Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi nobel ass d'Literatur?

Nobelpräis

Wéi nobel ass d'Literatur?

De Bob Dylan oder d'Elfriede Jelinek, den Dario Fo oder d'Herta Müller, de Günter Grass oder de Wole Soyinka... an iergend enger Form suerge sämtlech Literaturnobelpräisdréier fir Diskussiounen an der breeder Ëffentlechkeet an dat ass och gutt esou, fënnt d'Valerija Berdi..

auto_stories

4 min

Valerija Berdi

Déi schwedesch Akademie suergt all Joer fir e puer opgehëtzte Momenter, wann den Hierscht scho fir kill Temperaturen a Mëtteleuropa gesuergt huet. D'Decisioune vun der Akademie vun der Wëssenschaft an dem Karolinska Institut, déi fir den Nobelpräis fir d'Physik, Chimie an d'Medezin responsabel sinn, gi vun der breeder Mass weider net a Fro gestalt - mol net besonnesch beuecht, ausser de Gewënner kënnt aus dem eegene Land oder et betrëfft e Sujet, mat dem de Bierger sech identifizéiere kann. Mee do sinn d'Reaktiounen dann och duerchaus positiv a wa gestridden, gezweiwelt an diskutéiert gëtt, dann an de sougenannten elitäre Kreesser, an Zäitschrëften an ënner Leit vum Fach.

Anescht ass et beim Nobelpräis fir de Fridden, dee vum norwegeschen Nobelpräiscomité bestëmmt gëtt. An och beim Literaturnobelpräis: Do schwätzt jidderee mat an huet eng Meenung. An déi steet meeschtens diametral dem Noper, der Aarbechtskollegin an der Famill géigeniwwer.

Vill Meenungen

Dat ka flott a spannend sinn. Well, wéi dacks gëtt op der Aarbechtsplaz, op soziale Medien an am Bistro iwwer Literatur diskutéiert a gestridden?

Schreift deen da wierklech gutt? Huet dat doten de Präis net aus politesche Grënn kritt? Wien ass dat dann? Dee Numm hunn ech nach ni héieren! An dat soll Literatur sinn? Ah, endlech mol e Numm, dee jidderee kennt ...

Ob een dem Laureat seng Wierker gelies huet, ass meeschtens zweetrangeg, Google liwwert déi néidegst Informatiounen, déi dann opgegraff gi fir pro oder kontra z'argumentéieren.

De Gao Xingjang ass vill gelueft ginn, wéi hien am Joer 2000 ausgezeechent ginn ass. De chinesesche Schrëftsteller huet ganz vehement géint déi chinesesch Regierung protestéiert an nom Massaker op der Tiananmen Plaz zu Peking och refuséiert, a China zeréck ze goen.

Dofir war dann de nächste chinesesche Laureat, de Mo Yan, ëm esou méi denoncéiert, well hien sech net géint déi chinesesch Politik ausgeschwat huet. Wéi vill Leit de Gao Xingjiang seng Pabeierzill "La Montagne de l'âme" oder op mannst eent vum Mo Yan sengen iwwer 80 Wierker gelies hunn, steet op engem anere Blat.

Polemik ëm d'Präisdréier

De Günter Grass, e Numm, deen a Mëtteleuropa sécherlech de meeschte Leit e Begrëff ass, huet als Laureat esou muench Käpp erfreet. Dofir krut hien der awer duebel sou vill op den Deckel, wéi hien a sengem Roman "Beim Häuten der Zwiebel" erwähnt huet, datt hien als 17 järegen der Waffen-SS bäigetruede war. De Grass - déi moralesch Instanz vun Däitschland - war do, och nach als als Nobelpräisdréier, nach méi a Fro gestalt ginn...

D'Elfriede Jelinek huet scho virun der Auszeechnung genuch polariséiert, als Feministin an éisträichesch Nestbeschmutzerin. Hir si kommunistesch Gedanken a pornographesch Schrëfte reprochéiert ginn. Mee déi mannsten hate Loscht sech duerch hir - an der dadaistescher Traditioun, all Wuert klenggeschriwwen - Prosa duerchzebäissen.

An d'Schrëftsteller hu sech och net ëmmer iwwert hire Nobelpräis gefreet. Esou huet den Hermann Hesse gemengt: "Der Teufel hole den verfluchten Kram", an de Jean-Paul Sartre huet e ganz refuséiert. Eng Herta Müller ass bestëmmt keng bedeitend Literatin an eng Swetlana Alexijewitsch ganz gewëss eng gutt Journalistin - ob hir Wierker den ästhetesche Kritäre Rechnung droen, ass eng aner Fro.

De Literaturnobelpräis an d'Literatur

Mee ass déi literaresch Ästhetik iwwerhaapt e Kritär fir den Nobelpräis? Den Alfred Nobel huet sech a sengem Testament ganz vague gehalen: De Nobelpräis sollen déi kréien, déi der Mënschheet de gréissten Notze geleescht hunn. A weider heescht et: En Deel vun de Sue soll un dee goen, deen an der Literatur dat Remarkabelst an idealistescher Richtung produzéiert huet.

An do kann ee sech zu Recht d'Fro stellen, ob de Literaturnobelpräis esou vill mat Literatur ze dinn huet? Ëmmerhi si bal d'Halschent vun de Laureaten souwéisou scho fir hir Erzielkonscht unerkannt. A wéi eng Richtung den Idealismus soss geet, decidéiert schlussendlech ganz eleng d'Akademie ënnert den hir proposéierte Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen. Si probéiert esou, Joer fir Joer, dem Alfred Nobel säi Gewëssen e bësse méi ze berouegen.

Well eent dierf een an der ganzer Geschicht net vergiessen: Datt den nobele Spender praktesch säi ganzt Verméigen der Waffenindustrie ze verdanken huet.