Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat am äermsten EU-Memberstaat alles schif leeft

CinEast-Festival

Wat am äermsten EU-Memberstaat alles schif leeft

Déi bulgaresch Flicke sinn net besser wéi déi bulgaresch Gesellschaft - dat ass de Message vu ''Rounds'', enger dramatescher Komedie vum Stephan Komandarev. De Michel Delage huet dee Film um CinEast-Festival gesinn.

auto_stories

3 min

Fir sech e preziist Bild vun enger Gesellschaft kënnen ze maachen, schwätzt een am beschte mat engem Taxichauffer, heescht et. Oder mat engem Polizist. Wie sech iwwer den Zoustand vun der bulgarescher Gesellschaft wëllT informéieren, dee kann dem Stephan Komandarev seng Filmer kucken.

Virun dräi Joer hat de Komandarev a senger dramatescher Komedie "Directions'' sechs Taxichaufferen duerch déi bulgaresch Haaptstad Sofia geschéckt. D'Resultat, eng herrlech batterbéis Satir, war an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival 2017 gelaf. Dëst Joer krut een um Festival dem Stephan Komandarev säin neie Film "Rounds" zerwéiert, dee souwuel inhaltlech wéi och formell un "Directions" uknäppt.

Soziale Panorama

"Rounds'' erzielt d'Geschicht vun dräi Police-Patrullen, déi an där selwechter Nuecht duerch Sofia fueren an, am Prinzip, fir Recht an Uerdnung solle suergen. Duerch hir Ae kritt ee mat, wat a Bulgarien, deem äermsten EU-Memberstaat, alles esou schif leeft. Dat geet vun éischter méi harmlosen Delikter wéi Graffitien, iwwer Passanten, déi ouni Grond vun Neonazien op der Strooss zerschloen ginn, bis hin zu de katastrophale Bedéngungen an engem Altersheem, dem Trafic mat Flüchtlingen oder nach der Korruptioun.

Stilistesch iwwerhëlt "Rounds'' déi selwecht Elementer wéi de Virgänger "Directions'', also laang Plan séquencen, déi mat enger Handkamera gefilmt sinn an deem Ganzen en dokumentaresche Charakter ginn.

Déi sechs Polizisten, déi am Film portraitéiert ginn, gehéiere wuel net all zu deenen hellste Stären um Himmel. Si reiden sech an absurd Situatiounen eran a ginn Dialogen zum Beschten, déi wonnerbar domm a witzeg sinn - wat net verhënnert, datt se net och alt emol e Fonke Wourecht duerchklénge loossen. Zum Beispill wann am Gespréich tëschent engem pro-EU an engem pro-Russland Flic festgestallt gëtt, datt d'Europäesch Unioun deenen allermeeschte Bulgaren um materielle Plang näischt bruecht huet.

D'Flicke sinn net besser wéi de Rescht vun der Gesellschaft

Deen een oder anere Polizist ass wuel kaum vun de Kriminellen ze ënnerscheeden, déi si am Prinzip solle joen. Déi bulgaresch Police ass eben net besser oder méi schlecht wéi de Rescht vun der bulgarescher Gesellschaft, esou de Message vum Film.

Grad wéi de Gros vun der Populatioun mussen och d'Poliziste mat extrem niddrege Léin auskommen, fir eng Aarbecht ze leeschten, déi wéineg bis keng sozial Unerkennung genéisst obwuel se grad esou penibel ass wéi soss anzwousch. Wann net esouguer e bësse méi: An enger schockanter Zeen gëtt eng Polizistin vun engem korrupte Politiker humiliéiert, well si sech weigert, een A zouzedrécken ...

Dierf ee sech da wonneren, datt déi Flicken hir Aarbecht net mat iwwerdriwwenem Äifer maachen an allem aus dem Wee ginn, wat ze vill Kappzerbrieches oder Iwwerstonne ka provozéieren? Schwaarzen Humor ass net dee schlechtste Wee, fir dës Realitéit ze vermëttelen, zum Beispill mat deem hilarante Running gag, an deem d'Läich vun engem Drogenofhängegen op der Grenz tëschent zwee Bezierker méi wéi eemol am Laf der Nuecht deplacéiert gëtt, fir déi waarm Gromper un d'Kolleege weiderzeginn ...

Trilogie

"Rounds" ass wéi d'Liewen och: duerchwuess, chaotesch, witzeg, traureg, dramatesch. De Film trëfft ee perfekt Gläichgewiicht tëschent Eescht an Humor an de Portrait vun de Polizisten ass nuancéiert. Gewise ginn all Zorte vun Individuen, déi Guddes wéi Schlechtes kënne maachen.

"Rounds" ass iwweregens den zweete Volet vun enger Trilogie iwwer de sozialen Zoustand vu Bulgarien an der EU, déi de Stephan Komandarev mat engem drëtte Film iwwer Ambulanciere wëllt ofschléissen. Et dierf ee gespaant sinn.


"Rounds" ass nach wärend deenen nächsten zwou Wochen online um Site vum CinEast-Festival ze gesinn.