche Konflikt an iwwert de Bosniekrich vill Luef a Präisser krut. Fir säin neit Buch mam Titel "Paying the Land", erauskomm bei Jonathan Cape, ass hien an d'Nordwest-Territoirë vu Kanada gereest.

Seele gëtt et an dëser Reportage eng Ausso, déi net op anerer Plaz relativéiert oder kontextualiséiert gëtt. "Paying the Land" bitt engem en déiwe Bléck an déi faszinéierend a räichhalteg Geschicht vun den Dene, ouni romantesch Verklärung, dofir mat klorem Bléck fir d'Komplexitéit vun hirer Situatioun.

auto_stories

4 min

Wat huet et mat dëser Rees op sech?

Jeff Thoss: De Joe Sacco war zu Besuch beim Vollek vun den Dene, deenen hir ganze Kultur sech am Laf vu just zwou bis dräi Generatioune radikal geännert huet.

Am éischte Kapitel erënnert sech e Mann vun den Dene drun, wéi hien als Kand nach um traditionellen, nomadesche Liewensstil vun den Urawunner deelgeholl huet. Si ware Jeeër, Falesteller a Fëscher an si mam Wiessel vun de Joreszäite weidergezunn.

Am zweete Kapitel sprange mer an d'Géigewaart a gesinn, dass d'Dene e westlecht, europäescht Liewe féieren: si schwätzen Englesch, liewen a klenge Stied a schaffen (wann se net am Chômage sinn, wat och e Problem) a Minnen, well, an de Nordwest-Territoirë gëtt et Ueleg, Gas an Diamanten, fir déi sech d'kanadesch Industrie interesséiert. Esou gesäit ee ganz plakativ déi Verännerungen, vun deenen d'Dene betraff sinn, an natierlech och d'Konfliktpotential, dat se mat sech bréngen.


Foto: Joe Sacco


Wat ass dem Joe Sacco seng Approche zu deene Verännerungen a Konflikter?

D'Buch baséiert op Interviewen, déi den Zeechner an der Manéier vun engem Ethnograph geféiert huet, an et besteet och zum groussen Deel aus Temoignagë vun den Dene, déi de Joe Sacco arrangéiert, mat senge filigrane Schwaarz-Wäiss-Zeechnungen illustréiert a mat sengen eegene Observatioune presentéiert, woubäi déi elo éischter am Hannergrond stinn.

Doduerch, datt vill Dene selwer zu Wuert kommen, geléngt et dem Sacco, ganz vill verschidde Facettë vun hirer Geschicht an hirer Gesellschaft ze weisen. Wat am Ufank no enger einfacher Oppositioun vun der traditioneller, authentescher Kultur vun den Urawunner, déi an Harmonie mat der Natur liewen, op der enger Säit an dem westleche Kolonialismus, Kapitalismus mat senger Exploitatioun vu de Mënschen, mat senger Zerstéierung vu den Ëmwelt op der anerer Säit, ass vill méi komplex.

An op den 260 Säite vum Comic bréngt de Joe Sacco ëmmer erëm nei Elementer an d'Spill, iwwerrascht een ëmmer erëm op e Neits, esou datt dat Bild, dat ee vun den Dene krit, ëmmer méi differenzéiert gëtt.


Foto: Joe Sacco


Jeff, kanns de e puer Beispiller dofir nennen?

Gären. Et gëtt zum Beispill ee Kapitel, dat sech mat der Geschicht vun den Accorden iwwer d'Notzung vum Land tëschent der kanadescher Regierung an de Dene respektiv verschiddene Stämm vun den Dene befaasst. De Joe Sacco weist, datt d'Verhandlungen dozou eng Fro vu Joerzéngte sinn, wou deelweis al Accorden erëm opgeléist ginn, an datt grouss Konflikter tëschent den Dene ginn, wann et ëm d'Fro geet, zu wéi enge Konditiounen ee sollt d'Extraktioun vu Ueleg asw. erlaben. Traditionell soen d'Dene, dass hiert Land net hinne gehéiert, mee si dem Land, a verschidden Aktiviste vertrieden och weider dës Positioun, wärend anerer probéieren, sech pragmatesch mat der Regierung z'arrangéieren.

En anert Beispill, wat och ganz spannend ass, ass e Kapitel iwwer d'Schoulen, wou ee gewuer gëtt, datt d'Dene laang Zäit gezwonge goufen, hir Kanner a kathoulesch Internater ze schécken. Am Numm vun der Ziviliséierung, der Christianiséierung goufen d'Kanner carrement entféiert, mam Fliger opgesammelt an an déi Schoule bruet, wou et och vill Mëssbrauch gouf.

Mee esou guer hei, an dem klore Fall vun Onrecht, gëtt Tëschentéin. Esou erzielt dann eng Fra, datt d'Nonnen an deene Schoulen oft als jonk Meedercher am Québec vun hire Familljen zur deem Choix gezwonge goufen. Dat ass e Muster, wat ee ganz oft am Buch. Esou bal ee seet "Et wier besser, wa mer all erëm géifen an d'Wildnis liewe goen", erzielt kuerz drop en aneren, wéi haart a geféierlech dat Liewen. Esou gëtt ëmmer ganz vill gro a "Paying the Land".

Dat kléngt no engen duerch an duerch positive Fazit.

Absolut. Et ass e Comic, dee mat enger grousser Kloerheet a vill Wäitsiicht gezeechent an eben enorm räichhalteg ass. Et kritt een e ganz déiwe Abléck an d'Geschicht vu den Urawunner, ouni romantesch Verklärung, an et gesäit een eben d'Problemer, mat deenen si duerch de Kontakt zur westlecher Welt ze kämpfen, an dass et do keng einfach Léisunge ginn.