Radioen

On air

De Moien  |  Flyte - Amy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bleift nach vum eegene Wëllen iwwreg?

Buch-Tipp

Wat bleift nach vum eegene Wëllen iwwreg?

Wéi wäit decidéiere mir selwer iwwert eist Handelen? Dës Fro stellt sech den Ech-Erzieler, groussen Adept vum Spinoza, am Roman "Endlich Stille" vum Karl-Heinz Ott. An dëser Geschicht, an där net just Musek a Philosophie eng grouss Roll spillen, beweist de Protagonist, datt et net wäit hier ass mat der Selbstbestëmmung.

auto_stories

3 min

"Um mich von diesem Spukgedanken abzulenken, saβ ich, bis die ersten Vögel die Stille vertrieben, am Schreibtisch und versuchte jene These von Spinoza auszudeuten., die besagt, dass solche Menschen, die glauben frei zu sein, sich täuschen. "Diese Meinung besteht bloβ darin" heisst es in seiner Ethik, "dass sie sich ihren Handlungen bewusst sind, die Ursachen jedoch, von welchen sie bestimmt werden, nicht kennen. Denn wenn sie sagen, die menschlichen Handlungen hingen vom Willen ab, so sind das Worte, von welchen sie keine Ahnung haben."

An dësem Extrait läit d'Quintessenz vum ganze Roman. Den Erzieler ass op der Heemrees vun Amsterdam op Basel, mat Tëschestopp zu Stroossbuerg. Bei der Sich no engem Hotel begéint hien dem Pianist Friederich Grävenich, a gëtt deem net méi lass ...

Wat als eng zoufälleg Renconter ufänkt, entwéckelt sech zu engem regelrechte Psychodrama fir den Ech-Erzieler, e Philosophie-Professer, deen u sech e ganz banaalt Liewe gefouert huet. Seng Gedanken hu sech ëm seng gescheitert Bezéiung mam Marie gedréint, seng Studenten a seng Aarbechtskollegen ... bis eben dëse Pianist a säi Liewen trëtt, a säin Alldag, säin Denken an Handelen total beaflosst.

De Professer weist sech am Laf vun der Geschicht als e Mënsch, dee sech net ëmmer gewiert kritt, dee Projeten huet, déi hien awer ni realiséiert. A seng Ex-Frëndin, déi hien nach regelméisseg gesäit a mat där hien och mol erëm déi eng oder aner Nuecht verbréngt, reprochéiert him e Phlegmatiker ze sinn ...

An engem Kreeslaf vu Verzweiwlung an Ohnmacht ...

Et ass schonn eng Portioun Kafka am Ott senger Erzielung. De Protagonist gëtt ëmmer méi vum Grävenich gesteiert an all schwaache Versuch, deem senger Gesellschaft lasszeginn, gëtt vu sengem Géigeniwwer ignoréiert. Den Erzieler geréit doduerch ëmmer méi an e Kreeslaf vu Verzweiwlung an Ohnmacht, kann net méi rational denken an handelen, bis et zu enger radikaler Kéier kënnt ...

De Karl-Heinz Ott huet selwer Philosophie a Musekswëssenschafte studéiert, wat dann och an dësem Roman ganz däitlech zum Virschäi kënnt. De Pianist erzielt vill iwwer sech, seng Léift zu der Musek, seng Gedanken iwwer vill klassesch Komponisten a Wierker, an et muss ee keen Expert sinn, fir dëse Monolog kënnen ze suivéieren.

En onbequeme Spigel

Op der anerer Säit geléngt dem Ott eng immens atmosphäresch Sprooch. Dat penetrant Optriede vum Grävenich hëlt de Lieser d'Loft fir z'ootmen. Enk Reim, stéckeg Bistroen, d'Middegkeet vum Erzieler, erniddregend Situatiounen, onléisbar Verstréckunge fänken d'Lieser ganz subtil an eng Welt an, där ee sech einfach net entzéie kann. Zum Schluss ass een erliichtert, datt dëser opgezwongener Verbonnenheet en Enn gesat gëtt. An et huet ee souguer Verstees-de-mech fir dem Erzieler säi leschte Schrëtt.

Et ass e bezeechnend Wierk iwwer d'Selbstbestëmmung, iwwer d'Grenzen, déi een net anere Mënsche setzt a sech doduerch selwer an eng Situatioun bréngt, wou ee wéi geläämt dem Géigeniwwer ausgeliwwert ass. En onbequeme Spigel, deen den Ott hei senge Lieser a Lieserinne virun d'Nues hält, an op alle Fall huet een no der Lecture Loscht, sech mol erëm eng Kéier mat eegenen a frieme Gedanken iwwer de fräie Wëllen ze beschäftegen ...


Karl-Heinz Ott, Endlich Stille, Hoffmann und Campe Verlag.