Radioen

On air

De Moien  |  The Tallest Man On Earth - Burden Of Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann et Klimaanlage reent...

Luxfilmfest

Wann et Klimaanlage reent...

Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich: Dee Science-Fiction-Zeenario steet am Mëttelpunkt vum Angolaner Fradique sengem Filmdebut "Air Conditioner" (Ar Condicionado).

auto_stories

2 min

An den angolanesche Stroosse falen engem aus ongekläerte Grënn d'Klimaanlagen op de Kapp! An och soss falen déi Apparater einfach aus a bidde bei deene waarmen Temperature keng Ofkillung méi. D'Botzfra Zezinha an de Portier Matacedo ginn ugestallt, dem Chef seng Anlag flécken ze loossen.

Wann d'Kamera de Matacedo duerch d'Gäng vu verkommene Gebaier begleet oder duerch d'Stroosse vun der Haaptstad Luanda, déi och net vill besser ausgesinn, da versteet een, datt de Problem mat de Klimaanlage just e Symptom fir e méi déiwe gesellschaftleche Malaise ass.

Wa sech soss kee méi kann erënneren...

Mat sengem éischte Long métrage "Air Conditioner" spënnt den angolanesche Realisateur Fradique d'Metapher nach weider, andeems hie Science Fiction-Elementer bäimëscht. Sou funktionéieren d'Klimaanlagen ewéi Iwwerwaachungs-Kameraen, déi enregistréieren, wat ronderëm se passéiert. Engem mysteriéisen Elektriker geléngt et, dës emmagasinéiert Souveniren op gutt al Videokassetten ze transferéieren. Eng wäertvoll Missioun an engem Land, dat nach ënnert den Nowéie vun engem Joerzéngte laange Biergerkrich leit.

Wann d'Mënschen ze traumatiséiert sinn, fir d'Erënnerung oprecht z'erhalen, wann eenzeler wéi stomm gi sinn an nëmmen iwwer Gedankeniwwerdroung matenee kommunizéieren, oder awer e gudden Deel vum kollektive Gediechtnes mat den Affer vum Krich ewech gestuerwen ass, da bleiwe banal Apparater ewéi Klimaanlagen als Depositär vun der Memoire iwwereg.

"Air Conditioner" ass en originelle Film, deen op den éischte Bléck zimmlech bizare a kryptesch wierkt. D'Skepsis, déi een am Ufank ka verspieren, léisst sech dann awer an der melancholescher Grondstëmmung op, déi de flotten Jazz-Soundtrack vun der Aline Frazao weider verstäerkt.


"Air Conditioner" leeft nach dësen Dënschdeg 9. Mäerz um 19h an der Cinemathéik oder ass online um Site vum Luxfilmfest ze gesinn.