Radioen

On air

Resonanzen  |  Sergei Bortkiewicz - Etude Nr.9, Op. 15 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Solidaritéit, trotz allem

Film

Solidaritéit, trotz allem

Wat mécht d'Auswanderung mat deenen, déi doheem bliwwe sinn? Den Drama "Silent night" (Cicha Noc) vum Piotr Domalewski konzentréiert d'Problemer vun der polnescher Gesellschaft op d'Helleg Owend-Feier vun enger Famill. Aus der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Eng Kritik.

auto_stories

3 min

Den Adam, deen an Holland lieft, kënnt fir d'Feierdeeg zeréck bei seng Famill a Polen. De jonke Mann, deem seng Frëndin an der polnescher Heemescht ee Kand erwaart, géif sech gären a Westeuropa selbstänneg maachen. Dofir brauch hien awer Suen. Den Hoffnungsdréier vun der Famill wëll seng Elteren a Geschwëster iwwerzeegen, d'Haus vum Grousspapp kënnen ze verkafen.

Film choral

Dem polnesche Regisseur Piotr Domalewski säin éischte Long métrage ass ee "film choral", dee vun enger Trupp vu confirméierten Acteure gedroe gëtt. Ugefaange mam jonken Talent Dawid Ogrodnik, deen dem Haaptprotagonist säin Dilemma - wéi erreechen ech mäin Zil ouni meng Famill virun de Kapp ze stoussen? - mam néidegen Taktgefill verkierpert. De Realisateur geet de Bezéiungen tëschent dem Adam an de verschiddene Familljememberen (Mamm, Papp, Brudder, Schwësteren) op de Fong, eng no där anerer gi se sezéiert, all si se differenzéiert: Konflikter mee och perséinlech Sympathie halen sech d'Wo.

De gemeinsamen Nenner tëschent all deene Relatiounen ass den Impakt vun der Emigratioun. Wat fir eng Konsequenzen huet et op de Rescht vun der Famill, déi a Polen zeréck bliwwen ass, wann ee Familljemember an d'Ausland auswandert, fir do eng besser Aarbecht oder iwwerhaapt eng Schaff ze fannen?

Bezéiung Jong-Papp

Besonnesch staark ass an deem Sënn d'Konfrontatioun mam Papp (Arkadiusz Jakubik), deen no Jore vun der Emigratioun zeréck komm ass. Et ass en Echec op der ganzer Linn: d'Mamm an d'Kanner beschwéieren sech, datt all déi Zäit kee Mann-Papp fir si do war, eppes wat d'Famill nohalteg belaascht. De Papp selwer muss agesinn, datt seng Hoffnungen sech net erfëllt hunn. "Ech duecht, ech géif am Ausland endlech als Mënsch behandelt ginn. An awer war ech nëmmen de Polack", sou säi battere Constat.

Een Trouscht mengt de Papp da kënnen am Alkohol ze fannen. De Film thematiséiert den Alkoholismus grad ewéi aner Problemer, déi di polnesch Gesellschaft schéngen ze belaaschten, wéi zum Beispill Gewalt géint Fraen, de Géigesaz tëschent dem bescheidene Liewen um Land an dem urbane Liewen, asw.

Solidaritéit tëschent de Generatiounen

Trotz dëse schwéieren Thematike geet de Film net am totale Pessimismus ënner. Dramatesch Zeene wiesselen sech of mat Momenter vun der Komik, déi sech scho bal noutgedrongen aus dem Gewulls op enkstem Raum op helleg Owend erginn. Zum Beispill wann de Grousspapp bis e puer Pätt iwwert dem Duuscht erof huet, oder wann déi méi jonk Familljemembere hir herrlech naiv Bemierkungen zum Beschte ginn.

De realisteschen, scho bal dokumentaresche Stil vu "Silent night" gëtt ënnerstrach duerch d'Kamera, déi duerch d'Reie gereecht gëtt: mat deem Opnamgerät gëtt den Adam sengem nach net gebuerene Kand Messagë mat op de Wee. Dat Kand ass via d'Kamera präsent, woumat de Bou tëschent all de Generatioune gespaant ass. Trotz de Konflikter bleift de Gedanke vun der Solidaritéit am Virdergrond.

Dem Realisateur Piotr Domalewski ass et gelongen, grondleeënd Problemer vun der polnescher Gesellschaft op enkstem Raum a limitéiertem Zäitraum ze konzentréieren, an engem komplexen an awer ënnerhalsamen Zesummespill vu Personnagen.