Radioen

On air

De Moien  |  EU-Naturschutz-Gesetz nach ëmmer net sprochräif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat et heescht, "gutt" Cello ze spillen

Literatur

Wat et heescht, "gutt" Cello ze spillen

Wéi eng Eegeschafte muss een Talent soss nach matbréngen, fir sech an der extrem konkurrenzieller Musekswelt duerchzesetzen? An hirem Bildungsroman "Trois concerts" (Editions Phébus) zeechent déi franséisch Autorin Lola Gruber de Portrait vun enger brillanter jonker Musekerin, déi vun hirem prestigiéise Mentor ge- a verformt gëtt.

auto_stories

4 min

De Kär vum Roman "Trois concerts" ass deen heiten: D'Clarisse, ee jonkt Meedchen aus einfache Verhältnisser, dat fir d'Musek gebuer ze si schéngt, geréit an d'Hänn vum Viktor Sobolevitz, engem weltwäit unerkanntenen Cello-Virtuos. "C'est une petite fille très silencieuse et très fermée, et les gens qui sont autour d'elle ne savent éventuellement pas ce qui la préoccupe", seet d'Autorin Lola Gruber, Joergang 1972, iwwer hir Haaptprotagonistin:

"Clarisse est complètement obsédée par les sons. Et la musique va donner un exutoire à cette obsession des sons, des rythmes, des cadences et de tous les phénomènes sonores. Elle va se trouver un instrument - le violencelle - et un maître de musique, en la personne d'un grand violoncelliste qu'elle va rencontrer un peu par hasard. Qu'elle va aller chercher sans savoir qui il est et qui va accepter, pour des raisons un peu capricieuses et mystérieuses, de devenir son maître. Et chez qui elle va passer 12 ans, et qui va à la fois la former à la musique et la déformer complètement pour ce qui est de vivre en société et d'y faire une carrière."

Dem Meeschter seng Lektioune rhythméieren d'Zäit

Dee bal 600 Säite laange Roman ass an dräi Deeler opgebaut, woubäi deen éischten Deel d'Liewen an d'Carrière vum Cello-Meeschter Viktor Sobolevitz oprullt. De Lieser kritt vu bannen, iwwer eng Aart "stream of consciousness" ze verstoen, wien dee Mann ass, deen dat jonkt Clarisse soll forméieren, wéi ee Knacks en dozou bruecht huet, sou haart ze si mat sech selwer an och mat deenen aneren.

Den zentralen Deel - deen inhaltlech a stilistesch interessantsten am Roman - zeechent dem Clarisse seng Entwécklung am Laf vun de Joren, am Kontakt mat sengem Mentor. Zäitangabe gëtt et keng, d'Zäit gëtt rhythméiert vum Sobolevitz senge Lektiounen:

"Quelle idée il peut bien avoir du temps que tu as à gagner ou à perdre, lui qui s'est figé dans les heures de son salon, heures que ne compte aucune horloge, minutes qu'à peine un métronome peut fractionner, et qui ne ressemblent en rien à celles du monde?" (Extrait "Trois concerts")

De Floss vun der Zäit liest een um Meedche senger Sprooch of - och hei eng bannescht Stëmm -, eng Sprooch, déi lues a lues méi räif gëtt. Am drëtten a leschten Deel da léisst d'Autorin Lola Gruber sech een drëtte Personnage entwéckelen, ee Musekskritiker, deen eng Relatioun mam Clarisse huet an zur Opléisung vun der Handlung bäidréit. Hei geet et - eng Gros - ëm eng Partitur fir Cello, déi e berühmten englesche Komponist exklusiv fir de Sobolevitz geschaaft huet: dee wollt se allerdéngs ni spillen ...

Abléck an d'Kulisse vun der Musekswelt

"Trois concerts" ass e psychologesche Roman an doriwwer eraus en immens dokumentéierten. Den net-spezialiséierte Lieser kritt en Abléck hanner d'Kulisse vum Museksmilieu a gëtt virun allem och an d'Wiese vun der Musek ageféiert: wourop kënnt et un, wann ee "gutt" spille wëllt? Wouranner besteet eigentlech d'Schwieregkeet vun der berühmter Kodály-Sonat fir Cello? Wéi kann een - wann iwwerhaapt - de Wäert vun enger musikalescher Prestatioun moossen a bestëmmen?

D'Lola Gruber huet, eegenen Aussoen no, siwe Joer laang fir hire Roman recherchéiert, gelies, mat Museker geschwat, intensiv Musek gelauschtert:

"C'est un de ces milieux qui sont très durs, très féroces. Parce que des gens qui commencent la musique enfant sans aucune préparation sociale à la vie se consacrent à la musique, et après ils se retrouvent dans la vie et doivent faire leurs affaires sociales pour lesquelles ils sont complètement dépourvus. Plus est grande - souvent - leur quête métaphysique de la musique, plus grande est leur détresse à ne pas pouvoir s'insérer dans un monde social."

Datt d'Lola Gruber ee subtilt Gespier fir Psychologie huet, stellt si an hirem Roman ënner Beweis. Duerch déi deelweis salopp Sprooch vum "stream of consciousness" entsteet en interessante Kontrast zu der - op d'mannst no baussen - raffinéierter Musekswelt. Manner gutt ass dogéint d'Längt vun "Trois concerts": zemools a sengem leschten Deel verleeft de Roman e bëssen am Sand. Manner wier hei sécherlech méi gewiescht. Am grousse Ganzen iwwerweien am Roman awer déi positiv Aspekter.


"Trois concerts" (Phébus) vun der Lola Gruber gouf am Juni um Festival Étonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Prix AFD-Littérature monde ausgezeechent.