Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weiblech Kampfmaschinn hëlt d'Heft an d'Hand

Netflix

Weiblech Kampfmaschinn hëlt d'Heft an d'Hand

Am franséische Vigilante-Film "Sentinelle" däerf sech eng traumatiséiert Zaldotin um Vergewalteger vun hirer Schwëster rächen - nieft anere "Kollateralschied"... Grad esou brutal ewéi iwwerflësseg.

auto_stories

3 min

An der Serie "Verherrlechung vu Selbstjustiz" ass de franséische Film "Sentinelle" vum Julien Leclercq eng weider zimmlech brutal Variant. An Tëschenzäit fënnt ee jo op Netflix esou vill där Beispiller, datt ee sech freet, firwat dee Genre net schonn eng eege Rubrik huet.

Wärend meeschtens Männer de Rächer verkierperen, dee gläichzäiteg d'Roll vum Riichter a vum Henker iwwerhëlt, däerf et hei fir eemol eng Fra sinn. D'Klara (gespillt vun der fréierer Bond-Girl Olga Kurylenko) ass eng franséisch-russesch Zaldotin, déi vum leschten Asaz a Syrien e schwéieren Trauma zeréck behalen huet. Si gëtt op Nice transferéiert, do wou och d'Mamm an d'Schwëster wunnen.

Schwéier arméierte Pëllenjunkie

Hir nei Missioun: op ëffentleche Plaze patrulléieren als Ofschreckung vu potentiellen terroristeschen Attentater. Wien an deene leschte Joren a Frankräich gereest ass, dierft se nach an Erënnerung hunn, dës scho beandrockend, schwéier arméiert Zaldoten a Kaki a Bottinnen, déi zu dräi-véier d'Ëmfeld vun Touristen-Attraktiounen iwwerwaachen. Hir Presenz gëtt am Film och net weider problematiséiert: si sinn en Deel vum Dekor ginn.

D'Klara ass also eent vun hinnen, stolzéiert grad esou souverän iwwert d'Promenade des Anglais. Mee deen Androck täuscht: fir hire posttraumatesche Syndrom eenegermoossen ënner Kontroll ze hale schléckt si permanent staark Pëllen. Dat si sécherlech net déi beschte Viraussetzunge fir eent, dat mat engem Kampfgewier duerch d'Stroossen zitt obwuel et Schwieregkeeten huet, fir tëschent der Realitéit an enger traumatescher Krichssituatioun z'ënnerscheeden!

Definitiv aus der Rei danzt d'Klara, wéi hir méi jonk Schwëster no engem Owend an der Disco vergewaltegt an zerschloe gëtt, an dowéinst am Koma läit... De Verdacht fält séier op de Fils vun engem russeschen Oligarch, ier deen da selwer an d'Viséier vun der weiblecher Kampfmaschinn geréit.

Legitimatioun vun der Selbstjustiz

An där Ofrechnung ënner Russen a Form vu kuerzem Prozess zéckt een als Spectateur net laang: tëschent enger zwar duerchtrainéierter mee psychesch fragiller Aussesäiterin a Gangsteren, déi sech un hirer Famill vergraff hunn ouni ënner deene geréngste Gewëssensbëss ze leiden, sinn d'Sympathiepunkte séier verdeelt.

Virdrun däerf d'Klara wéi selbstverständlech dem Oligarch seng perséinlech Wiechter zu Krëppelen zerfachen oder einfach wéi Schéissbudefiguren ofknallen. Iwwert déi legitim Strof decidéiert de Rächer oder d'Rächerin am Vigilante-Genre jo bekanntlech selwer...

Wien elo mengt, hei eng Zort Luc Besson oder Quentin Tarantino zerwéiert ze kréien, dee gëtt enttäuscht. Ofgesinn dovun, datt d'Dialogen op de strikte Minimum reduzéiert sinn (bei engem Tarantino onméiglech!), bitt "Sentinelle" einfach nëmme puer Gewalt ouni d'Distanz vum Humor oder wéinstens vum Stil.