Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou ass deen Techniker?!

Offiziell Kompetitioun

Wou ass deen Techniker?!

Eng minimalistesch Mise en scène a subtil-dréchenen Humor zeechnen "The Announcement" (Anons) aus. Den tierkesche Film iwwert ee versichte Militärputsch kéint duerchaus een aktuelle Bezuch hunn ...

auto_stories

3 min

Tierkei, Mee 1963. Während an der Haaptstad Ankara grad ee Militärputsch leeft, hu gradéiert Zaldoten zu Istanbul d'Missioun, de Coup via de staatleche Radiosender ze annoncéieren. Allerdéngs hu si eng Rei wichteg Detailer net mat ageplangt ...

Dem tierkesche Realisateur Mahmut Fazil Coşkun säin drëtte Long-métrage "The Announcement" (Anons) gëtt als Drama, respektiv historesch Satir ugekënnegt. De Film als Komedie ze bezeechne wier vläicht ze wäit gegraff, an awer: d'Putschiste vun 1963 ginn ouni Zweiwel an d'Lächerlecht gezunn.

Decalage tëschent Usproch a Realitéit

Grotesk ass virop de Verlaf vun hirer Missioun, déi si net zu Ankara, mee am manner wichtegen Istanbul ze erfëllen hunn. Vun hirem Zil, nämlech ee Message am Staatsradio duerchzeginn, gi si no an no duerch ganz praktesch Contrainten, där hir Léisung weider Contraintë mat sech bréngt, ofbruecht.

Den Effet vun der Komik kënnt dann och zustanen duerch den Decalage tëschent dem Usproch vun de Putschisten an deem, wat tatsächlech um Ecran ze gesinn ass. Ee Putschversuch ass - kéint ee mengen - ëmsou méi effikass, datt e séier a mat Determinatioun duerchgeféiert gëtt.

De Montage an d'Kameraféierung suggeréieren awer alles aneschters wéi Dynamismus: et ass een Uneneereie vu méi oder manner laangen, fixe Plan séquencen, mat mol dräi, mol véier Personnagen am Bild, déi sech selwer net vill beweegen a gréisstendeels iwwer Niewesächlechkeete schwätzen, wann iwwerhaapt ...

Determinéiert si se, d'Putschisten, op d'mannst emol hirem eeschte Gesiichtsausdrock no ze beuerteelen - grad dat wierkt erëm ridicule. Déi duerch an duerch minimalistesch Mise en scène (sou dréche wéi ee Martini) verstäerkt, duerch de Kontrast, ëmsou méi d'Komik vun all Dialog, deen nëmmen usazweis witzeg brauch ze sinn.

Kritik un der aktueller tierkescher Regierung?

D'Lëscht vun de Militärputschen, respektiv Putschversich an der Geschicht vun der tierkescher Republik ass laang. Nach am August 2016 war ee Versuch verhënnert ginn. Kritiker no huet den aktuellen tierkesche President Erdogan d'Geféierlechkeet vun deem Evenement iwwerdriwwe fir et kënnen auszenotzen, dat heescht eng ëmmer méi autoritär Kontroll iwwer d'Land ze justifiéieren. De satireschen Traitement vum 1963er Putsch kéint, iwwer d'Band, als Kritik un der aktueller Regierung interpretéiert ginn.

Wéinst senger konsequent minimalistescher Ästhetik kéint "The Announcement" déi Spectateuren ofschrecken, déi sech nëmme fir Komedië voller Schwong a Slapstick interesséieren. Belount ginn dogéint all déi, déi op méi subtillem Humor stinn an déi néideg Gedold investéieren.


"The Announcement" leeft nach zweemol: en Dënschdeg, 12. Mäerz, um 18.30 am Utopia an e Mëttwoch, 13. Mäerz, um 21h an der Cinemathéik.