Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat dech net ëmbréngt, dat mécht dech staark ...

Kulturchronik

Wat dech net ëmbréngt, dat mécht dech staark ...

Den tierkesche Journalist a Schrëftsteller Can Dündar lieft an Däitschland am Exil, him gëtt, wéi Honnerten anere Journalisten an der Tierkei Landesverrot virgeheit. Si mir eis dem Wäert vun der Presse- a Meenungsfräiheet bewosst? Eng Chronik vum Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

Heiansdo geet e Stull aus Holz duer, fir e gëllenen Troun ze stierzen, schreift de Can Dündar a sengen Opzeechnunge "Von Istanbul nach Berlin. Aufzeichnungen im deutschen Exil."

Op dee Stull hat sech den achtzegjärege Journalist Mete Akyol no der Verhaftung vum Can Dündar virun de Prisong gesat an e Buch gelies - als Zeeche vu Protest géint déi arbiträr Arrestatioun an als Manifest vu Solidaritéit mat den agespaarte Journalisten.

Wann all meng Kolleegen och nëmmen een Dag laang heihinner kommen, da kann Hoffnung entstoen, sou de Mete Akyol weider. Den Dag dono stoungen Honnerte vu Journaliste mat hire Still virum Prisong ...

Revendicatioun: Solidaritéit

De Can Dündar ass ee vun de sëlleche Journalisten a Schrëftsteller, déi an der Tierkei festgeholl goufen, well se gewot hunn hir Stëmm géint e Regime z'erhiewen.

Dem Can Dündar, fréiere Chefredakter vun der tierkescher Dageszeitung Cumhuriyet, reprochéiert den tierkesche President Erdogan Spionage a Verrot vu Staatsgeheimnisser. Den Ausléiser fir d'Arrestatioun vum Dündar ware Reportagen iwwer Waffeliwwerunge vum tierkesche Geheimdéngscht u syresch Extremisten.

Den Erdogan huet perséinlech d'Plainte géint de Can Dündar a deem säi Mataarbechter Erdem Gül gemaach a liewenslängleche Prisong gefuerdert ...

De Can Dündar lieft elo am Exil zu Berlin. Hie schreift an hie reest, duerch ganz Europa, fir seng Geschicht z'erzielen, fir de Mënschen d'Aen opzemaache mat enger Revendicatioun, déi sech Solidaritéit nennt.

Vum gepolsterte Stull op de Patt

De Can Dündar war och kierzlech zu Lëtzebuerg. Den Institut Pierre Werner huet ënner héchste Sécherheetsmoossnamen dem tierkesche Journalist d'Geleeënheet ginn, seng Geschicht z'erzielen, stellvertriedend fir all déi Intellektuell, Journalisten a Schrëftsteller, déi an tierkesche Prisongen agespaart sinn. An hien huet vun dësem fragillen a wäertvolle Kapital geschwat, dat net esou selbstverständlech ass: der Presse- a Meenungsfräiheet. Hien huet gewarnt, virun der Iwwerzeegung, mir an Europa hätten e Garantieschäin, an drop higewisen, datt d'Muecht, déi dëst intellektuellt Verméige vernichte kann, net onbedéngt vun enger Regierung komme muss ... Charlie Hebdo ass ee vun de Beispiller.

De Sall an der Abtei Neimënster war dës Kéier bal bis op déi lescht Plaz gefëllt. Eng Rei Politiker, eng Rei Mënscherechtler, wéineg Journalisten an nach manner Schrëftsteller ... Nee, et muss een net de Can Dündar lauschtere goen, fir sech mat him a senge Kolleege solidaresch ze spieren, et muss een net seng Bicher liesen, fir de Wäert vun der Meenungsfräiheet ze kennen a sech och net virun en tierkesche Prisong op en hëlzene Stull setzen. Et wier awer sympathesch gewiescht, wann de Publikum op d'mannst bis zum Enn vun der Konferenz um dach gutt gepolsterte Stull sëtze bliwwe wier, fir d'Sécherheet vun dësem Mann net a Gefor ze bréngen an domat och e Minimum u Respekt vis-à-vis vun him an den Organisateuren ze weisen. Mee betraff dra kucken an dann awer den éischte beim Auto oder beim Patt wëllen ze sinn ... A fir mat de Wierder vum Can Dündar opzehalen: "Europa mag es noch nicht bemerkt haben, doch der Schrei, vor dem es die Ohren verschließt, dem es mit Abscheu begegnet, vor dem es flieht, verkündet im Grunde sein eigenes Ende."