Radioen

On air

Notturno  |  Bells Atlas - Spec And Bubble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et weider mat der June Osborne alias Desfred?

Margarete Atwood - The Testaments

Wéi geet et weider mat der June Osborne alias Desfred?

Eng Haaptprotagonistin, déi Jore laang vun engem totalitäre Staat festgehalen, vergewaltegt, gefoltert a gehetzt gouf, steet kuerz virun der Fräiheet. Oder erwaart si um Enn awer nees Prisong, oder den Doud? An dem Margaret Atwood hirem Roman "The Testaments", deen d'lescht Joer am September, also ronn 35 Joer no "The Handmaid's Tale" erauskoum, gëtt een endlech gewuer, wat mat der June Osborne alias "Desfred" geschitt.

auto_stories

3 min

Am September d'lescht Joer huet d'Margaret Atwood d'Geschicht nees opgeholl, fir - dës Kéier - aus der Siicht vun dräi Zeienaussoen, déi mënschefeindlech Macheschaften vun dësem totalitäre Staat, mam Numm Gilead, blousszestellen.

The Testaments, op Lëtzebuergesch d'Zeien, huet d'lescht Joer dann och prompt de Booker Prize gewonnen, an ass vu ville Fachzäitschrëften als Buch vum Joer gewielt ginn. An och an dësem neie Roman geet et dann - 15 Joer dono, wéi wa sech näicht geännert hätt - nees ëm déi selwescht Gesellschaft, déi vu muechtbesiessene Männer mat militariséiertem Nodrock an neien, soziale Klassen organiséiert a komplett duerchhierarchiséiert ginn. Eng Gesellschaft, an där totalitäre Fanatismus gefeiert gëtt, an haaptsächlech op Käschte vun de Fraen. An dësem Staat hunn d'Fraen nämlech absolut keng Rechter, et gëtt hinnen zum Beispill verbueden ze schaffen, Besëtz oder Suen ze hunn, oder ze liesen.

"Honi soit qui mal y pense", oder op Däitsch: "Ein Schelm, der Böses dabei denkt", wann ee bedenkt, wéi Fraen hautdesdaags och an demokratesch organiséierte Staaten nach ëmmer fir hier Rechter kämpfe mussen. Froe vu Lieser a Kritiker waren eng vun den Inspiratiounsquelle fir den neie Roman ass der Margaret Atwood. Si hätt sech awer och vill vun der Welt ofgekuckt, an där mir grad liewen.

"I write these words in my private sanctum within the library of Ardua Hall-one of the few libraries remaining after the enthusiastic book-burnings that have been going on across our land. The corrupt and blood-smeared fingerprints of the past must be wiped away to create a clean space for the morally pure generation that is surely about to arrive. Such is the theory. But among these bloody fingerprints are those made by ourselves, and these can't be wiped away so easily. Over the years I've buried a lot of bones; now I'm inclined to dig them up again- if only for your edification, my unknown reader. If you are reading, this manuscript at least will have survived. Though perhaps I'm fantasizing: perhaps I will never have a reader. Perhaps I'll only be talking to the wall, in more ways than one. That's enough inscribing for today. My hand hurts, my back aches, and my nightly cup of hot milk awaits me."

Eenzege B-mol: De Roman huet par rapport zu sengem Virgänger u poetescher Aussoekraaft verluer

Déi kanadesch Schrëftstellerin spillt dann och ganz subtil mat de Gefiller, déi a sëllege Momenter vun Ënnerdréckung, physescher a psychercher Gewalt, Korruptioun a Verbriechen, oder ganz einfach vu blankem Terror opkommen, a bei deene mir perséinlech an "The handmade's Tale", wéi och am Fortsetzungsroman "The Testaments" oft de Schweess kal de Réck erof gelaf ass. Op där anerer Säit gefält mir der kanadescher Schrëftstellerin hire sarkasteschen Humor, de si ëmmer nees mat afléisse léist. An dat ganz besonnesch a Situatiounen an deenen Humor eigentlech net dierft oder soll sinn.

Wien dystopesch Fictioun gären huet, kënnt menger Meenung no mat dem Margaret Atwood senger Geschicht iwwer de Staat Gilead voll op seng Käschten. Eenzege B-mol, aus menger Siicht, ass, datt "The Testaments" vis-à-vis vum éischte Roman aus dem Joer 1985 vill u bal poetescher Aussokraaft verluer huet. Kënnt et dohier, datt d'Schrëftstellerin vläicht just dem Drock noginn huet, eng Fortsetzung mussen ze schreiwen, oder si mir Lieser an Zäite vu Wiki-Leaks, Fake-News a Co. ewell esou ausgebufft, datt eis näischt méi sou richteg erféieren deet? Dëser Fro muss sech am Endeffekt da jiddereen selwer stellen.