Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Folie vun de Musées privées

Steierevasioun

Déi nei Folie vun de Musées privées

Sécher erwaart een an enger Kulturchronik eng Stellungnahm zum Demontage vum Wim Delvoye senger Kapell am Mudam. Wat soll ee soen, wann ee selwer Schwieregkeeten huet, fir d'Point de Vuen beieneen ze bréngen?

auto_stories

2 min

Op där enger Säit steet déi legitim Fräiheet vun der Direktioun vum Musée, fir déi Wierker auszestellen, déi se wëllt. Liewewiesen tendéiere relativ séier dozou, hiert Revéier ze markéieren. Anerersäits: Dat ass vläicht, oder wéinstens zum Deel, dat wat d'Identitéit vun enger Institutioun ausmécht.

Ob et méiglech ass, do e Kompromëss ze fannen? Ech huele jo net un, datt den Don vun enger Privatfondatioun entscheedend ass oder war. Domat wiere mir beim Sujet, dee virgesi war: D'Privatisatioun vun de Muséeën. Dat bescht Beispill ass dat, wat déi lescht Zäit zu Paräis geschitt. Awer net nëmmen do. Fréier huet de Staat fir Beaubourg, Orset, Quai Branly gesuergt. Loosst eis net d'Bibliothèque Mitterand vergiessen. Du koum d'Zäit vun der Fondatioun Vuitton an an dëse Joren, 2018, 2019 d'Lafayette Anticipations am Marais, d'Collection Pinault an der Aler Bourse, d'Fondation Agnès b. an der Fondation Fiminco.

"D'Folie vun de Musées privées" huet e Journalist geschriwwen. Lo kéint ee sech freeën, wa räich Leit an d'Konscht investéieren a si der Ëffentlechkeet opmaachen. Et muss een awer och bedenken, wat dat fir Konsequenzen huet, wien iwwer Inhalter an domat iwwer Orientatioune vun der Konschtgeschicht decidéiert. Mat deem, wat den däitsche Kulturphilosoph Wolfgang Ullrich "Siegerkunst" nennt. Ee Fait weist am beschten d'Ambivalenz. D'Fondation Vuitton hat 1,2 Milliounen Visiteure fir hir Ausstellung "Schtschukin" vum russesche Collectionneur. Domat kann net emol e Centre Pompidou rivaliséieren, schonn eleng wéinst den Assurancëkäschten.

Do muss ee Milliounen Euro hunn, an net nëmmen e puer. Si sinn net méi beim Staat am Kulturbudget, si si soss enzwousch. De Pinault, zwee Muséeën zu Venedeg an d'Bourse zu Paräis, sollen 2,5 Milliarden Euro Steiere laanscht den italienesche Fisk bruecht hunn. Wéi sou dacks an deem Kontext, feelt Lëtzebuerg och net. Niewent Holland huet de Pinault seng Societéit Kering e Siège an der Stad Lëtzebuerg, um Boulevard de la Pétrusse. Eleng doduerch, datt de Patron vu Gucci, Marco Bizzarri hei zu Lëtzebuerg ugemellt ass, awer an Italien schafft an an der Schwäiz wunnt, goufe ronn 50 Milliounen Euro gespuert. Evasion fiscale soll dat awer net sinn, et wier alles legal. Optimisation fiscale heescht deen Tour de passe-passe. Dofir gëtt et jo Spezialisten - net nëmmen zu Panama - a Gesetzer, déi extra dofir gemaach sinn. Tant pis fir déi ëffentlech Institutiounen.