Radioen

On air

De Moien  |  Die Sterne - Die Welt Wird Knusprig

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zäitgenëssesch Konscht an hir historesch Sourcen

"The Perceiving Body" am Mudam

Zäitgenëssesch Konscht an hir historesch Sourcen

D'Konschtstiler Minimalismus oder Land-Art hu beim breede Public net wierklech breede Succès. Si sti fir Reduktioun, geometresch Strukturen, Logik, wierken onperséinlech. D'Ekipp vum Mudam huet decidéiert, datt et hir Flicht ass, d'Vertrieder vun dëse Stréimunge méi bekannt ze maachen. Aktuell mat der Ausstellung "The Perceiving Body" vum amerikanesche Kënschtler Robert Morris.

auto_stories

3 min

Dem Robert Morris säi Wierk ass onwarscheinlech villfälteg, eventuell mat ee Grond, firwat den Numm als Mark bei der Mass net hänke bliwwen ass. Dobäi zielt hien zu de wichtegste Vertrieder vum Minimalismus. De Morris koum 1931 zu Kansas City, am Missouri, op d'Welt, huet do ufanks Ingenieurwëssenschafte studéiert, spéider da Konscht a Konschtgeschicht zu San Francisco, Oregon an New York. Tëschent 1951 an 1953 war hie gezwongen, eng Paus anzeleeën, an zwar wéinst sengem Asaz als Zaldot a Korea. No dëser Period huet hien an den 1960er ugefaangen, méigleiseg ze fueren: als Moler, Sculpteur, Land-Art-Kënschtler, mee hien huet och den Improvisatiounstheater an de Film genotzt, fir sech kënschtleresch auszedrécken.

De Robert Morris huet un d'Diskussioun ronderëm d'Konscht gegleeft, war Héichschoul-Enseignant an huet Essaie publizéiert. D'Expo am Mudam, déi fréi skulptural Aarbechten aus den 1960er an 1970er weist, ass nach am Dialog mam Morris kuerz viru sengem Doud 2018 entstanen, esou den Ausstellungskoordinator vum Mudam Clément Minighetti.

D'Ausstellung hätt en historeschen a kee retrospektive Charakter. Am Mudam wéilt een déi zäitgenëssesch Konscht mat hiren historesche Sourcë konfrontéieren, an esou dem Visiteur Perspektiven opmaachen, mat deenen hien d'Enjeuxe vun der zäitgenëssescher Konscht besser versteet. D'Ausstellung konzentréiert sech ganz bewosst op eng relativ kuerz Zäitspan, obschonns de Morris um Enn eng laang Kënschtlerkarriär opweises hat, seet den Ausstellungskoordinator.

Foto: Mudam

De Robert Morris zielt mat senge Skulpturen aus industrielle Materialie wéi Fiberglas, Metall, graffem Filz, Spärholz keng Anekdoten, mee et geet ëm eng Experienz, d'Decouverte vu Substanzen, vu Changementer vun der Luucht, Reflexiounen. De Visiteur gëtt esou selwer zum Acteur, souzesoen zu enger Figur am Morris sengem Impro- an Danztheater a pirouettéiert doduerch ronderëm d'Konzept vun der "Presentness", also der Presenz am "Hei an Elo", esou d'Directrice vum Mudam, d'Susan Cotter.

En zäitgenëssescht Konzept

Et handelt sech ëm eng Ausstellung zum Thema Skulptur, zum Thema Perceptioun, a wéi mir e Konschtwierk als eng Interventioun am Raum verhandelen, sou d'Susan Cotter. D'Period, an där dës Wierker entstane sinn, géif fir eng nei demokratiséiert Form vu Konschtschafe stoen, an dat géif se esou relevant maachen. Fréier wier d'Konscht fir eng Elite gewiescht, mee vum Morris senger Zäit un, hätt de Gros vun de Kënschtler d'Allgemengheet an hir Konscht mat abezéie wëllen, respektiv hiert Engagement fir d'Welt kloer maachen. Dowéinst wier "Presentness" en immens zäitgenëssescht Konzept, esou d'Susan Cotter.

Foto: Mudam

Vu datt d'Robert Morris Expo "The Perceiving Body" ambitiéis geduecht war, war de Mudam frou iwwer all Zort vun Ënnerstëtzung. Curateur vun der Ausstellung ass den amerikanesche fräischaffende Curateur a Konschtkritiker Jeffrey Weis. Et gouf mat enger Konscht-Fondatioun zesummegeschafft, déi hir Siègen zu Chicago a Paräis huet a versicht, amerikanesch Konscht bis 1980er méi bekannt ze maachen. An et handelt sech ëm eng Collaboratioun tëschent dem Mudam an dem Musée d'art moderne et contemporain vu Saint Etienne, also deem Musée, deen 1974 déi éischt Robert-Morris-Ausstellung a Frankräich organiséiert hat.