Bal zéng Joer Burgtheater war just eng Etapp am Florian Hirsch senger professioneller Carrière. Virum Burgtheater war Berlin laang seng artistesch Héichbuerg. Hien huet och vill an der Berliner OFF-Theaterzeen geschafft. Dono war hien um Maxim-Gorki Theater, éier hie fir d'Saison 2011-2012 op de Wiener Burgtheater gewiesselt ass. Elo huet hien de Schratt vun der grousser Wiener Bühn, an eng méi iwwerschaubar Institutioun.
Zil: Nei Projeten a Koproduktioune mat aneren Theateren
Den TNL hätt eng Equipe, déi en internationalen a multilinguale Programm realiséiert, a besonnesch dat wier fir de Florian Hirsch de grousse Reiz op Lëtzebuerg ze kommen. Mee déi zéng Joer Buergtheater zu Wien wiere fir den Dramaturg eng besonnesch Schoul gewiescht. Hie konnt zu Wien mat ville Regisseurinnen a Regisseuren aus verschiddene Länner a Kulturen zesummeschaffen. Dofir wier d'Freed fir hien och grouss, mat Lëtzebuerg e weidert Land an och e weidert Theaterland kennenzeléieren.
Ee vu sengen Ziler wier et, fir vill Kënschtler mat deenen hie schonn zesummegeschafft huet, an den TNL ze bréngen a mat hinnen nei Projeten a Koproduktioune mat aneren Theateren ze realiséieren.
Dräilännereck, kulturell Diversitéit a besonnesch Sproochesituatioun
Och déi speziell Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg hätt de Florian Hirsch op Lëtzebuerg gezunn. Praktesch jiddweree schwätzt a versteet verschidde Sproochen: Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch. Et wier e Glécksfall fir e Publikum ze hunn, dat d'Stécker versteet, egal a wéi enger Sprooch Theater gemaach gëtt.