Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walfer Bicherdeeg vum 19. bis 20. November 2022

Vom Wachsen und Wurzelnschlagen

Walfer Bicherdeeg vum 19. bis 20. November 2022

Dëse Samschdeg, 19. November maachen d'Walfer Bicherdeeg hir Diere fir de grousse Public op, dat bis e Sonndeg, 20. November. D'Theema vun dëser Editioun vum Buchfest ass "Vom Wachsen und Wurzelnschlagen", an de radio 100,7 ass de ganze Weekend iwwer live op der Plaz.

auto_stories

1 min

D'Walfer Bicherdeeg sinn zanter 1995 e feste Rendezvous fir d'Bicherwierm am Land, dat um Site vum Stade Prince Henri zu Walfer.

Professionell Editeuren an Institutiounen si mat iwwer 180 Aussteller dëst Joer an der Hal zwee vertrueden. An der éischter Hal gëtt den traditionellen Occasiouns-Bichermaart organiséiert, a fir déi jonk LieserInne gëtt et och eng speziell Ausstellung mat Kannerliteratur am Centre Prince Henri.

Doriwwer eraus ginn et och Fotoausstellungen, Liesungen, a Méiglechkeeten, fir SchrëftstellerInnen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun kennenzeléieren. De ganze Programm fannt dir hei.

radio 100,7 ass och mat dobäi

De radio 100,7 ass de ganze Weekend iwwer op der Plaz, a wäert e Samschdeg am Nomëtteg punktuell op der Antenn vun de Bicherdeeg beriichten.

E Sonndeg gëtt och d'Sendung "Déi wonnerbar VaLibrairie" live vun de Walfer Bicherdeeg gesent. Visiteure kënnen och bei de Stand kucke kommen, dat tëschent 11h00 an 12h00 Auer am Café littéraire an der Hal zwee.