Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Where life is rough and bold

Literatur

Where life is rough and bold

Den Tom Hengen, Laureat vum Nationale Literaturconcours 2011, huet elo en zweete Gedichtband verëffentlecht. "Journeys into modern mythologies'' (Black Fountain Press) ass eng kontrastéiert spirituell Rees.

auto_stories

5 min

D'Mënschheet ass eng Villfalt, déi als Chaos erlieft gëtt an awer, duerch universell Liewenserfarungen, eng Eenheet forméiert. Esou ongeféier kéint een dem Edward Steichen seng Fotoausstellung ''The Family of Man'' resuméieren :

"Individual mass, modern mess,

Fractured in their togetherness".

Dee Message huet och den Tom Hengen dorausser distilléiert. Säi Recueil ''Journeys into modern mythologies'' (Black Fountain Press) bezitt sech a sengem éischte vun dräi Deeler ausdrécklech op déi Fotosammlung. ''The Memorable Journey'' - sou ass déi éischt a kierzte Sektioun vum Buch iwwerschriwwen - ass och déi manner perséinlechst. Eng Zort Aleedung, déi beim Lieser, deen d'Ausstellung kennt, déi eng oder aner Foto nees dierft an Erënnerung ruffen.

De Mënsch, sou kleng, sou grouss

Den Auteur annoncéiert hei eng Rei Grondiddien, déi méi spéit wäerten entwéckelt ginn : Gebuert an Doud, d'Zäit, déi sech a Vergaangenheet/Géigewaart/Zukunft deklinéiere léisst, oder awer d'Form vun der Onendlechkeet unhëlt. Et ass de Mënsch, deen duerch d'Gebuert Liewe ka ginn, a mat der Atombomm d'Liewen nees zerstéiere kann. Mee:

''Killing is not necessarily

The opposite of

Giving birth''.

Den eenzele Mënsch ass weider näischt ewéi e Stëbskär, an hirer Eenheet sinn d'Mënschen ewéi eng Wollek :

''A dust cloud

Is a dust cloud,

Is what our stories

Are about''

Liewen als Schluechtfeld

Den zweeten Deel, ''Pirates and Slaves'', spillt sech an enger däischterer, irreeller Welt of, mat Draachen an Dämonen, Märelen, Wierm a Fliedermais. Eng Landschaft, déi ausgesäit wéi an engem Albdram, dominéiert vun engem stiermesche Mier, engem vu ''winds of decay'' perturbéierten ''ocean of despair'', virun deem sech bedreelech ''Thunderstorm Mountains'' profiléieren.

D'Hell kann och déi ganz reell Zich vun enger Wüüst an Arabien unhuelen, wéi dem Tom Hengen säin Hommage un de saudeschen Dichter Ashraf Fayadh weist. D'Doudesstrof, déi fir seng reliounskritesch Aussoe gesprach gi war, gouf an eng Prisongsstrof plus 800 Peitscheschléi ëmgewandelt.

Déi eenzel Séil muss am Tom Hengen senger cauchemardesquer Welt leiden, si ass geplot vu ''suffocating memories''. An awer leescht se Widderstand. Et ass en erbatterte Kampf géint d'Schicksal. D'Séil wëll sech och vun enger gequäälter Sexualitéit a vun der Laascht vun der Vergaangenheet befreien. D'Liewen als Schluechtfeld - mat Militärmetaphere bréngt den Dichter déi Iddi zum Ausdrock :

''loyal armies of fiendish flames

To guide him out of his own darkness''.

Schwaarz Romantik

Gläichzäiteg geet vun dëser onheemlecher Welt och eng gewësse Faszinatioun aus, wéi an der schwaarzer Romantik vum Ufank vum 19. Joerhonnert. Fir de lyreschen Ech bidden déi primitiv Ängschten duerchaus och Gebuergenheet (''In whose company i feel at home''), wärend d'Baussewelt als Menace ugesi gëtt :

''You resent the world around you

denying what denies you''.

Den Doud selwer gëtt dogéint als Viraussetzung vu weiderem Liewe begraff :

''death is just a seed

from which new lines spring forth''.

Stilistesch ginn déi heefeg Alliteratiounen den Texter am zweeten Deel e martialesche Rhythmus, dee gutt bei d'Thematik passt - hei gëtt sech de Poetry slammer z'erkennen :

''Sudden sorrows seize the sorry soul,

Seeking stiff surrender with silent sticks.

The ticking time tempts the toughest turns,

Through tweaks throughout the tumult.

You usurp yourself beyond all your yesterdays,

Yeasty years yell in yellowed unison.''

Papp a Jong, glaïchberechtegt

Mat der drëtter a leschter Sektioun vum Recueil - "Songs of a Travelling Mind" - verloosse mer dann déi däischter an irreell Séilelandschaften. Den Auteur hëlt eis mat a Schottland, Irland, Wales, op Bréissel, an dann och op Korsika. De Bléck riicht sech op den oppene bloen Himmel, wou Méiwen an Äisvulle fléien, op dat oppent blot Mier : ''Where life is rough and bold/Is where i truly breathe''. Eng Befreiung, also.

Et ass eng Inselwelt, wou Vergaangenheet a Géigewaart zesumme kommen, an där esou eppes ewéi Onendlechkeet kann erlieft ginn, an zwar net méi vun der eenzeler Séil, mee vun zwou Existenzen. Hei ass et e Papp a säi Jong, eng gläichberechtegt Bezéiung:

''Fatherhood stripped of authority,

Communion of equal minds

At various stages of experience.''

Eng d'Relatioun, an där den Erwuessenen nach éischter op d'Kand lauschtert :

''Instinctive intimations of youth

Unbruise the wounds of age.

I suck up his advice

To measure my doubts

And borrow that wisdom

To just let go.''

Mee Wierder brauchen eigentlech keng ausgetosch ze ginn :

''The silence between us, soul soothing,

Communicating looks and clicks,

No words lost, beautiful perfection.''

Och wann am Laf vun de Gedichter och emol déi al griichesch Mythologie an eng Rëtsch vu moderne Referenzen ewéi dem Melville säi Moby Dick, dem Géricault säin Tableau ''Radeau de la méduse'' oder de Ratefänger vun Hameln evoquéiert ginn, kéint et gutt sinn, datt den Dichter hei virun allem seng eege Mythologie begrënnt huet. Dem Tom Hengen seng ''Journeys into modern mythologies'' hannerloossen op jiddwer Fall beim Lieser kontrasträich Biller am Kapp.