Biller, déi mir op eisen Ecrane gesinn, kënnen täuschen. Wärend Opnamen, schéi cadréiert an an Zeen gesat, eis eng Versioun verzielen, heescht dat net onbedéngt, datt et a Realitéit genee esou geschitt ass. Manipulatioun, Fake News, a Selbstduerstellung sinn haut omnipresent, genee esou wéi d'Kameraen - an do den Iwwerbléck ze behalen, a sech selwer ze bleiwen, ass guer net esou einfach.
D'Compagnie "AWA - As We Are" vum Baptiste Hilbert an der Catarina Barbosa huet sech dësem Sujet ugeholl, a mat "Shoot the Cameraman" eng Pièce kreéiert, an där op der Bün direkt e puer Perspektiven opgemaach ginn:
Fir d'éischt sinn do zwee Dänzer, déi eng Geschicht vun Ofhängegkeet a Verfollgung danzen. Dann huet een eng Kamerafra an e Kameramann, déi si op Schrëtt an Trëtt begleeden an hinnen hiert Equipement virun d'Gesiicht halen, an hiert Filme gëtt en direct op en Ecran projezéiert - oder ass et vläicht awer net ganz dat, wat d'Geschicht op der Bün grad ausdrécke wëll?
E Spill mat de Perspektiven
Well: Mol wierke béid Dänzer ganz harmonesch a frou mateneen, mol gesäit een awer och Indicen, datt hannert der Fassad net alles esou ass, wéi ee kéint mengen - deemno, ob de Spectateur grad d'Dänzer kuckt oder eben de Live-Video, de vun der Filmcrew kënnt.
Et ass e spannend Spill mat de Perspektiven, déi a ganz vill Richtunge ka goen, an et fillt een d'Urgence, datt een sech haut mat den Auswierkunge vun dëse Konstellatiounen auserneesetzt. D'Schauspillerin Catherine Dauphin spillt d'Kamerafra op der Bün:
"C'est de questionner le fait qu'aujourd'hui on prend les images filmées comme la réalité complète. C'est toujours une question de subjectivité, et parfois les gens ont tendance à oublier. C'est une pièce qui se prête à plein d'interprétations différentes."
An der Pièce "Shoot the Cameraman" bleift awer ëmmer genuch Raum, fir datt de Spectateur sech selwer e Bild ka maachen, wéi den Dänzer Georges Maikel erkläert:
"On raconte notre quotidien, l'histoire de ces deux personnages. Puis, c'est les cameramen qui vont faire le tout. Il y a une déconnection de ce que le public voit et ce que nous donnons sur scène. Nous racontons l'histoire, nous n'allons pas voir les perspectives, car on est les perspectives."