Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"

CinEast

"Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"

Am Kader vum CinEast-Festival gouf an der Banannefabrik den Documentaire "Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body" vun der serbescher Regisseurin Marta Popivoda gewisen. Masseperformancen hunn zum Bild vum Tito-Jugoslawien gehéiert, d'Popivoda huet se an dësem Film zesummegestallt fir déi hypnotiséierend Wierkung vun der sozialistesch-kommunistescher Ideologie ze weisen.

auto_stories

3 min

De 25. Mee - den "Dag vun der Jugend" ass dem Josip Broz Tito säi Gebuertsdag genannt ginn, den deemolege jugoslawesche President op Liefzäit hat deen Dag zu sengem Gebuertsdag deklaréiert, well de 25. Mee 1944 vun den Nazien aus eng Offensiv gestart ginn ass fir den Tito ëmzebréngen.

Een Dag, deen net just an déi jugoslawesch Geschicht agaangen ass. Op alle Fall war de 25. Mee ee vun de wichtegste Feierdeeg an der sozialistescher federativer Republik. Titova Štafeta - dem Tito seng Staffel - ass am Virfeld vum Feierdag duerch ganz Jugoslawien, op enger Stréck vun 9.000 Kilometer, gedroe ginn, an dat vun 1945 un. Dëst éiwegt Feier, dat Léift a Solidaritéit symboliséiert huet, ass dann de 25. Mee dem Tito iwwerreecht ginn.

Den Tito huet d'Staffel am deemolege Stadion vun der Volleksarméi zu Belgrad entgéint geholl an um Terrain sinn déi beandrockendst Danzperformancë mat Dausende vun Dänzerinnen an Dänzer opgeféiert ginn.

Nieft dësen Danzparadë weist d'Marta Popivoda Opname vu Festivitéite vum 1. Mee, Studentenopstänn vun 1968, de Bloen Zuch, deen 1980 dem Tito seng Läich vu Ljubljana op Belgrad bruecht huet an d'uschléissend Begriefnes. Dann dem Slobodan Milošević seng Ried am Joer 1989.

Vun der Musek an Danz-Festivitéiten, op eng absolut Rou, dem Tito säin Doud op bedrohlech Wierder, dem Milošević seng Kosovo-Ried.

E Film, deen Erënnerungen erwächt

Si wier eng vun de leschte Pionéier vum Tito gewiescht gewiescht, erkläert d'Regisseurin am Film a si hätt 1989 d'Versprieche ginn, ëmmer fir Bridderlechkeet an Eenheet ze suergen. Am selwechte Joer huet de Milošević mat enger Ried op d'Enn vu Jugoslawien higewisen, an dat hätt si och zu dësem Film motivéiert.

Et ass e Film, deen duerch seng authentesch Opname vill Erënnerunge bei deenen erwächt, déi sech mol Jugoslawinnen a Jugoslawen nenne konnten.

D'Biller, d'Musek, d'Versprieche vun de Pionéier, vum Vollek, den Doud vun engem Diktator, deen awer laang Jore mat sengem Charisma a senger Intelligenz vill Mënschen un dat Jugoslawien gleewe gelooss huet, si pakend. Ëm sou méi gëtt een da gerëselt beim Milošević sengem Optrëtt.

En Documentaire, bei deem aus dem Off der Regisseurin hir Stëmm kënnt. D'Marta Popova ass 1982 gebuer, den Tito huet si net méi erlieft, mee seng Staffel ass nach bis 1988 duerch Jugoslawien gaangen an ass dann um Stadion dem Vollek iwwerreecht ginn.

D'Marta Popova trauert an hirem Film manner dem Tito no, awer der Iddi vun der Solidaritéit, vun der Bridderlechkeet an der Eenheet. Si freet sech an de Publikum, wat de wëlle Kapitalismus dem Vollek Guddes brénge soll.

Et ass eng philosophesch, politesch an emotional Ausenanersetzung mam Villvëlkerstaat Jugoslawien a sengem Zerfall.

D'Dänzerin Piera Jović huet während engem Deel vum Documentaire hir eege Performance op der Bühn presentéiert. Eng interessant Iddi, mee absolut iwwerflësseg, d'Biller an d'Wierder vun der Marta Popivoda hate genuch Kraaft, Dynamik a Bedeitung. All weider Präsenz konnt do just stéieren.