Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ni'jah - Big World Feat. Kirby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wandmolereien" vum Daniel Wagener

Bildend Konscht

"Wandmolereien" vum Daniel Wagener

Wat Programméierer "Yaks raséieren" nennen, huet de Kënschtler Daniel Wagener fir d'Cecil's Box adaptéiert. Eng komplex, verschachtelt an net on-technesch Installatioun an där et ëm d'Komik vum Forcéierte geet.

auto_stories

4 min

Den Daniel Wagener

Beim "Wandmolerei" denkt een eventuell un d'Lascaux-Grotten oder un d'Fresken an der sixtinescher Kapell. Mee den Daniel Wagener huet et léiwer méi spilleresch, manner sérieux. Seng Installatioun an der Cecil's Box besteet aus engem Föhn vum Floumaart, dräi klenge Wandrieder aus Chrëschtbullen an dräi butzege Studiotëleeën aus den 90er Joeren, déi de Kënschtler an Holland entdeckt hat. Titel vum Wierk: "Images éoliennes", also Wandmolereien.

De Kënschtler erkläert de Fonctionnement vu senger Installatioun esou: "De Föhn riicht sech op d'Wandmillen aus, an déi weise pro Ëmdréinung ee Bild un. Wat déi méi séier dréinen, wat et méi laang leeft. Am Ganze wäerten zwou Stonne Video dra sinn, déi no engem zimlechen Zoufallsprinzip gespillt ginn. Doduerch, datt de Föhn sech och beweegt, entstinn op den dräi Ecranen ëmmer aner Associatiounen tëscht de verschidde Videoen".

Tëleeën, Kabelen, etc.

Ugefaang huet dem Daniel Wagener säi Projet mat enger Akafstour an Holland. "De Plang war deemools, an Holland ze fueren an Tëleeën ze kafen, well ech der gesinn hat, déi ech immens flott fonnt hunn a geduecht hunn, ech kéint déi iergendwann gebrauchen", erzielt den Daniel Wagener. Wéi d'Tëleeë bis kaaft waren, huet de Kënschtler ugefaange sech fir Videosignaler ze interesséieren.

Eng vu sengen éischten Iddie fir d'Cecils Box war et am Ratskeller eng Iwwerwaachungskamera ze installéieren an d'Biller an d'Vitrinn ze schécken. "Mee do konnt ee kee Kabel leeën". Iwwer Ëmweeër ass den Daniel Wagener dunn op säin eigentleche Projet komm.

Ee Föhn kritt?

Do kann ee schonn emol e Föhn kréien, also geckeg ginn, ze vill kréien – sou wéi de Föhnwand aus dem Alpevirland déi wiedersensibel Leit verréckt maache soll. Mee den Daniel Wagener war jo op Shoppingtour an Holland, wou hien och de Föhn – op engem Floumaart – erstanen huet.

De groe Föhn a klassescher Revolverform bléist an der Cecil’s Box a regelméissege Stéiss awer ouni Schema a bréngt doduerch déi dräi Éoliennen zum Kopplabunzschloen. Dobäi kommen nach Chrëschtbullen aus Metall. "Do ass ee Sensor dran, deen d'Ëmdréiung moosst an déi u kleng Computere schéckt, déi mat der Tëlee verbonne sinn. Dorop sinn da Biller gespäichert", sou de Kënschtler.

"T'ass ëmmer liicht komesch"

Den Daniel Wagener huet also eng Billerblosmaschinn entwéckelt. Déi visuell Arrangementer si komplett aléatoire a vergänglech – als Kontrast, zum Beispill, zum Youtube-System, wou engem no all Clip direkt en nächste proposéiert gëtt, een zoufällegen, wéi et schéngt. An awer ass den Daniel Wagener ëmmer nees bei Beyoncé gelant, och wann e mat verschiddene Computerprogramméiersproochen-Tutorials ugefaangen hat.

Seng Sélectioun fir d’Cecil’s Box: Mënschen, déi op synchron getrimmt sinn. An dat, obschonns hien a senger Fotografie bal op Zweebeener verzicht an éischter hir fabrizéiert Lächerlechkeeten dokumentéiert. "Mënsche mussen et trainéiere fir sech zesummen ze beweegen", mengt den Daniel Wagener. All d'Biller sinn an där Logik erausgesicht ginn: Militärparaden, Synchronschëmmer, synchroniséiert Motofuerer. "T'ass ëmmer liicht komesch, t'ass net de Mënsch, wéi hien sech normalerweis behëlt, mee wéi hien sech behëlt wann hien sech forcéiert fir eppes ze maachen. Wéi wann een sech forcéiert ze laachen, dat gesäit och komesch aus".

"Alles wat Manuell ass, interesséiert mech"

Hannert dem Daniel Wagener senger Installatioun stécht e risegen techneschen Opwand, schliisslech bréngt hien analog Technik, Videoprojektioun a Mikrokontrollere mat Computerprogrammatioun zesummen. Bei der Programmatioun huet de Kënschtler sech vun engem Kolleg hëllefe gelooss. Mee am grousse Ganzen huet hien och d’Chance ergraff, Neits auszeprobéieren an ze verstoen. "Alles wat Manuell ass, interesséiert mech. An hei war et d'Méiglechkeet mat ville Saachen ze spillen, déi ee soss ni géif upaken. Sou eng Carte blanche wéi hei an der Vitrinn ass och d'Chance fir unzefänken ze spillen"

Alles dat mam Zil fir de Virwëtz vun de Cecil’s Box Passante fir d’Wandmolerei ze stëppelen. "Ënnert de Programméierer schwätzt ee vu 'Yaks raséieren'", gëtt den Daniel Wagener ze bedenken. An et ass genau déi verschachelt Approche fir vun A op B ze kommen, déi de Kënschtler an der Vitrinn proposéiert.

_______________________________________________________________________________________

Den Daniel Wagener, gebuer 1988, huet zu Berlin an zu Bréissel visuell Kommunikatioun studéiert. Haut ass hien als Grafiker, Fotograf, Theaterszenograf a Fotoenseignant op der Académie royale des Beaux-Arts zu Bréissel aktiv.