Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi wann eng aner Stëmm aus mir géif schwätzen"

Konscht a Costa Rica

"Wéi wann eng aner Stëmm aus mir géif schwätzen"

Costa Rica ass net just e Paradäis fir Surfer, Ornithologen oder Begeeschterter vu Fauldéieren. D'Muséeën an d'Galerien an der Haaptstad San Josée proposéiere Konscht, déi d'Entstehungsgeschicht vun der sougenannter "Schwäiz vu Mëttelamerika" erklären. Haut liewen a Costa Rica nach aacht indigene Vëlker, deenen hir Konscht eng Irin ausstellt.

auto_stories

5 min

D'Aisling French ass viru méi wéi 20 Joer aus Irland op San José a Costa Rica geplënnert. Mee dat war eigentlech guer net geplangt, erzielt si. Eng Frëndin vun hir, gebierteg aus Spuenien, hat eng Galerie am Häerz vun der Costa ricanescher Haaptstad. Si huet déi aus verschiddene Grënn missen opginn an ass zeréck a Spuenien gaangen. D'Fro huet sech gestallt, wat mat der Galerie geschitt a wien déi sollt iwwerhuelen.

"Ma...ech...!" sot d'Irin d'Aisling French. "Ech weess net, wisou ech dat gesot hunn. Et war wéi wann eng aner Stëmm aus menge Mond géif erauskommen."

Zu deem Ament hat d'Aisling French schonn e puer Iddien am Kapp. A ganz Costa Rica a virun allem an der Haaptstad géifen et vill Muséeë ginn, déi och d'Entstehungsgeschicht vum Land erklären. Mee d'Konscht vun den indigene Vëlker huet d'Aisling French an de Muséeë vermësst.

D'Galerie Namu

"Ech sinn also op déi verschidde Plaze gereest, wou ech wousst, datt ech Konscht kann hir kréien." Hire Bouf huet d'Aisling French an hire Mann a Costa Rica begleet. Och hien ass begeeschtert vun den indigene Vëlker an huet seng eege Recherchen iwwert si gemaach.

Konscht an der Galeria Namu zu San José a Costa Rica

Lues a lues ass esou d'Galeria Namu gewuess. Namu ass d'Wuert vum Costa ricanesche Bribri-Vollek a bedeit Jaguar, en hellegt Déier fir vill Stämm aus Zentralamerika. Den Numm soll awer och d'Missioun an d'Philosophie vun der Konschtgalerie erëmginn. Nämlech de Respekt an d'Preservatioun vun deenen esou wichtege Vëlker, esou d'Aisling French, "déi éischt Mënschen, déi dëst Land zu deem gemaach hunn, wat et elo ass."

Eng méi fair Galerie

D'Aisling French wollt eng aner, méi fair Galerie opmaachen a bezilt hir Kënschtler direkt. Dat wier gutt an och anescht, wéi si dat bis elo kannt hunn. "Si goufen ëmmer eréischt da bezuelt, wann hiert Konschtstéck och verkaf gouf." Wa si als Galeristin der Meenung wier, e Konschtwierk wier nach net fäerdeg oder net esou gutt verschafft, da kéint si de Kënschtler dat matdeelen. "

"Ech wëll op kee Fall hiert Konschtwierk veränneren, mee ech wëll, datt si et propper verschaffen an datt et gutt gemaach ass. Dat éiert si jo selwer an dat, wat si wëllen ausdrécken."

E Konschtwierk vum Boruca-Vollek, dat nach net fäerdeg ass

An der Galeria Namu wieren doduerch och déi bescht Konschtwierker vun deenen aacht indigene Vëlker ze gesinn. Souwuel vun de Kënschtler, déi déi typesch Konscht hierstellen, wéi och vun de Kënschtler, déi Reproduktiounen aus Muséeën hierstellen. An déi, esou d'Aisling French, wier esou gutt, datt d'Leit dacks net géife mierken, datt se nogemaach sinn.

De Leit eppes zeréck ginn

Duerch hir Konschtgalerie wëll déi gebierteg Irin, de Leit, déi "d'Land opgebaut hunn" eppes zeréck ginn. Déi aacht Urvëlker aus Costa Rica mussen deem nämmlechte Problem an d'Ae kucken, wéi et en och a Kanada oder an de Vereenegte Staaten gëtt: Si kréien net déi néideg medezinesch Versuergung an net genuch Ënnerstëtzung vum Staat fir verschidde Programmer matzemaachen, souwuel bei de Gesondheetskäschten, wéi och bei der Educatioun.

"Eigentlech ass et ironesch a schockant hei a Costa Rica, a Kanada awer och an den USA. Well déi Leit sinn déi ursprénglech Mënschen vun hei. Si gehéieren heihinner. Net mir."

Dat indigeent Vollek vun de Cabecar zielt ëm déi 8.000 bis 10.000 Mënschen. Domat si si dee vun der Zuel hir gréissten Tribe a Costa Rica. D'Cabecar liewen haaptsächlech beim Cerro Chirripo, engem Bierg an der Provënz Limon, ongeféier dräi Stonne mam Auto vun der Haaptstad San José ewech. D'Vollek präservéieren ëmmer nach hir Sprooch, d'Naturmedizin an hire kulturelle Patrimoine. Mee: "Si hunn et wierklech schwéier," seet d'Aisling French, "well se zimlech isoléiert an de Bierger wunnen. Hei kommen och net vill Touristen si besichen."

Eng ganz faarweg an divers Konscht ass an der Galeria Namu ze gesinn

Dat zueleméissegt klengsten indigeent Vollek lieft an der Géigend vum bekanntste Vulkan a Costa Rica, dem Vulkan Arenal. Si sinn ongeféier zu 500 Mënschen, wat eng zéng Famillen ausmécht. De Problem ass, datt si sech net kënnen ënnertenee bestueden oder Kanner kréien, well si genetesch ze no beienee sinn. Si si gezwonge sech eng Partnerin oder e Partner vun ausserhalb ze sichen.

"Et ass gutt méiglech, datt se geschwënn ganz verschwonne sinn. Et ass immens traureg, et ass wéi wann een engem wonnerschéine Villchen oder engem aneren Déier géif nokucken, wéi et lues a lues ausstierft. Et ass e Verloscht fir de Planéit. Ech hunn héieren datt weltwäit all Dag esou indigen Vëlker einfach verschwannen."

De Fait, datt vill indigene Vëlker ëmmer méi geréng ginn, oder esou guer ausstierwen, ass schwéier ze verhënneren, bedauert d'Aisling French. Mat hirer "Galeria Namu" an der Costa ricanescher Haaptstad wëll d'Irin dowéinst hiren Deel dozou bäidroen, a si, esou laang se nach do sinn an och doriwwer eraus, duerch d'Ausstelle vun hirer Konscht éieren.