Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Kaili

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Written by Water" ass an dréchenen Dicher

Konschtbiennale

"Written by Water" ass an dréchenen Dicher

Corona hat jo bekanntlech och de renomméierte Biennalen vu Venedeg e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Si sinn ëm ee Joer verréckelt ginn: d'Architekturbiennale soll elo am Mee 2021, d'Konschtbiennale am Abrëll 2022 Vernissage hunn. 2019 war de Konzeptkënschtler Marco Godinho fir Lëtzebuerg mat dobäi. Enn des Joers koum eng Publikatioun iwwer seng Participatioun eraus.

auto_stories

2 min

Dem Marco Godinho seng Inspiratiounsquellen: d'Lecture an d'Reesen. An, bedéngt duerch säi Virwëlz a seng Oppenheet, d'sech Verlafen an Zäit a Raum fir dann am Dialog, am Echange, duerch seng Konscht Iwwerleeungen ze deelen.

Vum Waasser geschriwwen

Den Haaptaccent vu sengem Projet fir Venedeg louch op der monumentaler Rauminstallatioun "Written by Water": op der Sich no den Erzielunge vum Mier, no Geschichten, déi do ënnergaange sinn, no rezenten Tragedien oder Traditiounen, déi Mënschen zanter Urzäite mam Ozean am mediterrane Raum deelen, ass de Marco Godinho zanter 2013 ni ouni eidele Carnet bei d'Mier gaangen.

D'Hefter huet hien ënner Waasser gezappt an d'Welle schreiwen, sculptéiere gelooss. 3.000 verformte Bichelcher louchen zu Venedeg op engem risegen hëlzenen Hang, wéi fir ze Dréchnen.

Zwee weider Exponaten: fir de Video "Left to Their Own Fate" hat de Kënschtler säi Brudder, de Schauspiller Fabio Godinho, gefilmt, wéi HIen dem Mier, op verschiddenen emblematesche Küsten, zum Beispill zu Gibraltar, Schlësseltexter affert, also an d'Welle gehäit. An d'Aarbecht "See Another Sea" war um Enn op esouvill Gedichter op T-Shirte wéi Ausstellungsdeeg gewuess.

An der Publikatioun "Written by Water" sinn net just d'Genèse vun de Wierker, oder hir Wierkung am Ausstellungsraum fotografesch dokumentéiert. Et fënnt een och Opname vu fréiere Kreatiounen, respektiv Expoen.

Zum Beispill d'Wollekeformatiounen, déi de Marco Godinho reegelméisseg mat engem klenge Stempel mam Schrëftzuch "forever Immigrant" op frësch wäiss gepinselt Kulturhaisermaueren zaubert, an déi de béise Bléck eventuell instinktiv als Schëmmel ofwäert. Do dernieft fënnt een och fotografesch Impressioune vun den Ausstellungsdeeg mat Public.

D'Buch weess ze iwwerzeegen

D'Konschtbuch "Written by Water" ass vun der Konzeptioun hier zimmlech klassesch opgebaut. Fotoen am Wiessel mat Texter vu Konschtexperten, engem Philosoph, aneren Denker, déi iwwer hire perséinleche Kontakt zum Kënschtler schreiwen, seng kënschtleresch Parallellen zu bekannten Artisten, Literaten, analyséieren.

Mee den Inhalt selwer, haaptsächlech d'Fotoen an hiert Zesummespill sinn iwwerzeegend. Eng Hellewull stame vum Marco Godinho perséinlech. Vu datt hien net just Konscht, mee och Culture visuelle an Typographie a verschiddenen europäesche Stied studéiert hat, huet hien e gudde Bléck dofir.

Dat mat de Studien, oder datt hien als Kand eng Aart Konscht-Cabane op der Daachterrass vu sengen Elteren opgeriicht hat, gëtt een iwweregens um Wupp vum Buch gewuer: amplaz vun enger 0815-Kënschtlerbiografie huet dem Marco Godinho seng Fra, d'Illustratrice Keong-A Song, säi Wee an hirem eegene Stil illustréiert.

Glécklecherweis net ausschliisslech "by water", mee mat schwaarzer Tusch an enger Pouz schwaarzem Humor.