Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie mat wiem?

Theater

Wie mat wiem?

Net all Wourecht ass och gutt matgedeelt ze ginn. Dat ass de Message vum Florian Zeller sengem "Le Mensonge", dat den Ament am Mamer Kinneksbond ze gesinn ass. De Frédéric Braun war sech d'Stéck ukucken.

auto_stories

4 min

D'Alice huet beim Akafen de beschte Frënd vu sengem Mann dobäi beobacht, wéi hien enger aner Fra wéi seng eege kësst. Dat ass dann och de Gronn firwat hat keng Loscht huet senger Mann säi beschte Frënd mat senger Fra owes bei sech anzelueden, obwuel dat esou geplangt war. Et huet e bësse gedauert bis hat sengem Mann de wierkleche Gronn fir seng Onloscht genannt huet. Wéi deen dat gewuer gëtt, muss hien als éischt laachen? Säi beschte Frënd soll eng mat enger anerer Fra lafen hunn?

Dat kann hie sech beim beschte Wëllen net virstellen, dofir si si vill ze no. Wann deem esou wier, mengt hien, dann hätt hien him bestëmmt dovunner erzielt. Huet en awer net. Hien ass frou mat senger Fra a géif esou eppes ni maachen, verséchert dem Alice säi Mann. Ausserdeem, wann et dann esou wier, géing dat seng Fra jo och näischt un, mengt hien. Wéi, dat geet hat näischt un? freet d'Alice. Majo, mengt säi Mann, heiansdo wier et ebe besser wann een näischt soe géing.

Tëscht Wourechten a Rechtfäerdegungen

Net all Wourecht ass och gutt gesot ze ginn, dat ass d'Theema vum Florian Zeller sengem Stéck "Le Mensonge" dat zanter leschter Woch am Kinneksbond zu Mamer ze gesinn ass, mat an den Haaptrollen d'Véronique Fauconnet als Alice, den Olivier Foubert als säi Mann an op där anerer Säit dem Raoul Schlechter als beschte Frënd an dem Colette Kieffer als seng Fra, déi schlussendlech awer op Besuch kommen.

Et dauert awer net laang, dann huet d'Alice och scho sengem Mann säi Verbuet, déi ganz Saach den Owend iwwer fir sech ze behalen, iwwergaangen. Wéi hien da reagéiere géif, freet d'Alice sengem Mann säi beschte Frënd, wann hien eng bekannte Persoun dobäi beobachte géif wéi se friem geet? Dat wier him haut nämlech passéiert.

D'Alice huet offensichtlech Schwieregkeeten dat Ganzt fir sech ze behalen an huet sech déi ganzen Zäit gefrot, ob hat där anerer Fra eppes soe soll oder net. Op d'Gäscht vum Alice a sengem Mann wierkt dat ganzt iergendwéi komesch.

Wat hat da nëmmen hätt haut den Owend wëll d'Fra wëssen. Hat wier dach soss net esou. Dat léich ganz bestëmmt un där Presentatioun, déi hat fir deen aneren Dag virbereede misst, erkläert säi Mann, sichtlech dorëm beméit d'Diskussioun an eng aner Richtung ze lenken. Wann d'Invitéen bis fort sinn, gëtt hien zou: hie war am Bild iwwer sengem beschte Frënd seng Affär. D'Alice fält aus alle Wolleken. Wann hie säi Frënd beschützt, wat fir eng Garantie huet hat dann, datt säi Mann net selwer litt an him friem geet.

Hie versicht nach verzweiwelt sech ze rechtfäerdegen, verstréckt sech ëmmer méi a Widderspréch, déi d'Alice him ënner d'Nues reift a gëtt schlussendlech eng Bezéiung zou. Hien hätt hatt jo gewarnt gehat, datt et heiansdo besser wier verschidde Saache fir sech ze behalen, seet hien zu senger schockéierter Fra. Ech verloossen Dech, seet hat.

Boulevard-Theater vu virun 100 Joer

Hie wäert dës Nuecht um Canapé verbréngen an deen aneren Dag mat ganzer schlechter Stëmmung erwächen. Seng Fra awer mengt elo, si géif hie verstoen an datt hie Recht hätt. Si hätt him och eppes ze beichten. Si hätt och eng Affär gehat - mat sengem beschte Frënd. Dem Alice säi Mann versteet d'Welt net méi a sicht Trouscht bei sengem Kolleeg, deen him verséchert datt näischt war a seng Fra sech nëmmen un him räche wollt.

Mee den Zweiwel huet elo d'Iwwerhand geholl. Wie litt, wie seet d'Wourecht a wien huet hei wat fir eng Geheimnisser? Dem Florian Zeller säi Stéck "Le Mensonge" gouf a Frankräich mam Pierre Arditi an der Roll vum Mann vum Alice opgefouert.

An der Inzenéierung vum Aude-Laurence Biver, déi dëser Deeg ze gesinn ass, iwwerzeegt den Olivier Foubert als lackere Bon-vivant, deen de Mond net hale kann an esou Opfer gëtt vu sengem eege Spill, well eng Roll spillen dat maache mer alleguerten. Dat schéngt zumindest de Message ze si vum Florian Zeller, deem säi Film The Father deemnächst am Kino ze gesinn ass an dëst Joer en Oscar krut. "Le Mensonge" wierkt dogéint wéi Boulevard-Theater vu virun 100 Joer. Deementspriechend schnell langweilt ee sech bei där all ze previsibeler Handlung vum Stéck, dat ausser dem Olivier Foubert och schauspilleresch net alles bitt.